Search

You may also like

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal
International Meenung Neiegkeeten

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal

Den OGBL ass de Majoritéitsvertrieder am Secteur vun der Siderurgie

Am Interview mam däitsche Bestseller-Auteur Andreas Eschbach
International Meenung Neiegkeeten

Am Interview mam däitsche Bestseller-Auteur Andreas Eschbach

Huet een dat richtegt Buch mat der passender Geschicht fonnt,

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima
International Meenung Neiegkeeten

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Um Méindegmueren hunn d‘Ministeren Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP)

Däitschland: Bei der Boma hält de Spaass op

D‘Lidd „Ëmweltsau“ vum Kannerchouer vum WDR léist net nëmme bei eisen Noperen d‘Hitt héich goen (eng kommentéiert Analys))

Däitschland: Bei der Boma hält de Spaass op

Nodeems de Post mat enger iwwerspëtzter a satirescher Versioun vum Lidd „Meine Oma fährt im Hühnerstall Motorrad“ op der Facebooksäit vum WDR2 (Westdäitsche-Rundfunk) viral gaangen ass, huet et massiivst Opreegung ginn. Och vill Lëtzebuerger hu sech op der Säit vum WDR eppes geiergert. Grond genuch deem Ganzen op de Fong ze goen.

Et wier onverschimmt a beleidegend géintiwwer den eelere Matbierger, esou d‘Opreegung an de soziale Medien – woubäi den Toun awer schonn eppes méi „direkt“ war- nodeems dëst u sech ganz lëschtegt Lidd dausendfach gedeelt ginn ass. Hei am Lidd gëtt eng fiktiv Boma als Ëmweltsau bezeechent, a keng „Sau“ huet verstanen, datt d‘Boma leedeglech e Plazhalter fir d‘Gesellschaft an de politesche System steet. Wien dat net verstanen huet, hat et an der Schoul schwéier.

Hei de Respekt fir eeler Mënschen afuerderen, fir et gläichzäiteg ganz selbstverständlech ze fannen, datt ëmmer méi där eeler Semester sech mat „Flaschenpfand“ iwwert d‘Ronne brénge mussen, dat ass scho krass a beweist eis och, datt et hei aner Grënn muss ginn. An dofir vun dëser Plaz ee klenge Rot un d‘Knetzelen an d‘Krapperten, dir musst kee Respekt virun eelere Leit hunn, just well si méi „al“ sinn. Respekt sidd dir deene Schëlleg déi iech gutt behandelen an et gutt mat iech mengen.

Boma

Et deet een dann och gutt drun ze kucke wien de sougenannte Shitstorm lancéiert huet. Sinn dat besuergten Elteren oder veriergert Grousselteren? Nee, deem ass net esou. Hei gëtt sech a gewësser Mooss „strategesch“ opgestallt, fir géint déi ëffentlech-rechtlech Medien (an hir Zwangstax) wéi och géint Klimaschutzinitiative virzegoen. A wann ee sech eppes méi no mat de Kregéiler befaasst, also hir „Säit“ besicht, ass eng „riets“ Gesënnung ze erkennen, déi engem kann Angscht maachen.

Datt se beim WDR op d‘Entrëschtung agaange sinn an de Video geläscht hunn, beweist allerdéngs och, datt een dat mat der Ëffentlechkeetsaarbecht net geschéckt huet. Esou hätt een aus der Erfarung eraus missen drop virbereet sinn, wéi d‘Influencer vum rietse Bord sech esou eng Satir uneegnen an versichen domatter Kapital ze maachen. Woubäi et richteg ass, datt Systemkritik keng Sakgaass ass.

BomaWann awer déi selwecht Leit, déi d‘Boma net als Ëmweltsau ofgestempelt wëlle gesinn, däitsch Rapper op hire Säite veréiwegen, déi „deng Mamm“ fécke wëllen, oder d‘Poliziste wëlle „brenne“ gesinn, wann dës Leit esou zimlech all Schäiss vun AfD an/oder NPD „liken an deelen“ an sech fir den „Negerkuss“ oder den „Zigeinerschnitzel“ asetzen, sollt een dat net och nach ënnerstëtzen.

Bei eisen däitschen Nopere gëtt sech also iwwert Satir geiergert an deels – wéi hei – erfollegräich dofir gesuergt, datt déi „geläscht“ gëtt. (Woubäi den Internet vergësst näischt). Wann awer en AfD-Politiker ëffentlech vun „Negere“ schwätzt an Albaner pauschal als Krimineller bezeechent, da sinn et déi selwecht, déi sech géint dat Lidd stellen, op emol ganz begeeschtert statt veriergert. Bei der nächster Etapp wäerten da wuel nees Bicher verbrannt ginn, iert et de Leit un de Pelz geet…

Foto: PeterH/Pixabay

Related topics Boma, Ëmweltsau, Klima, Satir, WDR2
Next post Previous post