Search

You may also like

Kloer, verständlech an eenheetlech Markéierunge fir d’Lëtzebuerger Wanderweeër
International Neiegkeeten

Kloer, verständlech an eenheetlech Markéierunge fir d’Lëtzebuerger Wanderweeër

Do blitt all Wanderfrënd an trëppel-begeeschterter Persoun d’Häerz op. Ëm

Krautmaart: Kulturministesch Sam Tanson verdeedegt de Projet „Esch 2022“
International Neiegkeeten

Krautmaart: Kulturministesch Sam Tanson verdeedegt de Projet „Esch 2022“

Et ass en Dossier deen een als „Däreg“ bezeechne muss,

déi Lénk: Fir eng solidaresch an human Migratiounspolitik
International Neiegkeeten

déi Lénk: Fir eng solidaresch an human Migratiounspolitik

Enn Februar huet déi tierkesch Regierung d’Ëffnung vu senge Grenzen

China Entzitt der BBC d‘Sendelizenz

China Entzitt der BBC d‘Sendelizenz

Peking ass der Usiicht datt de Sender BBC World News net der Wourecht getrei bericht an den nationalen Interesse vu China schued. Datt déi brittesch Medienopsiicht dem chinesesche Sender CGTN d‘Sendelizenz entzunn huet, kann natierlech matgespillt hunn.

An der nuecht op ee Freideg huet déi chinesesch Medienopsiicht erkläert, datt de brittesche Sender BBC World News eeschthaft géint d‘Virschrëfte verstouss huet. Dem Sender gëtt virgeworf den nationalen Interesse vu China mat senger Berichterstattung ze schueden an déi national Eenheet ze ënnergruewen. Wien eng Sendelizenz huet, misst der Wourecht entspriechend beriichten.

Konkret bezitt déi chinesesch Autoritéit op d‘Berichterstattung an d‘Reportagen zu Hong Kong an den Uiguren, déi bekanntlech zwecks Ëmerzéiung an Internéierungslager ënnerbruecht ginn. Bei der BBC ass ob dem Entzuch vun der Sendelizenz enttäuscht an erkläert: „D‘BBC ass dee weltwäit vertrauenswierdegsten Noriichtesender. Mir beriichte Fair, onparteiesch an ouni Angscht oder Gonscht aus der ganzer Welt“. Leider geet ass dat net de Punkt: hei geet et ëm héijer Politik…

Fir de britteschen Ausseminister Dominic Raab ass déi vun de chineseschen Autoritéite getraffen Entscheedung, eng „inakzeptabel Beschneidung vun der Pressefräiheet“. Dobäi ass bekannt, datt China déi strengste Reegele fir Medien an Internet huet. Datt déi jéngst Decisioun net derzou ka bäidroen d‘Renommée vu China ze verbesseren, dat weess och déi kommunistesch Féierung.

Bibelfest

A streng Geholl leeft dësen Dissens ganz nom Ruling vun engem ganz ale Buch of: „A ëm A, Zant ëm Zant“. Ufank Februar haten d‘Britten den „Austausch vu Frëndlechkeeten“ domadder agelaut, andeems d‘Medienopsiicht „Ofcom“ dem chinesesche Staatssender „China Global Television Network“ (CGTN) entzunn huet. Begrënnt gouf dat mam politeschen Afloss vun der Regierung.

BBC World News

De Sender géif vun der kommunistescher Partei kontrolléiert. Dat wier entspriechend de geltende Gesetzer a Groussbritannien awer verbueden. Dat stëmmt wuel, allerdéngs war et och scho verbueden, wéi d‘Autoritéiten dem Sender d‘Lizenz ausgestallt haten. Mee dofir hat et deemools scho politesch Grënn… Den neien Dissens berout erwisenermoossen och um politeschen Dialog, dee bezunn op déi fréier Krounkolonie éischter äiseg ass. Mat dësem Schratt gëtt et net besser.

Och d‘Haltung vun der brittescher Regierung am Bezuch op Verfolgung vun der ethnescher Minoritéit vun den Uiguren (Moslemesch) oder och d‘Sécherheetsbedenke géintiwwer dem chineseschen Netzwierkausrëschter Huawei, dréit net zum Dialog bäi. Kann den Empire nach eng Kéier konteren? Zu Bréissel jiddefalls gëtt de weidere Verlaf vum Sträit opmierksam verfollegt.

mat indymedia/tpe/lon

Related topics BBC World News, CGTN, China, China Global Television Network, Groussbritannien, Politik, Pressefräiheet
Next post Previous post