Search

You may also like

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
International Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

Akkreditéierung vu fënnef Ambassadeuren am Palais
International Neiegkeeten

Akkreditéierung vu fënnef Ambassadeuren am Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog noenee fënnef Ambassadeuren hir Akkreditéierung

Originell a regional bis an déi lescht Faser: „Duch vum Séi“ mat neiem Design
International Neiegkeeten

Originell a regional bis an déi lescht Faser: „Duch vum Séi“ mat neiem Design

Wéi 2018 d’Iddi opkoum, fir an der Duchfabrik Decken aus

B. – Eng droleg Bei begeeschtert Instagram a wëll esou säi Bestand retten

B. – Eng droleg Bei begeeschtert Instagram a wëll esou säi Bestand retten

Ob Yoga am Gaart, Vakanz um Strand, Achterbunnfueren a Begleedung oder aktuell och viru rosa Kiischtebléie poséieren – den Instagram-Account vum B. huet spannend, faarwefrou an Deels och lëschteg Inhalter opzeweisen. Wärend dës droleg Bei eis an hirem Alldag mathëlt, verfollegt si ee wichtegt Zil: Op d’Wichtegkeet vun hirer Aart opmierksam maachen an hiert Iwwerliewen garantéieren.

Beien sinn déi produktiivst Bestäuber weltwäit, suergen domat fir den Equiliber vum Ekosystem. Stierwen dës Insekten, da leiden och mir: 84% vun de Planzen a Blumme sinn vun hinnen ofhängeg, a 75% vun de weltwäite landwirtschaftleche Kulture musse vu Beien bestäubt ginn.

Bei op Instagram
be_nfluencer / instagram

An Europa lauden d’Alarmglacken: Laut dem Europäesche Parlament geet bei engem Drëttel vun de Beien- a Päiperleksaarten d’Populatioun zeréck a ronn 10% si vum Ausstierwe bedreet. D’Grënn dofir sollen ënnert anerem bei den Ännerunge vun der Landnotzung an dem domat verbonne Verloscht vun hirem Liewensraum, der intensiver Landwirtschaft mat Notzung vu Pestiziden, an der Presenz vun friemen invasiven Aarten a Krankheete leien.

Aus dësem Grond hat d’Fondation de France eng originell Iddi: De BEE Fund gouf gegrënnt a besonnesch iwwert déi sozial Medien soll Opmierksamkeet gewonne ginn. Wien hätt sech wuel jeemools eng Bei virgestallt, déi sech beim Kachen, am Musée oder viru bekannte franséischen Attraktiounen fotograféiere léisst an dës Andréck mat der Ëffentlechkeet deelt?

Bei op Instagram

Dës Bei sicht, zesumme mat der Fondatioun effikass an nëtzlech Projete vu Partner eraus, déi sech fir dës Bestäuber staark maachen an esou dem Beiestierwen entgéint wierke wëllen. Aktuell gi 4 Projeten ënnerstëtzt, déi ënnert anerem chemesch Analyse vum Hunneg oder och dem Beiewuess maachen an esou méi zum Zoustand vun de Beie wëlle gewuer ginn, déi d’Gesondheet vun dësen Insekten fërdere wëllen, sou datt si hiren Aufgaben nogoe kënnen oder och no nohaltege Landwirtschaftleche Methode sinn, déi mat de Praktiken vu Beienziichter harmonéieren.

Domat läit d’Zil bei enger respektvoller Landwirtschaft, dem Erhalt an Opbau vun hirem Liewensraum an der Sensibiliséierung.

Bei op Instagram
be_nfluencer / instagram

Räichlech Informatioune bitt d’B. allen interesséierte Persounen iwwert den Account bee_nfluencer, an dat op eng richteg charmant Aart a Weis. Mat hirem Partner stellt dëst Déierchen déi bekanntste Zeen aus Dirty Dancing no, protestéiert géint Pestiziden, setzt hire giele Fändel op de Mound, recycléiert hiren Offall oder baut en Doheem fir hir wëll Kollegen. Et ass wuel eng vun den einfachste Methoden fir all Alter eppes bäizeléieren, an och ze mierken, wat fir ee groussen Impakt esou kleng Gesellen op eist Liewen hunn.

Wousst Dir schonn, datt Beien 5-8 Stonnen den Dag schlofen, an dat och heiansdo zesummegerullt an Blumme? Oder wousst Dir schonn, datt dës Bestäuber beim Fléien danzen fir ze kommunizéieren? Méi gitt Dir op hirem Profil, sou wéi op beefund.fondationdefrance.org gewuer.

Related topics Ausstierwen, B., Bee Fund, Beiestierwen, Bestäubung, Ekosystem, Fondation de France, Influencer, Instagram, intensiv Landwirtschaft, Klimawandel, Sensibiliséierung
Next post Previous post