Search

You may also like

US-Ausseminister am Afghanistan
International Money Neiegkeeten

US-Ausseminister am Afghanistan

Et war kee Frëndschaftsbesuch: den Amerikaner huet den Afghanen ze

Géint déi totalitär Fanatsien vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéierten!
International Money Neiegkeeten

Géint déi totalitär Fanatsien vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéierten!

Zesummen hunn déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert, de 4. Abrëll 2020,

King Boris kritt seng Neiwahlen
International Money Neiegkeeten

King Boris kritt seng Neiwahlen

Et hat een en ament geduecht de britesche Premier géif

money

Bedruch a Geldwäsch

Vu Spioun iwwer Conseiller riicht an den amerikanesche Prisong?

Bedruch a Geldwäsch

De Fränk Schneider war beim SREL den operationelle Chef an hat sech 2020 wéinst enger illegaler Oflauschteraktioun viru Geriicht misse veräntwerten, dat zesumme mat zwee weidere „Spiounen“. Am Juni sinn déi Ugeklote vum Geriicht fräigesprach ginn, wat dunn nees dem Procureur géint de Stréch gaangen ass, firwat dësen an Appell geet.

Nodeems dann 2013 dës ganz Affär zum Stuerz vum Premier Jean-Claude Juncker gefouert hat, an de Fränk Schneider säin Akommes anerwäerts ofgeséchert huet, war et laang roueg bliwwen. An et kann ee soen, datt ausser dem juristeschen Intermezzo, de Fränk Schneider d‘Liicht vun der grousser Ëffentlechkeet eppes gescheit huet. Mee et schéngt elo un der Zäit en erneite groussen Optrëtt.

Déi lescht Woch ass de Fränk Schneider zu Joufreville vun der Police verhaft ginn, wëll d‘USA en internationalen Haftbefehl géint de fréiere Spioun ausgestallt haten. Datt allerdéngs net well hien an den USA spionéiert hätt, mee well d‘Amerikaner him eng gréisser Roll a Verantwortung am Dossier „OneCoin“ – et geet ëm Bedruch a Geldwäsch – zouweisen. De Procureur vun New York ass rosen.

Op d‘Demande vum New Yorker Procureur schonn zu Nanzeg beim den zoustännegen Autoritéiten ukomm ass, konnt oder wollt um Méindeg kee bestätegen, en Dementi gouf et allerdéngs och net. A wat et dann elo mam Fränk Schneider senge Bankgeschäfter an de Virwërf op sech huet, dofir muss eppes méi wäit ausgeholl ginn. Virun allem, muss eefir unzefänke wësse wien a wat ass „OneCoin“.

„OneCoin“ ass een als Kryptowärung vermaarte Finanzsystem, déi vu OneCoin Ltd an OneLife Network Ltd gehostet ginn. Béid Entreprise goufe vum Ruja Ignatova mam Sebastien Greenwood gegrënnt. Déi gebierteg Bulgarin ass zäiteg an Däitschland immigréiert an huet 2005 zu Konstanz an europäeschem Recht promovéiert. 2012 gouf si eng éischte Kéier wéinst Bedruch verurteelt.

Dat huet d‘Fra net dru gehënnert weiderzemaachen, a schonn 2013 gouf ee sougenannte multi-level Marketing-Bedruch ënnert der Bezeechnung BigCoin lancéiert. 2014 goung si dunn iwwer zu méi profitabelen Aktiounen. Mat OneCoin, gouf ee Schnéiballsystem geschafen. Dëse System war méi kleng wéi dem Madoff seng Ëmsetzung vum Ponzi-Schema, mee 4 Milliarden US$ sinn och Geld.

Säit 2017 feelt vun dëser Damm all Spur. Hire Brudder Konstantin Ignatov war der US-Justiz an d‘Gräpp gelaf an hat sech, bezunn op d‘Uschëllegungen „schëlleg“ bekannt. Hie gouf schonn 2019 zu New York verurteelt. Dat gewosst, stellt sech d‘Fro wéi et zur „Bezéiung“ vum Spioun Fränk Schneider mat der Finanzmaîtresse komm ass, an ob hien eventuell weess wou d‘Zatz sech ophält.

Ee gutt Netzwierk ass wichteg

2016 huet de fréieren Operatiounschef vum SREL zesumme mam Filipe Carmo – e fréiere Beamte vum Staatsministère – d‘Aktiëgesellschaft Sandstone SA gegrënnt. Dës Firma bitt eng nei Form vun der „investigativer Noutwennegkeet“ un. Laut der US-Justiz, huet awer ebe Sandstone SA, iwwert den Ëmwee vu Chelgate, enger englescher PR-Boîte déi fir de „gudden Numm“ ze suerge weess, déi nees mat der Affekoten-Etüd Carter Ruck, kollaboréiert huet, bei de britteschen Autoritéite vill Lobbyaarbecht fir d‘Akzeptanz vun „OneCoin“ gemaach.

An dësen Trio huet richteg gutt geschafft. Et ass hinne gelongen déi „Financial Conduct Authority“ (FCA) – dat kann ee mat eisem CSSF gläichstellen – esou ze beziirzen, datt déi hir „Warnung“ fir Bedruch zeréckgezunn huet. Bei den Amerikaner ass dat dann eng ganz aner Affär. Si hunn et net gären op den Aarm geholl ze ginn a sinn zuweilen eppes nodroend. Wat de Frank Schneider an de Konstrukt Chelgate/Carter Ruck an der Finalitéit mat OneCoin um Hutt hunn, an op dem fréiere Lëtzebuerger Spioun eppes nozeweisen ass, steet oppen. D‘US-Justiz dierft awer grousse Wäert op d‘Informatioune betreffend déi spuerlos verschwonne Ruja Ignatova leeën. Affäre à suivre…

Illustratioun: Ulrich B. / pixabay

Related topics Bedruch, Fränk Schneider, Geldwäsch, OneCoin, Ponzi Schema, Sandstone SA, Schnéiballsystem, US-Justiz
Next post Previous post