Search

You may also like

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
Meenung Neiegkeeten

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Haut ass de Weltdag géint Mënschenhandel
Meenung Neiegkeeten

Haut ass de Weltdag géint Mënschenhandel

Den haitege Weltdag géint de Mënschenhandel gëtt dofir genotzt fir

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott
Meenung Neiegkeeten

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott

De „Management-Problem“ vun der Institutioun „Europa“ wëll sech net léise

Editorial: Bedenklech Testsituatioun

Editorial: Bedenklech Testsituatioun

Zanter gëschter kann een nees am Restaurant selwer an net just op der Terrass Plaz huelen, woubäi et do elo en neie Ritual gëtt. Wann ee fréier brav drop gewaart huet, datt sech ee Serveur kristillegt an engem en Dësch zouweist, esou muss dësen eis hautdesdaags op Häerz a Longen ënnersichen, also eigentlech op de Covid19 testen, wann ee keng alternativ Bescheinegung bei Hand soll hunn.

Interessant hei, d‘Virlag vum WHO-Impfpass, mat Timber, Stempel an Ënnerschrëft vum Dokter inklusiv Code, gouf frëndlech zeréckgewisen, déi wier net an der Lëscht vun den Alternativen déi dem Secteur opgedroe goufen. Hei heescht et dann de Schnelltest vum Etablissement benotzen an ofwaarde bis d‘Resultat virläit, iert ee ka Plaz huelen. Och dat ass just eng Saach vun der Gedold.

Bei dësem ganze Genëschels awer, huet ee vill Zäit Observatiounen ze maachen, a wann et sécher Richteg ass, datt de Serveur oder Patron vum Restaurant, zum PCR-Test net och den Auswäis vum Client verlaange kann, wéinstens esou maache wéi wann een den Ziedel gelies hätt, wier ee Gest dee bei deenen déi waarde mussen, gutt géif ukommen. Mee gutt dat ass nees e bëssi vill verlaangt.

Nodeems engem dann de Schnell/Selbsttest an de Grapp gedréckt gouf, war séier bewosst, datt de Serveur de Beruff gutt gewielt huet, fir en Job am Fleegesecteur hätt et mat grousse Sécherheet net gereecht. De Schwéierpapp, deen u a fir sech e gutt Gemitt huet, an zanter hie nei verléift ass och nees méi Gedold opbréngt, huet sech mat dësem Karussell vun den Impressioune schwéier gedoen.

Hien hält et vir héchst Bedenklech, datt elo déi Beschäftegt aus der Gastronomie Aufgabe vun de Leit aus dem Gesondheetssecteur iwwerhuele sollen. Gesäit ee mol dovunner of, dat all déi Tester mindestens „diskutabel“ sinn, bezunn op d‘Sécherheet vum Resultat, dierft ee sech doriwwer eens sinn, datt weder e Serveur nach ee „Chef de Salle“ eng entspriechend Formatioun gemaach hunn.

A wann dann déi vun der Regierung zur Verfügung gestallte Sätz (Start-Kit) verbraucht sinn, wéi soll et weider goen? Och wann sech de Beruffsverband géif ëm d‘Bestellung këmmeren, fir esou duerch eng grouss Commande ee bessere Präis ze kréien, gratis ass dee Spaass net. An dann ass do d‘Verantwortung, déi mat der Testflicht vun de Restaurateuren anhier geet. Wéi ass et dann domat?

Illustratioun: Endlech nees Gastronomie liewen, um Dësch Plaz huelen a sech zerwéiere loossen. Mee de Wee bis dohinner kann zuweilen eppes Gedold vum hongerege Mënsch ofverlaangen. Fir d‘Mëttegstonn vum schaffende Vollek, ass et wuel éischter näischt, wann ee keen negativen Test oder soss ee Laissez-Passer derbäi huet. © Veronika Jorjobert / unsplash

Related topics Fachpersonal, Gastronomie, Horesca-Secteur, Serveur, Testflicht, Verantwortung
Next post Previous post