Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 7. Februar 2021
International Kultur Neiegkeeten Stories

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 7. Februar 2021

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Ouschtermarsch 2019: Wann de Message net bei de Leit ukënnt!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ouschtermarsch 2019: Wann de Message net bei de Leit ukënnt!

E Samschdeg huet et zu Lëtzebuerg no enger gefillten Éiwegkeet

Piraten: d‘Politik muss sech fir de Mënsch asetzen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Piraten: d‘Politik muss sech fir de Mënsch asetzen

Wann d‘Parteien zur Presentatioun vum parlamentaresche Bilan alueden, da wielen

D’Begriefnis vum Groussherzog Jean: Een emotionalen Ofschid vun engem Mënsch, mat groussem Häerz!

Um haitege Moien huet d’Zeremonie vum Begriefnis vu S.A.R. dem Goussherzog Jean an der Kathedral Notre-Dame stattfonnt. Et sollt een ergräifende Moment fir d’Lëtzebuerger Bierger, déi kinneklech Famill an déi geluede Gäscht ginn. D’Mass, déi de Bëschof Jean-Claude Hollerich gehalen huet, huet dem Verstuerwene Groussherzog eng lescht Éier erwisen.

De Verloscht vun engem Familljemember ass wuel vir jiddwereen schwéier. Den eegene Papp ze verléieren ass mat Leed verbonnen, egal wéi ee Status een huet. Ëmsou méi emotional war déi immens Undeelnam vum ganze Vollek an den internationalen Invitéeën. Genau wéi och schonn an der Chapelle Ardente war den Interieur vun der Kathedral mat engem Mier aus wäisse Blummen dekoréiert, wat der Zeremonie ee frëndlechen an hellen Hannergrond bidde sollt.

Et war gewosst, datt d’Plaze limitéiert wäerte sinn, an esou haten déi Persounen, déi d’Chance haten, eng vun de begierte Plazen ze kréien, scho relativ fréi de Wee an d’Kierch fonnt. Nieft de Scouten, déi vum Palais bis bei d’Kathedral Spaléier stoungen, hunn och eng Rei Scouten eng Sëtzplaz an der Kierch selwer kritt. Zu gudder Läscht si mam Cortège, dee vum Palais aus an d’Kathedral gaangen ass, d’Éieregäscht, sou wéi d’Invitéeën vun der Regierung an de Kinnekshaiser duerch d’Haaptentrée agetrueden.

Begriefnis Grand-Duc Jean

De Sarg vum verstuerwene Groussherzog gëtt an d’Kathedral bruecht © Cour Grand-Ducale / Sophie Margue

Déi groussherzoglech Famill betrëtt d’Kierch

Mat klanglecher Begleedung vun der Uergel sinn uschléissend Zaldoten an déi Geeschtlech vum hënneschte Kierchendeel a Richtung Altor ageschratt. Gefollegt gouf den Äerzbëschof a seng Massendénger vu 4 Persounen, déi d’Uerden vum verstuerwene Groussherzog gedroen hunn, bis dunn de Sarg mam Fändel mam Roude Léiw drop an déi groussherzoglech Famill laanscht d’Gäscht lues no vir gaange sinn. Besonnesch dëse Moment huet sech als immens ergräifend erausgestallt, bei dëser leschter Liewensetapp dierfen dobäi ze sinn an de Grand-Duc Henri, der Grande-Duchesse an hirer Famill an dësem Ablack ganz no kënnen ze sinn.

Begriefnis Grand-Duc Jean

Déi groussherzoglech Famill hëlt seng Plaz an© Cour Grand-Ducale / Sophie Margue

„Et ass beweegend, datt de Groussherzog Jean elo fir d’Läscht a seng Kierch komm ass“, esou begréisst den Äerzbëschof d’Invitéeën. D’Mass sollt ëmmer ofwiesselnd an de véier Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, gehale sinn, an esou ass no der éischter Liesung op Franséisch vu S.R.A. Marie-Astrid de „Céleste Jérusalem“ vum S. E. Vongue gesonge ginn, ier et mat der zweeter Liesung an dem „Alléluia“ vum R. Ponchelet, dee vun der Militärmusek an dem Chouer ënnert der Direktioun vum Marc Dostert, viru goe sollt.

