Search

You may also like

money
D‘Beruffskummer zum Bilan vum Pandemiejoer
Neiegkeeten Sport

D‘Beruffskummer zum Bilan vum Pandemiejoer

Fir de President vun der „Chambre des Métiers“ Tom Oberweis

CGDIS: Noutfallplang wa Rettungskräft ausfalen
Neiegkeeten Sport

CGDIS: Noutfallplang wa Rettungskräft ausfalen

Duerch déi steigend Infektiounszuelen huet d’Inneministesch Taina Bofferding mam CGDIS,

Ukrain zum Konflikt ermontert?
Neiegkeeten Sport

Ukrain zum Konflikt ermontert?

De Konflikt am Donbass (Ost-Ukrain) huet, datt ass bei Joreszäitewiessel

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!

No der phenomenaler 10-4 Victoire vun de Beaufort Knights géint d’Antwerp Phantoms réckelt d’Chance op déi fräi Plaz an de Playoffs ëmmer méi no. Beim Match vum 7. Februar gouf et awer als éischt emol ee wichtegt Ereegnis ze feieren!

Ier et nämlech zum Spill komm konnt, stoung eppes Grousses un: Ganzer 50 Joer ass et hir, datt ee mat 11 Spiller den éischten Äishockeyveräin zu Beefort gegrënnt huet. Een halleft Joerhonnert hannert dem Puck iwwert d’Äis schlitteren: Do hunn och d’Géigner et sech net huele gelooss, den Knights d’Hand ze reechen an ze gratuléieren. Dëse Geste ass vun de geschate 460 Fans mat immensem Applaus gelueft ginn.

Dem Sarah De Nutte, Lëtzebuergesch Dëschtennis-Championne, ass déi grouss Éier zu Deel ginn, mam traditionelle Puck-Drop d’Spill anzelauden. Schonn no 3 Minutten hat de Mossong Claude (#66) dat Ronnt an dat Eckegt befërdert, kuerz virun der 7. Minutt huet de Welter Benny (#10) et him gläich gedoen. „Wa mer schonn am Gaange sinn, schéissen ech emol direkt nach een“, duecht wuel de Welter Benny an huet fir den 3-0 gesuergt. D’Knights wollten awer nach weider no de Stäre gräifen. Dëse Wonsch konnt de Schleimer Brian (#20) kuerz virun der 15. Minutt erfëllen, wouduerch an der éischter Paus schonn op een onbeschreifleche 4-0 geprost ginn ass (säitens de Fans versteet sech).

Am zweeten Drëttel hunn d’Phantoms hire Wee zeréck an de Match erkämpft. Zäitlech gesi louch ee scho bal an der Halschent vum Spill, wou den De Souter Dean (#3) d’Rudder u sech gerappt an den éischte Punkt fir d’Géigner akasséieren duerft. Laang huet ee sech dat net gefale loossen, wouduerch de Mossong Claude (#66) fir de 5-1, de Mosr Mirko (#97) dunn fir de 6-1 suergen duerft.

Beaufort Knights

© Luc Meyers

Vläicht hat ee sech een Ament ze vill gefreet an d’Opmierksamkeet net op déi géigneresch Beweegunge geriicht: Wéineg Sekonnen nom Gol vun de Lëtzebuerger huet nämlech de Veeckman David (#9) den zweete Punkt fir d’Antwerp Phantoms erspillt. An déi zweet Paus konnt een allerdéngs net erafeieren, ouni nach fir ee fantastesche 7-2 ze suergen. Erméiglecht gouf dëst Resultat duerch ee gekonnte Schoss vum Houdremont Ben (#8).

De Virsprong vu ganzer 5 Punkten huet den Knights e bëssen Drock fir déi drëtt Spillperiod geholl. An awer huet een direkt nees drageschloen. Et konnt een net esou schnell kucke, wéi de Backes Sascha (#9) de Puck bei de Géigner versenkt huet. Uschléissend huet een ugefaange, sech mat de Goler ofzewiesselen. Nom Blomme Jaron (#16), war et schonn erëm um Backes Sascha (#9), dunn um Gabriels Toon (#18) a schlussendlech um Mossong Claude (#66). Bemol war d’Zäit ofgelaf, a mat dem 10-4 op der Anzeich stoung de Gewënner fest!

Beaufort Knights

© Luc Meyers

Um Samschdeg, de 14. Mäerz steet mam Match géint d’Liege Bulldogs dat lescht Heemspill fir d’Beaufort Knights un. Hei gëllt de Motto: „Win and you’re in“, an anere Wieder: Gewannt einfach!

Konnten sech d’Knights beim Petzi-Schéiss-Spill um 29. Februar géint d’Chiefs Leuven duerchsetzen, esou ass et een Dag méi spéit beim Match géint d’Charleroi Red Roosters knapp net duergaangen. Den 2-3 huet d’Chance op eng Plaz an de Playoffs deziméiert, an esou goufen eis Ritter an der belscher 1. Divisioun op déi 7. Positioun vu 9 Ekippen zeréck katapultéiert. Fir nach d’Méiglechkeet op eng Plaz an der Halleffinall ze kréien, hätt een technesch gesinn 5 Spiller hannerenee gewanne missten. Glécklecherweis konnten d’Beeforter awer duerch den 10-4 géint d’Phantomer nees gutt ophuelen. Elo feelt hinne just nach eng weider Victoire!

Fotoen © Luc Meyers

Related topics 50. Gebuertsdag, Äishockey, Antwerp Phantoms, Beaufort Knights, Beefort, Gol, Puck, RBIHF, Spill
Next post Previous post