Search

You may also like

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!
Meenung Neiegkeeten

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!

Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde

Geschicht méi no bei Iech
Meenung Neiegkeeten

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess
Meenung Neiegkeeten

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess

Déi Lëtzebuerger Mëllechbaueren erliewen op e neits eng Kris, a

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen

Wann et sécherlech richteg ass, datt mir net esou wierklech „gutt gelidde“ sinn, well mir och weiderhin net der AJPL bäitriede wëllen, esou wier et falsch unzehuelen, datt mir de Kolleegen aus den Traditiounsmedie schlecht gesënnt wieren. Och eis huet et sengerzäit keng Freed bereet, datt de „jeudi“ ofgeschaaft ginn ass a vill Journalisten sech hu missen nei orientéieren.

Och hei hätt de Syndikat vu Journalisten zumindest ee Protestpiquet, wann och nëmme symbolesch, kënnen ofhalen. Mee dat geet schwéierlech, wann och d‘Patronen am Syndikat vertruede sinn. Elo ass dann och gewosst, datt beim Lëtzebuerger Journal däischter Wolleken opgezu sinn. Esou bedeit déi wiessel vum Print zum exklusiven Onlinegeschäft méiglecherweis méi wéi ugeholl gouf.

Laut den ëmmer gutt informéierte Kollege vu reporter.lu, sollen nieft de Miwwelen och d‘Gemaier geaffert ginn, fir datt nees frëscht Geld an der Kees ass. Et ass wuel richteg, datt d‘Redaktioun mat ronn 450m² Bürosfläch eppes vill Plaz hat, an een esou eppes och muss ënnerhalen, wat nees Geld kascht dat een offensichtlech fir besser Zwecker verwenne wëll. Woubäi bedenklech ass et schonn.

Eigentlech, an esou huet et sech aus den Erklärungen zum Wiessel zum Online-Medium unhéieren, hätt et dierfen dovunner ausgoen, datt mam Schafe vu Video an Audio Inhalter, éischter méi Leit géife gebraucht ginn. Do d‘Raimlechkeeten ze verklengeren, verännert d‘Siicht déi eigentlech optimistesch war. Zudeem léisst et d‘Spekulatioun zou, datt ee finanziell a schlechten Dicher stécht.

An dat stëmmt eis bedenklech. Dat wier awer en Thema dee vun der AJPL sollt opgegraff ginn, mee leider stamen op dëser Säit déi lescht Noriichte vum 20. Mäerz. Esou stellt sech op en Neits d‘Fro, wien an dësem Syndikat representéiert gëtt. Wann de Journal sech vu senger Immobilie trennt, da wäert sech wuel och eng Restrukturatioun drunhänken, also Aarbechtsplazofbau.

Och d‘Reprise vu St. Paul duerch Mediahuis wäert och mëttelfristeg eng Restrukturatioun mat sech bréngen. Nach esou ee Beispill, wou de Verband vun de Beruffsjournalisten sech enger Stellungnam verweigert huet. Woubäi esou Saachen natierlech intern berode ginn. Et gëtt héich Zäit, datt sech d‘Journalisten emanzipéieren an mat de Korrespondenten en eegene Wee aschloen.

Illustratioun: Solle mir elo nëmmen nokucke wéi d‘Medielandschaft zu Lëtzebuerg lues awer sécher ofgerappt gëtt? © Micah Williams / unsplash

Related topics Ausverkaf, Lëtzebuerger Journal, Online-Medien, Restrukturéierung
Next post Previous post