Search

You may also like

money
De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert
Kultur Neiegkeeten

De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert

Dëse Méindeg 13. November wäert Venezuela senge Creanciere mussen agestoen,

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant
Kultur Neiegkeeten

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant

Nodeems viru kuerzem d’Zuele bei den Demande fir Asyl fir

Premier verleet d‘Heure de Vérité
Kultur Neiegkeeten

Premier verleet d‘Heure de Vérité

Eise Premier ass wuel ee lëschtege Kadett, mee zesumme mat

Béierhaascht „Ambrée“ – Wéi huet de Guy d‘Bernstein-Zëmmer an d‘Fläsch kritt?

Béierhaascht „Ambrée“ – Wéi huet de Guy d‘Bernstein-Zëmmer an d‘Fläsch kritt?

Wat wier d‘Welt ouni de Guy Majerus, eise Braumeeschter vun der Käerjenger Béierhaascht? An nee et ass net domadder gedoen ze behaapten datt sech all Mënsch ersetze léisst. Béier brauen ass eng Konscht, déi nieft Kreativitéit vill Passioun a Bereetschaft vun de Braumeeschter ofverlaangt.

Et ass, wann een artisanale Béier gären huet an esou eppes op Distanz zum industrielle Mainstream geet, schonn eppes méi verlaangt, wéi Knäppercher drécken. Besonnesch bei malzbetountem Béier, wéi dem „Ambrée“ vun der Béierhaascht, wou den Happ zwar am Hannergrond steet an awer eng ganz seriéis Roll spillt, ass nieft Wëssen & Kënne vill Handwierkskonscht vum Brauer verlaangt.

De Béierhaascht „Ambrée“ reit sech an, an d‘Assortiment vun der Amber Ale an dësen zeechent sech dann och, wéi de Numm et scho seet, duerch seng schéi Bernstein-Faarf of. Et gëtt awer och Zorten déi méi an dat roudelzegt ginn. A wann den Numm et op den éischte Bléck och net hir gëtt, esou vereent den amerikanesche Béierstil dat bescht aus zwou Welten. An dem Guy säi souwisou.

Mam „Ambrée“ (5,2%) huet een also wéi schonn agaangs bemierkt, ee malzbetounten uewergärege Béier virun sech stoen, dee ee kofferfaarweg ulaacht. D‘Faarf bezitt dësen Amber Ale aus dem liicht gereechertem Malz. Deen ass och fir de kräftege Goût an de feste cremege Kierper verantwortlech. Den Happ gëtt dem Béierhaascht „Ambrée“ dann och nacheng ganz agreabel frësch Kappnout.

Erënnere mir awer kuerz drun, datt den Amber Ale sech am Kontext vum „Craftbeer-Mouvement“ an den USA entwéckelt huet (80er joren) a sech säi Wee vun der US-Westküst duerch de ganzen nordamerikanesche Kontinent zitt. Haut huet sech dëse Béierstil op der ganzer Welt etabléiert an dem Guy Majerus ass ee ganz besonnescht Exemplar gelongen. Do bleift keen Aen dréchen…

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Amber Ale, Ambrée, Béieradventskalenner, Béierhaascht, Guy Majerus, La Punta
Next post Previous post