Search

You may also like

dislike
Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
Neiegkeeten

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren
Neiegkeeten

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren

Wéi den OGBL matdeelt, sinn no aacht Verhandlungsronnen tëscht Personaldelegatioun

De Sozialplang vun der BEI-Crèche ass ënnerschriwwen

De Sozialplang vun der BEI-Crèche ass ënnerschriwwen

Déi Europäesch Investitiounsbank (BEI) um Kierchbierg mécht Enn August definitiv hir Dieren zou an et war en zolidd Stéck Aarbecht fir d‘Direktioun zum erfuerderleche Sozialdialog beweegt ze kréien. Wéi den OGBL (Majoritär) an den OGBL um Freideg matgedeelt hunn, konnt dann elo awer de Sozialplang fir déi 44 Salariéeë vun der Crèche „l‘Abeille“ ënnerschriwwe ginn.

Et ware laang an ustrengend Wochen, well sech d‘Direktioun vun der BEI all Dialog verwiert huet an och den unhalende Protest vun de Mataarbechter, der Personaldelegatioun an de Gewerkschafte versicht huet ze ignoréieren. Eng Haltung déi ëm esou méi verwerflech ass, wéi et sech bei der BEI ëm eng europäesch Institutioun handelt, vun där een sech esou Verhalen net hätt wëlle virstellen.

Leider ass dës Haltung d‘Standardprozedur zanter 25 Joer, an d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL hu sech entspriechend missen ustrengen. Et ass hinne schlussendlech gelongen, sozial Moossnamen, wéi beispillsweis d‘Preretraite, duerchzesetzen. Si hunn de Salariéeën zudeem och gehollef sech berufflech nei ze orientéieren. Béid Gewerkschaften denoncéiere weiderhin dës Fermeture.

Illustratioun: © Aliyah Jamous / unsplash

Related topics Crèche L'Abeille, EIB, Europäesch Investitiounsbank, LCGB, OGBL, Sozialdialog, Sozialplang
Next post Previous post