Search

You may also like

Schnëssstécker an der Chamber
Neiegkeeten

Schnëssstécker an der Chamber

Et ass schonn esou net einfach an awer schéngt een

Bulgarien: Stroossespäre géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser
Neiegkeeten

Bulgarien: Stroossespäre géint d‘Erhéijung vun de Spritpräisser

Um Sonndeg hunn dausende Bulgaren, déi grouss Stroossen-Achsen a Grenziwwergäng

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik

Nodeems den eenzegaartegen Duo CHAiLD & MAZ mat der Single

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten

E Méindeg huet den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) op d’Iwwerreechung vum Bauhärepräis OAI 2020 invitéiert. Méi wéi 250 Projete goufen agereecht an an 9 Kategorien ënnerdeelt. D’Stad Lëtzebuerg ass fir 5 Projeten ausgezeechent.

Fir säi Projet vum sozialen an generatiounsiwwergräifende Wunnraum an der Mühlenbacher Strooss konnt d’Stad Lëtzebuerg an der Kategorie „kollektive Logement“ iwwerzeegen an esou de Bauhärepräis OAI 2020 ofstëbsen. Och de Panoramalift vun der Uewerstad an de Pafendall huet iwwerzeegt an de Spezialpräis an der Kategorie „Accessibilitéit“ kritt.

Dobäi komme jeeweils eng Mentioun an der Kategorie „Konscht- an Infrastrukturwierker“ fir de Skatepark Péitruss an d’Waasserschlass um Ban de Gasperich.

D’Buergermeeschtech Lydie Polfer weist sech immens houfreg iwwert dës Auszeechnungen an de verschiddenste Beräicher. „Dës Präisser a Mentioune beweisen d’Qualitéit vun eisen Architektur- an Infrastrukturprojeten a bedeiten eng Unerkennung vun de Beméiunge vun der Stad als Bauhär. All Projeten, déi un dësem Owend e Präis kruten, ënnerscheede sech duerch hir eenzegaarteg Architektur déi sech gläichzäiteg perfekt an eist urbaant Ëmfeld vun der Haaptstad integréiert.“

Folgend Projeten huet d’Stad Lëtzebuerg als Bauhär agereecht gehat:

  • Kategorie „Kollektive Logement“:
    • Sozialen a generatiounsiwwergräifende Logement (44,, Rue de Mühlenbach, Lëtzebuerg-Eesch) (Laureat)
    • Residenz mat 4 Sozialwunnengen am Pafendall (11, val des Bons-Malades, Pafendall)
  • Kategorie „Banneschten Amenagement“:
    • Rehabilitatioun an Transformatioun vun der aler Moschterfabrik (Muerbelsmillen) am Pafendall
  • Spezialpräis „Accessibilitéit“:
    • Panoramalift Pafendall-Uewerstad (Laureat)
  • Kategorie „Konscht- an Infrastrukturwierker“:
    • Skatepark Péitruss (Mentioun)
    • Waasserschlass Ban de Gasperich (Mentioun)
    • Panoramalift Pafendall-Uewerstad (Mentioun)
  • Kategorie „Gebai mat edukativem, kulturellem oder sportlechem Notzen“:
    • Precoce a Spillschoul mat Foyer mat Solardaach (19, rue Charles IV, Belair)
    • Städtesch Crèche (20, rue d’Orval, Belair)
    • Ausbau vum Schoulgebai (25, rue Antoine Meyer, Hollerech)

Alleguerten d’Laureaten fannt Dir op bhp.lu/laureat-projects.

Opmaacherfoto: De Panoramalift vun der Uewerstad-Pafendall © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Accessibilitéit, Auszeechnung, Bauhärepräis OAI 2020, Kollektive Logement, Logement, Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils, Pafendall, Panoramalift, Péitruss, Skatepark, Sozialwunneng, Stad Lëtzebuerg, Waasserschlass
Next post Previous post