Search

You may also like

En Telefonsgespréich mat Folgen
Neiegkeeten

En Telefonsgespréich mat Folgen

Nodeems nei Virwërf opkomm sinn hunn d‘US-Demokraten éischt Moossnamen ergraff,

Wéi gutt kenns du eis Brécken?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Brécken?

[onionbuzz quiz-id=197][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet net ze knapps Brécken. Mee wéi

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA
Neiegkeeten

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA

Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren

En Donneschden, de 25. Abrëll luet d’Nordstadjugend a.s.b.l. zesumme mat der “Antennes locales pour jeunes” vum SNJ op déi éischt Oplag vu “Be active” an, déi de Jugend-Jobdag ersetze soll. An der “Al Seeërei” zu Dikrech kréie jonk Leit beispillsweis d’Méiglechkeet fir mat Firmen a Kontakt ze kommen.

Jonken eng Geleeënheet ginn fir mat Firmen, Orientatiouns- an Informatiounsservicer a Kontakt ze kommen ass d’Haaptzil vun dëser Foire. Ob eleng oder zesumme mat den Elteren – hei kann ee sech informéieren a berode loossen, wann et drëms geet fir aktiv ze ginn. Net nëmme kann een de lokalen Aarbechtsmaart kenneléieren, ma et gëtt och Hëllef ugebueden, wéi een als Jonken a säin aktiivt a professionellt Liewe starte kann.

Dës Plattform ass och u jonk Leit geriicht, déi:
– geschwë mat der Schoul fäerdeg sinn an nach net wëssen, wat se duerno maache sollen;
– kee Schoulofschloss hunn;
– gären erëm an d’Schoul ginn oder eng “Formation professionnelle” maache wëllen;
– aus der Inaktivitéit erauskomme wëllen.

Wann dat eppes fir Iech ass, da verpasst de Rendezvous net:
Vu 16 – 19 Auer an der “Al Seeërei” zu Dikrech (rue de l’industrie L-9230)

Related topics Aarbecht, Be Active, Job, Nordstadjugend, SNJ
Next post Previous post