Search

You may also like

Ein Wort in Esels Ohr
International Neiegkeeten

Ein Wort in Esels Ohr

An der Literaturwelt ass de Jérôme Jaminet keen Onbekannten. National

Tëschebilan vu #VakanzDoheem: Et ass méi, wéi just e 50 € Bong!
International Neiegkeeten

Tëschebilan vu #VakanzDoheem: Et ass méi, wéi just e 50 € Bong!

Nodeems d’Ministeren Bettel an Delles gëschter de Baggerweier vu Rëmerschen

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet
International Neiegkeeten

Déi Franséisch Eisebunner hunn sech fir de Klassekampf entscheet

Bei der SNCF sténken d‘Lompen net, se brennen. Déi franséisch

Begnodegung vum Trump fir den Trump?

Begnodegung vum Trump fir den Trump?

Den amerikanesche President begéint all de Beschëllegungen an der Russland-Affär mat: „et ass gelunn; et ass iwwerdriwwen“. Den Donald Trump ass sech deemno kenger Schold bewosst. Hie weist awer drop hin, datt et him erlaabt wier an dëser „Saach“ Begnodegungen auszeschwätzen. Och fir sech selwer?

Am Zesummenhang mat der Russland-Affär huet den Trump seng „absolut Befugnis“ zu Begnodegunge betount. An engem Tweet huet hien zwar ze verstoe ginn, datt et aktuell keng Noutwennegkeet gëtt esou ee Schratt viraus ze denken, mee hie schéngt sech déi Optioun opzeloossen.

Esou zumindest muss een seng Reaktioun op en Artikel aus der Washington Post verstoen. Hien hat sech bei senge Beroder schlau gemaach, wéi eng Méiglechkeete bestinn, d’Strooftäter ze begnodegen. Dat huet natierlech Raum fir Spekulatioune gemaach. Den Trump kéint un déi Optioun geduecht hunn, am Zesummenhang mat de lafenden Ermëttlungen an der Russland-Affär.

Moskau gëtt weiderhi virgeworf sech an de Wahlkampf agemëscht ze hunn. Bei dem Ermëttlunge geet dreem erauszefannen op et Ofsprooche ginn huet, tëscht de Membere vum Trump-Team a Moskau. An dësem Zesummenhang sinn och den Donald Trump jr. an den Eedem Jared Kushner an de Bléck vun den Enquêteure geroden.

Als läscht Affer ass de Justizminister Jeff Sessions ze bekloen. Dee soll als Member vum Trump-Wahlkampfteam mam russescher Botschafter d’Campagne beschwat hunn.

Nogeduecht

Elo gëtt awer net nëmme spekuléiert op den Trump, am Fall vun enger Veruerteelung, iwwert eng Begnodegung vu Familljememberen oder Beroder nodenkt. Experte ginn dovunner aus, datt hien dozou berechtegt wier. Mee denkt den Trump och driwwer no, op hien sech eventuell selwer muss begnodegen?

A sengem Tweet huet hie geschriwwen: „Während mir eis alleguerten doriwwer eens sinn, datt de President d’Vollmacht huet ze begnodegen, firwat dann dorunner denken, wann dat eenzegt Verbrieche géint eis ondicht Stelle sinn. FAKE NEWS“.

Hei bezitt sech den amerikanesche President op eng Rei Medieberichter, an deene Kontakter tëscht sengem Wahlkampfteam a russesche Vertrieder opgedeckt gi waren. Well den Trump an sengem Tweet vu „Vollmacht“ schwätzt, versteet d’New York Times datt hie keng Grenze vu senge Befugnisser gesäit. Et wier allerdéngs eng Premiere. Bis ewell huet dat nach net ginn, datt sech ee President selwer begnodegt hätt.

mat AFP

Foto: Den Trump mam Gouverneur vu Virginia, Terry McAuliffe, während der Zeremonie zum Bau vum Fligerträger USS Ford. Ob hien zu Norfolk dem Gouverneur „Ech brauch näischt ze fäerten, zur Nout begnodegen ech mech selwer“ geflüstert huet, ass net bestätegt ginn. (© Mark Wilson/Getty Images/AFP)

Related topics Donald Trump, Donald Trump jr, Jared Kushner, Russland, USA
Next post Previous post