Search

You may also like

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung
International Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung

Beim ABC vun der Natur treffe mir op de Buschtaf

D’Enn vun der Onantasbarkeet
International Neiegkeeten

D’Enn vun der Onantasbarkeet

Dank #Metoo ass e Steen an d’Rulle komm, dee lues

Projet Patient Zero: Déi groussaarteg 6 vu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Projet Patient Zero: Déi groussaarteg 6 vu Lëtzebuerg

Si hunn hir Inspiratioun erausfléisse gelooss, all kreatiivt Puzzelstéck zesummegesat

D‘EU ënnert bayrescher Presidence

D‘EU-Asylpolitik ass esou erfollegräich wéi de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet grouss ass

D‘EU ënnert bayrescher Presidence

Eigentlech heescht et Richteg „ënnert däitscher Presidence“ mee et muss een eng Lanz fir den Horst Seehofer briechen. Den däitschen Inneminister a fréiere Ministerpresident vu Bayern, wollt déi däitsch EU-Presidence notzen, fir déi 27 Memberlänner zur Reform vum Asylrecht ze beweegen. Dat ass dem däitlech konservativ ausgeriichte Politiker dann awer net gelongen. Et dierf gestridde ginn.

Datt d‘Asylpolitik vun der EU dréngend reformbedierfteg ass, doriwwer streiden net emol déi vun der Demokratie an d‘EU-Parlament ageluede Faschisten. Woubäi schonn eng méi däitlech Iddi hu wéi esou eng Reform kéint oder misst ausgesinn. Mee net nëmmen an den europäesche Gremien an Institutioune klemmt et, och d‘Mëmberlänner selwer wëllen hei keng Eenegung erbäiféieren.

An esou ass och beim leschten „Treffen“ ënnert germaneschem Virsëtz näischt méi gelaf. Et sollt iwwert d‘Verdeelung vun Asyldemandeure/Migrante berode ginn, an den Horst Seehofer – aktuell ënnert Covid19-Quarantaine – ass vum parlamentaresche Staatssekretär Stephan Mayer (CSU) fir dësen Inneminister-Sommet ersat ginn. Hie stellt fest datt et „ënnerschiddlech“ Meenungen huet.

Solidaritéit an enger Unioun? Dat wier nei…

Fir de Mann aus der zweeter Rei, deem am Gesiicht ofzeliese war, datt hien alles wéi just keng Loscht, jo nach net emol Ambitiounen hat, läit de Problem am grousse Ganzen doranner, datt kee weess, wéi „Solidaritéit ënner Frënn“ misst ausgesinn. Verständlech, well eigentlech misst et jo och heeschen „Solidaritéit ënner Konkurrenten“. Mee gutt do verleeft ee sech séier an Detailfroen.

Elo huet d‘Politik awer seng Reegelen, an eng dovunner beseet ganz kloer, datt och wann näischt, mee absolutt näischt erreecht gouf, awer alles besser wéi virdrun ass. An esou huet de Stephan Mayer ganz androcksvoll erkläert, datt dank dem Horst Seehofer, der Bundesrepublik als Leader vun der Unioun, an de gudde Bezéiunge grouss Fortschrëtter a vill konstruktiv Usätz ginn huet.

Bedenklech Aussoen, well et geet net duer en Zuch op een ofgespaarte Gleis ze setzen, fir dann domm frech ze behaapten, et géif jo emol an déi richteg Richtung. Et ass och gelunn, datt sech d‘Stëmmung bei de Gespréicher verbessert hätten. Eenegung gëtt et bei der Bekämpfung vun der illegaler Migratioun, déi elo rezent net méi nëmmen ee griichesche/italienesche Problem ass.

Zesummenaarbecht mat Drëttlänner

Datt et ouni Migratioun net geet, wëssen och déi renitentst, wat erkläert, datt et elo zumindest eppes wéi eng gemeinsam Linn gëtt, bezunn op eng Kooperatioun mat Drëttlänner. Eigentlech ass dat net am Sënn vun dëse „Partner“, well et geet eendeiteg dorëms – esou wei dat mat „anere“ Ressourcen oder Produktiounsmëttel leeft – dëse Länner hir intelligent Käpp ofzezweigen. Dat ass och Europa.

Ënnert dësem Gesiichtspunkt sollt ee sech freeën, datt et keng Fortschrëtter ginn huet. Dat ass esou an der Politik – wéi schonn ugedeit – natierlech net presentabel an den Horst Seehofer hat nach am November zum Ausdrock bruecht, datt een zu Berlin zouversiichtlech ass, ee „politesche Konsens zu de Grondsätz vun der europäescher Migratiounspolitik“ ze fannen. Wat dorënner ze verstoen ass:

„An den zentrale Punkten ass keng Léisung a Siicht, Zesummenaarbecht gouf et iwwer déi ganz 6 Méint vun der Presidence net, an am beschte wier et wann de ganze Wouscht am Mëttelmier géif ofsaufen“. Gutt esou däitlech dierf een dat als Politiker net soen, woubäi zanter d‘AfD, Fidesz an soss rietsradikal bis kloer faschistesch Parteien den Anzuch an d‘EU-Parlament gepackt hunn…

Alles Mäerder, Drogenhändler a Vergewalteger

Esou ergëtt et sech, datt wärend d‘Länner aus dem europäesche Süden net méi wësse wouhinner mat den Asyldemandeuren – firwat Frontex mat däitscher Bedeelegung Schlauchbooter oder soss geaartet Nossschuelen nees vun der europäescher Küst op d‘oppe Mier schleeft (Pushback) – déi als Beispill fir Rechtsstaatlechkeet bekannte Memberen Ungarn a Polen, keen ophuele kënnen.

Ungarn a Polen (woubäi et gëtt der nach) sinn zwar massiv un den EU-Subventiounen interesséiert, besonnesch wann een déi ënnert der Famill a Frënn verdeele kann, mee Migranten ophuelen, wou méiglech och nach Moslemen… nee dat geet natierlech net, et ass jo bekannt datt dat alles Mäerder oder soss Verbriecher sinn. Si sinn dann och folgerichteg guer net un enger Léisung interesséiert.

D‘EU-Innekommissärin Ylva Julia Margareta Johansson konnt sech no der Sëtzung vun den EU-Inneminister net drop festleeë wéini d‘Reform a Saachen Asylpolitik kënnt. An natierlech huet dat näischt mam Mangel u Solidaritéit oder dem Sträit ëm d‘Rechtsstaatlechkeet ze dinn, mee mam Covid19. Si ass zouversiichtlech, datt mat der portugisescher Presidence ka weidergeschafft ginn.

mat indymedia/bru/ber/sto

Foto: D‘EU-Innekommissärin Julia Johansson, vu Formatioun „Enseignante“ zanter 1994 awer Beruffspolitikerin, huet hiren Debut bei de schwedesche Kommuniste gemaach. Si huet séier d‘Virdeeler vum Kaviarsozialismus entdeckt an ass aus strategesche Grënn op dësem Poste gelant. Si weess datt et ënnert dem portugisesche Virsëtz net wäert besser ginn, et ass hir allerdéngs och egal, well elo muss emol als éischt d‘Wirtschaft gerett ginn. © European Union

Related topics Asylpolitik, Däitschland, EU-Presidence, Horst Seehofer, Julia Johansson, Reform, Solidaritéit
Next post Previous post