Mat enger emotionaler Ried vum Jean-Claude Hollerich ass un d’Liewen an d’Wierken vum Groussherzog geduecht ginn. Virun allem seng grouss Léift, sief et zum Land, senger Famill, der Fräiheet oder och Lëtzebuerg als Ganzt, ass dobäi ervir gehuewe ginn. An dësem Ablack huet all Persoun verstanen, datt dëse geschate Mënsch vu Villen mat Sympathie a Léift ugesi ginn ass. Trotz all dem Leed an der Welt huet hien d’Schéinheet vum Liewen gelieft an no bausse gewisen, an dat beispillsweis och duerch säin Engagement bei de Scouten.

Begriefnis Grand-Duc Jean

D’Zeremonie an der Kathedral © Guy Wolff

D’Liewen ass mam Dout verbonnen

Een Häerz, dat gebrach ass weist, datt ee Léift empfonnt huet. Esou kéint een et och bei dësem Begriefnis beschreiwen. Bei der Ried ass dofir natierlech och dem Grand-Duc Jean säin Asaz am Krich erwäänt ginn, an datt hien elo wahrscheinlech bei all jenen, déi am Krich gefall sinn, ass. D’Liewen ass dobäi, wéi ee Bierg, woubäi mir all fréier oder spéider uewen ukommen. An dësem Kader wëlle mir dem Äerzbëschof eisen déifste Respekt an Wierdegung ausdrécken, fir säin Déngscht um haitege Mueren.

D’Héngerhaut sollt awer nach emol erëmkommen. Déi Helleg Kommioun ass vu sechs musikalesche Stécker begleet ginn. Eent dovunner war „The Flower in the Forest“, een traditionell schottescht Lidd, woubäi zwee Museker um Duddelsak d’Häerz beréiert hunn. De patriotesche Geescht an d’Zesummegehéieregkeet ass zum Schluss immens bei „O Mamm, léif Mamm“ vum A. P. Barthel erauskomm, an natierlech och bei eiser Heemescht, bei der all Invité säin Deel bäigedroen huet.

Begriefnis Grand-Duc Jean

D’Militärmusek mam Chouer vun der Kathedral Notre-Dame am Hannergrond © Guy Wolff

Adieu Monseigneur!

Beim Verloosse vun der Kathedral konnt ee sech nach eng lescht Kéier um Klang vum Duddelsak, mat „Highland Cathedral“ vum U. Roever erfreeën, ier dëst Begriefnis mam „Nimrod – Extrait des Variations Enigma“ vum E. Elgar zu Enn goe sollt.

Um Déngscht an der Mass hunn deelgeholl:

  • De Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
  • Den Apostoleschen Nuntius Augustine Kasujja
  • Den Emeritéierten Äerzbëschof Fernand Franck
  • Den Abt vu Klierf Michel Jorrot
  • Déi Generalvikar Léon Wagener
  • De Paschtouer vun der Kathedral Notre-Dame, den Tom Kerger
  • Den Aumônier vum Haff, den François Muller
  • Den Aumônier vun der Police, den Nicolas Wenner
  • De Pater Daniel-Ange De Maupeou D’Ableiges
  • Den Don Pascal André Dumont
  • Den Diakon Michel Michaely
  • Den Diakon Yves Olinger
  • Den Zeremoniëmeeschter Abbé Jean-Pierre Reiners
  • Dem Service vun der Liturgie mat sengen Geeschtlechen vun der Kathedral Notre-Dame
  • De Chouer vun der Kathedral Notre-Dame, ënnert der Direktioun vum Här Marc Dostert
  • D’Militärmusek, ënnert der Direktioun vum Lt.-Col. Jean-Claude Braun
  • Den Organiste vun der Kathedral Notre-Dame Här Paul Breisch
  • Den Irish Guard LCpl Quinn
  • Den Irish Guard LCpl Hearne
Begriefnis Grand-Duc Jean

© Cour Grand-Ducale / Sophie Margue

Och mir soen dësem gutt-häerzegen Mënsch, deen de Räichtum vum Liewen geschat an eist Land an alle Sënner beräichert huet Merci fir säin Wierken an eisem klenge Land. Dat haitegt Begriefnis huet déi gutt Séil, déi de Groussherzog Jean hat, nees ënnerstrach a gewisen, datt hien vläicht net méi ënnert eis, mee nach an eiser aller Hierzer ass. Äddi Jean!

Related topics Begriefnis, Grand-Duc Henri, Grand-Duc Jean, Grande-Duchesse Maria Teresa, Jean-Claude Hollerich, Kathedral Notre-Dame, Militärmusek
Next post Previous post