Search

You may also like

De Covid19 fuerdert nei Affer
Kultur Neiegkeeten

De Covid19 fuerdert nei Affer

Et gëtt nach ëmmer Mënschen am Land déi sech schwéier

Pakistan erlieft en déidleche Wanterabroch
Kultur Neiegkeeten

Pakistan erlieft en déidleche Wanterabroch

Et ass en heftege Wanterabroch mat deem Pakistan, an d‘Nopeschland

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft
Kultur Neiegkeeten

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft

Bannent de leschte 24 Stonnen hunn déi am Iran zoustänneg

Sankt Bernardus „Abt 12“ – Hellege Béier fir en hellegen Owend

Sankt Bernardus „Abt 12“ – Hellege Béier fir en hellegen Owend

D‘Trappisten hunn de Béier wuel net erfonnt, schlussendlech awer dat bescht draus gemaach. Ouni d‘Kierchemänner hätt ee wuel net déi grouss Auswiel, besonnesch bei den artisanale Béierzorten. An dës Borschte ware keng „Kaschtverächter“, si wousste wat Léif a Séil beienaner hale géif an hu sech iwwert Joerhonnerten och gären eppes vergënnt. An elo déi allerbeschten: de Sankt Bernardus gëtt als Trappiste-Béier ugebueden, mat der Kierch am eigentleche Sënn huet hien näischt um Hutt.

Ee klenge geschichtlechen Exkurs: zu Ufank vum 20 Joerhonnert, gouf am Frankräich dat haut als „Gesetz vun 1905“ bekannte Gesetz zur Trennung vu Kierch a Staat agefouert. D‘Trappiste si vum Catsbierg (Nordfrankräich) an d‘Belsch geplënnert an hu sech um Bauerenhaff „Patershof“ (gëtt jee no Quell och als Courtwyle bezeechent) néiergelooss. Si hunn hirer neier Heemecht ee passenden Numm ginn: „Refuge de Notre-Dame de Saint Bernard“. Si waren déi éischt Steierflüchtlingen…

An nee si hu an hirem „Refuge“ kee Béier zesummegeschrauft, d‘Trappisten hu Kéis gemaach. Wéi sech dunn iwwer d‘Joren ewech d‘Fransousen nees mat der Kierch „verdroen“ hunn, an d‘Steieren op hiert Akommes mat eppes méi Verstand gerechent goufen, sinn d‘Kierchemänner nees zréck an hir al Heemecht an hu Flanderen de Réck zougedréit. D‘Kéisfabrick huet sech dunn den Evariste Deconinck gekroopt, de Refuge sengersäits gouf vum CPAS vu Bruges iwwerholl. An d‘Kierch?

Ma d‘Kierch, méi prezis d‘Abtei Sankt Sixtus zu Westvleteren huet dem Evariste Deconinck eng „Lizenz“ zougestanen. An dëser Lizenz war nieft der Produktioun och d‘Kommerzialisatioun mat abegraff. An der Abtei ass och nach Béier gebraut ginn, an nëmmen op der Plaz u Privatpersoune verkaf ginn (1946-1992). 1962 ass d‘Lizenz nach emol fir 30 Joer verlängert ginn. Sengerzäit war de Proprietär Guy Claus scho bal de neie Chef, an dësen hat kloer Ziler a gutt Iddien op Lager.

Esou huet dësen, wéi hien 1965 de Buttek iwwerholl hat emol de Kierchemänner hire laizistesche Braumeeschter gezoppt. Dat erkläert firwat bis haut d‘Rezepture vun de Sankt Sixtus Pateren (fir d‘Nimm/Zuelen 6 – 8 – 12) erhale goufen an esou och nach genotzt ginn. Elo kéint een nach eppes zu de Variatioune bei der Bezeechnung soen, mee eigentlech geet hei jo emol prinzipiell ëm dat wat sech an der Fläsch befënnt. An dat ass schonn – mat sengen 10% Alkoholgehalt – eppes méi „Rau“.

Wann dat heite wuel nees kee Lëtzebuerger ass, den Abt 12 versteet et eis Geschmaachsnerven ze beandrocken. Gutt esou eppes sollt een engem Béier, deen als „dee beschte Béier op der Welt“ vun allen Experten, Fachleit a wien soss nach eppes derzou ze soen huet, bezeechent gëtt, och dierfen zoutrauen. Bei der „Abt 12“ handelt et sech dann och ëm ee sougenannten „Quadrupel“, wat nees wëll erkläert ginn. Dat virun allem, well et dobausse Leit huet, déi dat un der Gärung festmaachen.

Mee nee… an iwwerhaapt wéi soll dat goen an zu wéi engem Zweck? Mat Quadrupel versteet de Braumeeschter, datt véiermol esouvill Wuer wei beim „Referenzbéier“, also dem helle Béier agesat gëtt. Hein? Alles gutt: an der éischter Etapp vum Brauvirgank, gëtt d‘Waasser mat véiermol esouvill Malz gemëscht wéi bei der Referenzdosis, dorausser entsteet d‘Maisch. Beim kachen – also der zweeter Etapp – gëtt dann och nach véiermol esouvill Happ wéi bei der Referenzdosis bäigeprafft.

Dorausser entsteet net nëmmen en herrlech leckere Béier – dee sech ouni Konservéierungsstoffer bis zu véier Joer am Keller an der däischtert lagere géif loossen, wann ee vergiess huet datt es do ass – an där een, deen een op déi eng oder aner Manéier ni méi vergiesse kann. Hien ass fruuchteg mat engem Touch Karamell, seng Kappnout huet eng Broutwierz an am Ofgang gëtt hien nosseg. A keng Angscht, hien ass schonn eppes Batter, mee nëmme liicht. Zerwéiert gëtt hie mat 11°C.

Foto: Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Abt12, artisanale Béier, Béieradventskalenner, La Punta, Sankt Bernardus, Sixtus Abtei, Westvleteren
Next post Previous post