Search

You may also like

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
Neiegkeeten

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

Géint Waasserverschwendung: Handelt spuersam!
Neiegkeeten

Géint Waasserverschwendung: Handelt spuersam!

T’gëtt nees méi mockeleg dobaussen wat bedeit, datt ee sech

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
Neiegkeeten

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Gëtt dat politescht Engagement zu Lëtzebuerg zum Gesondheetsrisiko?

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix Braz un der Ausféierung vu sengem Mandat hënneren, an elo de Verloscht vum DP-Fraktiounschef Eugène Berger, kann ee verstoen, datt sech d‘Chamber eng Paus hëlt. All d‘Sëtzunge vun dëser Woch sinn ausgesat ginn.

D‘Undeelnam nom Dout vum Eugène Berger ass immens: an de sozialen Netzwierker, ronderëm de Comptoir an selbstverständlech an alle Parteizentralen, iwwerall herrscht Besënnlechkeet. Datt um Krautmaart d‘Sëtzunge bis op de 4. Februar ausgesat goufen, huet awer och politesch Grënn. Eng Plenière mat Gesetzestexter déi „evakuéiert“ musse ginn – wéi dat am Chamber-Jargon heescht – ouni datt et eng Majoritéit gëtt, ass keng Viraussetzung fir en demokratesche Prozess.

Ouni de Fraktiounspresident vun der DP, huet d‘Koalitioun nëmmen 30 Mandater, wat eigentlech eng Patt-Situatioun duerstellt. An et war jo och soss schonn, déi grouss Erneierung ugelaf. Vill Mandatairen hunn eng nei Funktioun: d‘Joelle Elvinger geet op den europäesche Rechnungshaff, den Alex Bodry an de Staatsrot, de Franz Fayot iwwerhëlt den Job als Wirtschaftsminister an et sollt net vergiess ginn, datt och de Roberto Traversini huet missen „ausgewiesselt“ ginn.

Dat alles werft natierlech net dat beschte Liicht op „Gambia II“ déi en zolitte Remaniement hei ze verkraaften huet. Vill Turbulenzen am politeschen Himmel déi der Oppositioun entgéint kommen, mee wou ee beduecht ass, kee falschen Androck opkommen ze loossen. De Respekt virum Géigner ass hei awer den Ëmstänn geschëlt, an deem kann ee eigentlech nëmmen zoustëmmen. Et dierft och séier iwwer d‘Nofolleg vum Eugène Berger an der Chamber entscheet ginn.

Als favoriséierte Kandidat gëtt de Pim Knaff – Schäffen zu Esch-Uelzecht an Affekot – genannt, deen dann an der Chamber mam Koalitiounspartner, dem Deputé-Maire Georges Mischo (CSV), siegéiert. De Virsëtz vun der Fraktioun geet un de Gilles Baum, dee schonn als Successeur fir 2021 virgesi war. Déi dramatesch Ëmstänn hunn de Wiessel un der Fraktiounsspëtzt acceleréiert. Fir déi nächst Woch ass dann och eng Zeremonie zum Gedenken un de Politiker virgesinn.

E genauen Datum steet nach net fest, mee et dierf e sécher sinn, datt et ee ganz besonneschen Dag wäert ginn. Zudeem muss den DP-Politiker net nëmmen an der Chamber ersat ginn. Och säi Mandat als Gemengeconseiller zu Réiser, muss nei besat ginn. D‘Muriel Gauny trëtt hei d‘Successioun vum Eugène Berger un.

Mee all dës Virfäll, an d‘Wëssen datt d‘Membere vun der Regierung an der Chamber deels vill ze vill op sech huelen, wat der Gesondheet net entgéint kënnt, werfe wichteg Froen op. Generell sollt et erlaabt sinn sech iwwert den allgemenge Gesondheetszoustand vun eise Volleksvertrieder Froen ze stellen. De Cumul vun de Mandater, d‘Presenz a Verwaltungsréit an d‘Ufuerderunge vun de Parteie selwer, féieren zu permanentem Stress an enger Iwwerbelaaschtung.

Nom trageschen Dout vum Eugène Berger, sollt een dat gliddegt Eisen „Cumul“ upaken an och emol kucken, wéi vill Kapen e Politiker sech undoe kann, iert et net méi mat der Liewensqualitéit déi een aneren zousprécht kompatibel ass. D‘Harmonie vu Beruff- a Familljeliewen ass jo grad der demokratescher Partei en Uleies, also wier et méiglecherweis net verkéiert mam gudde Beispill fir ze goen an schonn aus gesondheetleche Grënn d‘Aarbecht besser opzedeelen.

Illustratioun: Pixabay

Related topics Burn-Out, Chamber, Cumul vun de Mandater, Demokratesch Partei, DP, Eugène Berger, Gemengerot, Gesondheet, Krautmaart
Next post Previous post