Search

You may also like

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot
International Neiegkeeten Stories

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot

Mat e bësse Virsprong huet dëse Mëttwoch d’Federatioun vun de

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft
International Neiegkeeten Stories

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft

Am leschte Joerhonnert (1950) hunn People of Color net dierfen aus

Akkreditéierung vun neien Ambassadeuren am groussherzogleche Palais
International Neiegkeeten Stories

Akkreditéierung vun neien Ambassadeuren am groussherzogleche Palais

E Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri noeneen fënnef Ambassadeuren

Befreiung vun Auschwitz: Aus der grujeleger Vergaangenheet léieren

Befreiung vun Auschwitz: Aus der grujeleger Vergaangenheet léieren

Um 27. Januar 1945 hunn d’Zaldote vun der Rouder Arméi d’Konzentratiouns- a Vernichtungsslager Auschwitz befreit. Ëm 1,1 Millioune Mënsche sinn an der Doudesfabrik grausam ëmbruecht ginn, wat eent vun de gréisste mënschleche Verbriechen duerstellen. Elo geet et ëm d’Erënnerung, sou dass sech d’Feeler vun der Vergaangenheet net widderhuelen.


„Wa mir eis wënschen ze liewen an eisen Nokommen eppes ze hannerloossen, wa mir dru gleewen de Wee fir d’Zukunft virzebereeden, dann dierfe mir als éischt emol net vergiessen“

— Prof. Ben Zion Dinur, Yad Vashem (1956)

Ier et zur Befreiung komme konnt, hunn d’Nationalsozialisten ëm 100.000 Prisonéier vum KZ Auschwitz evakuéiert. Zu Gonschte vun der däitscher Wirtschaft sinn als Sklave mëssbraucht ginn. Tëscht dem 17. an 21. Januar sinn dausende Gefaangener op de Foussmarsch a Richtung Weste geschéckt ginn.

D’Néierlag koum ëmmer méi no an esou hunn d’Nazien e leschten Effort gemaach, fir d’Spure vun hiren onmënschlechen Doten ze verwëschen. Um 20. Januar 1945 sinn d’Krematorien II an III an d’Luucht gesprengt ginn, wärend 3 Deeg drop de sougenannte „Kanada II“ – d’Gebai, ab deem de wäertvolle Besëtz vun de Gefaangene gelagert ginn ass – zerstéiert ginn ass. Um 26. Januar war dunn de Krematorium V drun – bis dohinner iwwregens nach operationell.

Auschwitz
Zerstéiert Gaskummer – auschwitz.org

Bal 9.000 Prisonéier si krank, ausgehéngert, a psychesch um Enn zeréckgelooss ginn. Tëscht der leschter Evakuéierung säitens den Nationalsozialisten an der Arrivée vun der Rouder Arméi, sinn nach emol 700 jüddesch Gefaangener an den Ënnerlager Fürstengrube, Tschechowitz-Vacuum a Blechhammer ëmbruecht ginn.

Wou d’Zaldote vun der 60. Arméi vun der 1. Ukrainescher Front vun der Sowjetunioun um Mëtteg vum 27. Januar am Camp Auschwitz ukomm sinn, konnten si sech nach net virstellen, wéi eng fuerchtbar Brutalitéit a Verbriechen hei Alldag waren. Widderstand gouf et quasi kee méi.

Auschwitz
Ermord kuerz virun der Befreiung – auschwitz.org

Beim Ubléck vun de Prisonéier, déi äusserlech a mental vum „Liewen“ am Konzentratiounslager gepräägt waren, sou wéi den ëm 600 Läichen – si goufe kuerz virun der Befreiung vun den SS erschoss, respektiv sinn un Erschöpfung gestuerwen – war allerdéngs kloer, dass op dësem Terrain en onmënschlecht Leed entstanen ass.

An dësem Kader rode mir Iech den Documentaire „Die Befreiung vun Auschwitz“ un d’Häerz:


Géint d’Vergiessen

Am Joer 2005 hunn déi Vereenten Natiounen de 27. Januar zum Internationalen Dag vum Gedenken un d’Affer vum Holocaust erkläert. Zil ass et un d’Dote vun den Nationalsozialisten ze erënneren an ze weise wat geschitt, wann Haass sech ausbreet.

Dës Kéier gouf d’Thema „Ëmgang mat de Folgen – Erhuelung a Rekonstitutioun nom Holocaust“ gewielt. An dësem Kader ginn nach bis den 11. Februar Zeremonie, Concerten, Diskussiounsronnen a Konferenzen organiséiert. De ganze Programm fannt Dir HEI.

Auschwitz
Bei der Befreiung um 27. Januar 1945 – auschwitz.org

Auschwitz-Birkenau: D’Kanner am Fokus

Den Erënnerungszentrum a Musée Auschwitz-Birkenau setzt déi jonk Gefaangen an de Virdergrond. Den industrielle Massemord huet och si net verschount. Iwwer 200.000 Kanner, onschëlleg an nach e ganzt Liewe viru sech, goufen zu am KZ zu Oświęcim ëmbruecht.

Den Dr. Piotr M. A. Cywiński, Direkter vum Musée, erkläert heizou: „D’Welt vun den Erwuessenen – no allem esou oft ongerecht a grausam – huet ni esou staark demonstréiert, wéi wéineg Häerz se kann hunn.“

Auschwitz
auschwitz.org

Hiren Donnéeën no sinn op mannst 232.000 Kanner a Jugendlecher op Auschwitz deportéiert ginn, dorënner 216.000 Judden, 11.000 Roma an 3.000 Polen. Ganzer 23.000 Kanner a Jugendlecher goufen am Camp registréiert a 700 konnte befreit ginn.

Um 16:00 Auer wäerten och si en Evenement a Gedenken un d’Affer live iwwerdroen:

Passend dozou

Haut de Mëtteg wäert vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an dem Finanzminister Pierre Gramegna, sou wéi dem Albert Aflalo , President vum israelitesche Konsistorium zu Lëtzebuerg, dem Dimitri Dombret, europäesche Representant vun der World Jewish Restitution Organization, an dem Françoise Moyse, Presidentin vun der Lëtzebuerger Fondatioun fir d’Erënnerung un den Holocaust en offiziellen Accord zu den net gekläerte Froen am Kader vum geklaute Besëtz vun de Judden wärend dem Holocaust ënnerschriwwe ginn. Déi uschléissend Pressekonferenz gëtt op www.gouvernement.lu iwwerdroen.

Um 5. Februar bitt d’Cinemathéik eng speziell Seance an Erënnerung un d’Befreiung vum KZ Auschwitz a géint d’Gefore vun Intoleranz, Haass an Ignoranz un. Um 19:00 Auer wäert dofir eng Cine-Konferenz mam Gian Maria Tore a Christope Brüll vun der Uni.lu stattfannen. Dëst Evenement gëtt begleet vun der Filmprojektioun „Death Mills“ (USA, 1945).

Weider Informatiounen fannt Dir op HEI. Denkt och drun, duerch déi sanitär Moossnamen am viraus en Ticket ze kafen.

Folgend Artikele kéinten Iech thematesch och interesséieren:

Opmaacherbild: auschwitz.org

Related topics Antisemitismus, Befreiung vun Auschwitz, Internationalen Dag vum Gedenken un d'Affer vum Holocaust, Judden, Konzentrationslager, Nationalsozialismus, Oświęcim, Rassenhaass, Rout Arméi, Vernichtungslager, Yad Vashem
Next post Previous post