Search

You may also like

Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher
Neiegkeeten

Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher

Energieeffizient an ëmweltschounend ass dat neit Klärwierk zu Gréiwemaacher, wat

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen
Neiegkeeten

D‘Buchmesse zu Frankfurt beweist, datt vill d‘politesch Dimensioun vu Literatur ënneschätzen

Zu Frankfurt war et dëse Weekend alles anescht als roueg.

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?
Neiegkeeten

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

No enger Meldung vun natur & ëmwelt Asbl huet een

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

No 30 Méint Gestreits sollt et am Bausecteur endlech zu engem Kollektivvertrag kommen. Dat zumindest huet den OGBL-Zentralsekretär fir de Bausecteur, Jean-Luc De Matteis esou e Méindeg op der Pressekonferenz duerchblécke gelooss.

Ugefaangen huet alles am September 2016, wou et fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag fir d‘Salariéeën zu Verhandlunge komme sollt. D‘Patronat war mat de Fuerderunge vun de Gewerkschaften net averstanen, an huet wou et méiglech war „op Zäit gespillt“. Ufank 2018 waren d‘Verhandlungen an der Sakgaass gelant, wat de Patronatsvertrieder zougeschriwwe gëtt.

Gefuerdert gouf: eng Erhéijung vun de reelle Salairen, an d‘Ewechloosse vun der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit. Revendicatiounen déi vum Patronat verworf gi sinn, firwat et zum Stëllstand bei de Verhandlunge koum. Dat huet sech esou opgeschaukelt, datt esouguer vu Streik rieds war.

Leschte Mount, matten an der Conciliatioun, huet d‘Patronat seng Positioun „iwwerduecht“. Dat huet déi lescht Woch zu der Virlag vun engem Verhandlungsaccord gefouert. E Fait dee vum OGBL begréisst gëtt, well et waren nach just e puer Deeg bis zum Delai, deen eng Streik méiglech gemaach hätt. Datt et elo zum Sozialdialog komm ass, wann och räichlech spéit, ass erfreelech.

Duerchbroch: jo, Entscheedung: nee

Alles wat d‘Patronatsvertrieder bis dohinner kategoresch refuséiert hunn, schéngen se elo unhuelen ze wëllen. Eng gutt Nouvelle fir déi am Bausecteur ronn 18.000 beschäftegt Salariéeën. Méi an der Pai, besser Primmen an d‘Erhale vun den Aarbechtszäiten (ouni Flexibiliséierung). Alles Gutt?

De Jean-Luc De Matteis ass zefridden, datt déi wichtegst Revendicatioune vum OGBL sech am Accord erëmfanne loossen. Hie erënnert dann nach emol drun, datt d‘Patronat sengerzäit gefrot hat, wat si dann am „Tausch“ géifen erhalen, wourop deem huet misse verdäitlecht ginn, datt „et esou“ net funktionéiert, an et den Aarbechter ass, dee fir de Profit vum Patron schafft.

Elo soll d‘Patronat dat op emol verstanen hunn, firwat et zum Dialog komm ass. An dësem Kontext ass et ganz wichteg drop hinzeweisen, datt dësen „Accord“ net formell ass. D‘Gewerkschaft muss dësen nach vun der Basis „ofseene loossen“, an och d‘Patrone mussen dat formaliséieren.

Bei der Fedil këmmert sech de Pol Faber ëm dësen däregen Dossier. Hien ass hei eppes méi, wéi soll ee soen „virsiichteg“. Et hätt een nach net all Informatiounen zur Hand, déi et géifen erlaben dozou eng Stellungnam ofzeginn. Elo sollt een op den Avis vun de Gewerkschafte waarden. Op dann nach bis Enn vum Joer zu, Kollektivvertrag kënnt, dat steet op engem anere Blat.

Related topics Bausecteur, Conciliatioun, Fedil, Kollektivvertrag, OGBL
Next post Previous post