Search

You may also like

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019
Neiegkeeten

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck
Neiegkeeten

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck

D’Lëtzebuerger Qualitéitsportal ILNAS informéiert doriwwer, datt déi antimikrobiell FFP2 Mond-Nuesschutz-Masken

2019 gëtt d’Zuchverbindung mat Däitschland verbessert
Neiegkeeten

2019 gëtt d’Zuchverbindung mat Däitschland verbessert

Dat wäert net nëmmen d’Grenzgänger freeën: Am Dezember 2019 soll

Bauprojet beim Josy Barthel – Är Meenung ass gefrot!

„Wunnquartier Stade“ op der Areler Strooss

Bauprojet beim Josy Barthel – Är Meenung ass gefrot!

De Stade Josy Barthel an déi Beräicher ronderëm sollen an Zukunft Plaz fir en neie Wunnquartier schafen. Tëscht 1.500 an 2.500 Leit sollen do hiert neit Doheem fannen. No enger éischter Phas huet d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Méindeg 7 Bauprojeten als Iddi virgestallt, wéi dëse Wunnquartier ausgesi kéint. Bis den 1. Februar 2020 kënnen d‘Bierger hire Feedback am Biergerzenter ofginn a weider Iddien abréngen.

Wéini dësen ambitiéise Projet endgülteg realiséiert gëtt, léisst sech den Ament nach net soen. D‘Lydie Polfer huet erkläert, datt et nach ze fréi wier, en Datum ze verkënnegen. Ze vill Facteuren hänken do mat drun. Esou muss beispillsweis den Hygiènesdéngscht nach en neie Site kréien an och soulaang den neie Stadion nach net fäerdeg ass, muss de Stade Josy Barthel mat senge knaschtege Sëtzschuelen a kraachenden Anlagen fir e puer Joer duerhalen. De Virdeel wier awer, datt 83% vum Terrain der Stad Lëtzebuerg gehéieren.

7 vu 35 Projeten zeréckbehalen

Lescht Joer am Mee gouf e Concours ausgeschriwwen, fir deen insgesamt 35 Dossieren anonym agereecht goufen. E Jury aus 17 Leit, besat mat politeschen Acteuren, Staatsbeamten an internationalen Experten, huet am Endeffekt no enger Rei Analysen 7 Projeten eestëmmeg zeréckbehalen.

Un dëser Stell soll awer nach gesot sinn, datt et sech bei dëse Projeten nach ëm Skizzen an éischt Entwërf handelt. Esou stinn nieft den eenzele Projeten kuerz a knapp hir positiv souwéi ausbaufäeg Aspekter, wéi se vum Jury – Stand elo – festgehale gi sinn. Esou gesäit een zum Beispill op verschiddene Pläng immens vill Gréngzonen, déi am Endeffekt awer wuel net sou realiséiert kënne ginn. Dofir soll een déi visuell Pläng als Skizz verstoen, erkläert de Laurent Langer, Jurymember a Chef vum Service Urbanisme.

De Laurent Langer, Chef vum Service Urbanisme, erkläert hei ee vun deene siwen ausgewielte Projeten. © Melvin Hatto/moien.lu

Critère bei der Ausschreiwung waren ënner anerem den Erhalt vun der Mémoire vum Site. Sou munch Gemidder dierft des Noriicht alt berouegen. Effektiv wier et schued, wann d‘Kasär vun de Pompjeeën, de Päerdsstall vum fréieren Hygiènesdéngscht an de Stadion einfach sou verschwanne géifen. Et soll en oppene Quartier ginn, oppe fir och aner Quartieren, mat enger zentraler Plaz, fir sech kënnen erëmzegesinn. Zousätzlech soll et Wunnenge fir sämtlech Schichte ginn, ënner anerem och fir abordabel Präisser an eng Partie Sozialwunnengen. An zu gudder lescht un e gutt ëffentlecht Verkéiersnetz a Vëlosweeër ugebonne sinn.

Biergerbedeelegung – Är Meenung ass gefrot!

D‘Lydie Polfer erhofft sech, datt vill Leit sech d‘Ausstellung vun den Bau-Iddien ukucke kommen an hir Meenungen dozou äusseren. Fir all Projet leien Ziedelen do, op deenen ee seng Kritik, Positives oder aner Ännerungen äussere kann. Wärend der Ausstellung wäerte Leit do sinn, déi engem weider Detailer liwwere kënnen.

Mat de Réckmeldunge vun de Bierger trefft de Jury sech dëse Mäerz mat deene siwe Projetsequippen (d‘Anonymitéit gëtt deen Ament opgehuewen). Hei ginn den Equippen d‘Iddien an d‘Meenunge vum Jury an de Bierger matgedeelt. Bis September 2020 sollen déi iwwerschaffte Projeten dann definitiv agereecht sinn.

Wann am Endeffekt ee Projet bis zeréckbehale ginn ass, muss doraus nach e PAP gemaach a vum Gemengerot ugeholl ginn. Et kann ee gespaant sinn, wien bis dohinner um Rudder sëtzt.

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer wënscht sech, datt vill Bierger sech um Bauprojet bedeelegen an d’Ausstellung besiche kommen. © Melvin Hatto/moien.lu

Ausstellung mat Biergerbedeelegung

Wéini?
Vum 21. Januar bis den 1. Februar 2020
Méindes-Freides: 08:00 – 17:00
Samschdes, de 25. Januar: 10:00 – 17:00
Samschdes, den 1. Februar: 10:00 – 12:00

Wou?
Am Biergerzenter (44, place Guillaume II / 2, rue Notre-Dame) am Zeremoniesall

Weider Informatiounen zum Projet fannt Dir hei.

Opmaacherfoto: 2007 huet de Stade Josy Barthel op der Areler Strooss nach esou ausgesinn. Cornischong (CC BY-SA 1.0)

Related topics Areler Strooss, Bauprojet, Josy Barthel, Lydie Polfer, Wunnquartier Stade
Next post Previous post