Search

You may also like

Eng nei Presidentin fir de Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch
International Neiegkeeten

Eng nei Presidentin fir de Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch souz den 20. Mäerz 2019

Migratioun: D‘MS Aquarius huet zu Malta ugeluecht
International Neiegkeeten

Migratioun: D‘MS Aquarius huet zu Malta ugeluecht

No bal fënnef Deeg ouni gräifbart Zil um Mëttelmier ënnerwee,

Schnelltester fir d‘Léierpersonal?
International Neiegkeeten

Schnelltester fir d‘Léierpersonal?

Ufank Dezember wollt d‘CSV-Deputéiert Diane Adehm vun der Gesondheetsministesch Paulette

Bedreete Pressefräiheet

Aktuell sëtze weltwäit mindestens 387 Männer a Frae wéinst Ausübung vum Beruff als Journalist am Prisong

Bedreete Pressefräiheet

Dat sinn net déi eenzeg schlecht Nouvellen déi de Joresbilan 2020 vu Reporter ouni Grenzen dëse Méindeg verëffentlecht huet. Zudeem sinn iwwert d‘Hallschent vun dësen Inhaftéierte Journalisten op ganzer fënnef Länner opgedeelt. Dozou gehéiert de wichtegen Handelspartner vu Lëtzebuerg: China. Mee och Ägypten, Saudiarabien, Syrien a Vietnam gi brutal mat Medieschaffenden ëm.

Wann Haft schonn zimmlech krass ass, esou huet weltwäit och nach 54 Journalisten déi vu RSF als „entfouert“ gemellt ginn. Véier Journaliste sinn 2020 ganz vun der Äerduewerfläch verschwonnen. Et heescht dat der ee puer ënnert hinne just iwwert de Coronavirus bericht hätten. 130 Journaliste sinn esou zanter dem Fréijoer festgesat ginn. Verschiddener fir ee puer Stonnen anerer fir Wochen.

Zur Stonn sollen nach mindestens 14 vun hinnen an engem Prisong sëtzen. Verständlech wou jo gewosst ass, datt vill Regierunge vill Opwand bedriwwen hunn, eng Berichterstattung iwwert d‘Covid19-Kris a seng Folgen ze verhënneren. Mee et ass net nëmmen d‘Coronaviruskris déi, jee nodeem vu wou aus ee beriichte wëll, zum „Konflikt“ mat de lokalen Autoritéite féiert.

Esou geet aus dem Bericht vu RSF och ervir, datt et a Wäissrussland mindestens 370 – fir déi meescht kuerz – Verhaftunge ginn huet. Dat alles an nach vill méi huet d‘Spriecherin vum Virstand, Katja Gloger, zum Ulass geholl, fir nach emol ze betounen, datt d‘Pressefräiheet ëmmer méi ënnert d‘Reider kënnt, an et gutt Grënn huet sech Suergen ze maachen. Woubäi dat nees relativ ass.

Ausser dem Fait datt Regierungen – an hei ganz besonnesch autokratesch Länner – Journalisten an de Prisong setzen, gëtt et och ëmmer méi Iwwergrëff aus der Gesellschaft selwer. Oft mam Virwand „Staatsgelenkten“ oder „Regierungsfinanzéiert“ Acteuren ze sinn. Eng Onaart déi sech besonnesch an Däitschland a Frankräich bei de Manifestatioune bemierkbar gemaach huet.

Illustratioun: © Reporter ouni Grenzen

Related topics Journalismus, Journalist, Pressefräiheet, Reporter ouni Grenzen, Reporters sans Frontières, RSF
Next post Previous post