Search

You may also like

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht

An der Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun,

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun
Kultur Neiegkeeten Stories

Luxembourg Art Fair 2019: Ee rouegen Optakt fir déi 4. Editioun

Nach bis e Sonndeg, den 8. Dezember kann een an

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert
Kultur Neiegkeeten Stories

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert

Nodeems den NATO-Generalsekretär sech beim US-President zum Rapport gemellt hat,

Begeeschtert Senioren: Rammstein am Altersheim!

Begeeschtert Senioren: Rammstein am Altersheim!

Wien denkt, datt am Altersheim pur Langeweil herrscht, tëschenduerch vläicht emol eng Partie Karte gespillt oder Schlagersendungen gekuckt ginn, deen huet sech geiert. Genau dat beweist elo eng Grupp u Senioren, déi zu Sachsen-Anhalt voller Energie zur Musek vu Rammstein ofginn.

Bekannt ass déi däitsch Grupp, déi 1994 zu Berlin gegrënnt ginn a fir seng intensiv pyrotechnesch Optrëtter, net grad fir seng harmlos Texter. Oft geet et hei mat engem Koup Oxymoronen, e bëssi Sex an dem Feiere vum weltwäite Widdersproch duerch d’Lidder, woubäi, trotz dem minimalisteschen Asaz vun Text a ville Widderhuelungen, d’Fans hir Idoler vergötteren. Si ginn dem Trend vun der Neuen Deutschen Härte net midd a stinn Lindemann a Co och no 9 Joer Waarden op een neien Album nach ëmmer zur Säit.

Dës Faszinatioun huet elo och Ergotherapeutinnen am Altersheim opgegraff. Duerch ee Sëtzdanz zum Lidd „Ich will“ ginn déi 5 eeler Dammen an Häeren dozou animéiert mat de Féiss ze wibbelen a mat den Hänn ze ruderen. Esou soll den däitschen Text mat Gesten duergestallt ginn. D’Lisa Bojarzin an d’Silvia Bartnik sangen als Therapeutinnen den Text passionéiert mat.

D’Initiativ fir dës kreativ a musikalesch Iddi hu béid Fraen duerch d’Live-Optrëtter vu Rammstein entstanen. Op de Concerten hätte si nämlech am Publikum och vill eeler Fans gesinn, déi et sech net huele loossen, matzegröhlen an ze headbangen. Och de Senioren hu schnell Spaass un der Musek fonnt. Amplaz ze bastelen oder mat hire kierperlechen Aschränkungen um Zëmmer ze sëtzten, freeën si sech iwwert dës eenzegaarteg Ofwiesslung duerch d’Rammstein-Choreo.

Och am Alter sollt een Spass hunn a gefuerdert ginn. „Erlabt ass wat gefällt. Rammstein gefällt!“, erkläert d’Therapeutin. Heiansdo brauch et eben net vill fir glécklech ze maachen! Eis huet de Video op alle Fall amuséiert. Vläicht wir dat jo och eng Iddi hei zu Lëtzebuerg?

Related topics Altersheim, Ergotherapie, Rammstein, Sachsen-Anhalt, Senioren, Sëtzdanz
Next post Previous post