Search

You may also like

Nogereecht: Feierlech Diplomiwwerreechung am Kader vun de Selbstbehaaptungskursen
Kultur Neiegkeeten

Nogereecht: Feierlech Diplomiwwerreechung am Kader vun de Selbstbehaaptungskursen

Am Dezember sinn 20 Persounen an der Stad ausgezeechent ginn,

D’Zäit nom Confinement: Exit-Strategie? An elo?
Kultur Neiegkeeten

D’Zäit nom Confinement: Exit-Strategie? An elo?

Sou, d’Fréijoersbotz ass gemaach – d’Fënstere blénken, d’Schief si sortéiert

Süd-Tram: Ambitiéis Projete mussen zu Enn geduecht ginn
Kultur Neiegkeeten

Süd-Tram: Ambitiéis Projete mussen zu Enn geduecht ginn

Et jidderengem „passend“ maachen ass eng Saach vun der Onméiglechkeet,

Den 28. Februar feiert d’Bea Beutelratte seng Premiere am Cube 521

Den 28. Februar feiert d’Bea Beutelratte seng Premiere am Cube 521

Dëst Héierspill, wat den 28. Februar am Maarnecher Cube 521 mat Musek begleet gëtt, heescht „Bea Beutelratte will sich fledermausen“. Déi lëtzebuergesch Schauspillerin Sarah Grünert huet dës wonnerbar Geschicht geschriwwen. D’Opféierung riicht sech u Familljen a Kanner ab 4 Joer.

D’Bea Beutelratte ass onglécklech, hatt fënnt keng Kolleegen. Seng Been sinn ze kuerz an d’Oueren ze laang. Soubal d’Bea ze gesinn ass, lafen si all fort. Sou schnell wéi et geet. An dobäi wëll hatt just eng Saach: Frënn hunn. O, kéint hatt dach nëmme fléien, genee esou wéi d’Flantermais, déi hatt bewonnert.

Seng Entscheedung ass séier geholl: Hatt sicht seng siwen Saachen zesummen a mécht sech op de Wee, ee Wee mat geféierlechen Aventuren. Dobäi mécht hatt d’Bekanntschaft mam Här Schneck, dem Hirschkäfer Eduard an nach aneren interessante Gestalten. Zesumme maachen si sech op d’Sich no de Flantermais.

Weider Informatiounen

D’Virféierung dauert 60 Minutten. Weider Familljevirstellunge sinn den 28.02.2021 um 17 Auer an den 2.3.2021 um 15 Auer.

Erwuessener 12 €
Cube Card : 10 €
< 26 Jahren : 6 €

D’ Kaartenreservéierung ass obligatoresch.

Tel: + 352 521 521 / info@cube521.lu

Related topics Bea Beutelratte, Bea Beutelratte will sich fledermausen, Cube 521, Familljen, Kanner, Maarnech, Sarah Grünert
Next post Previous post