Pedagogesche Circuit: D‘Beien an der Stad Lëtzebuerg

Vu Mee bis September 2022 gi Kleng a Grouss dozou motivéiert um neie pedagogesche Circuit vun der Stad Lëtzebuerg d‘Natur an hir kleng Bewunner, dorënner besonnesch d‘Beien méi no kennenzeléieren.

Ganzer 13 informativ Panneauen an 3 Sproochen, verdeelt op engem Rondwee vun 2,5 km erméiglechen net nëmmen e flotten Trëppeltour vum Knuedler op d‘Clairefontainsplaz, erof bei d‘Uelzecht an de Gronn a laanscht de Bockfiels zeréck an d‘Uewerstad, mee huelen ënnert anerem Theemen wéi d‘Aartevillfalt an de Steemaueren, d‘Orientéierung vu Beien, d‘Bestebsung an d‘Gefor vun Insektevernichtungsmëttel méi genee ënnert d‘Lupp.

Wie sech léiwer d‘Liewen an den Notze vun de schwaarz-giele Brummer direkt erkläre loosse well, fir dee sinn déi guidéiert Visitte genee dat Richteg. D‘Participatioun ass gratis, allerdéngs muss ee sech am viraus umellen. All Informatiounen zu den Daten, der Umeldung, sou wéi och den Depliant mat allen Informatiounen zum Circuit fannt Dir op beien.vdl.lu.

D‘Organisatioun läit an den Hänn vun der Stad Lëtzebuerg, déi a Kollaboratioun mam Naturmusée an dem Neimënster dësen informative Wee op d‘Bee gestallt huet. Ënnerstëtzung krute si vun de Staatsarchiven, der Stroossebauverwaltung a Servior – Op der Rhum.

Dernières nouvelles