Search

You may also like

Nees Flüchtlingen aus engem Camion befreit
Kultur Neiegkeeten

Nees Flüchtlingen aus engem Camion befreit

Déi däitsch Police huet un enger Raschtplaz nei Passau (Bayern)

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen
Kultur Neiegkeeten

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen

Spuenien ass eng vun eisen dräi beléiftste Reesdestinatioune, firwat et

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020
Kultur Neiegkeeten

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020

D’Kufa Summer Bar ass aktuell de gesellegen Highlight vun der Kulturfabrik.

Clausel „Black Munster“ – Dee geheimnisvollen aus der Stad

Clausel „Black Munster“ – Dee geheimnisvollen aus der Stad

Bei dësem ganz exzellente Béier vun der mëttlerweil gutt etabléierter Clausel-Brauerei sinn sech d‘Avisen an der Redaktioun eppes kontradiktoresch begéint. Ass et een däischtere Lager, oder awer éischter ee Brown Ale? Eng kloer an däitlech Äntwert ass trotz vill schmaachen, also maximalem Kierperasaz, net wierklech méiglech, woubäi de Konzept selwer um däischtere Lager geleeën ass.

Do kann elo pragmatesch virgoen an alles op een „A wéi schmaacht deen dann?“ reduzéieren, an d‘Äntwert drop muss der Wourecht gerecht heeschen: „Lecker, mir wëllen dees nach!“ Esou kann een natierlech kee Béier bewerben, well wien dësen nach net probéiert huet, soll sech net eleng op eise Goût beruffe mussen, mee wéi et sech gehéiert méiglechst gutt an objektiv informéiert ginn.

Jo och datt ass der Wäisheet net leschte Schluss, an et kann een anerer Meenung sinn. An esou huet de Black Munster méi vun engem Brown Ale wéi vun engem däischtere Lager. Datt huet esouwuel mat senger Faarf wéi mam Fakt ze dinn, datt den Happ beim däischtere Lager vill méi subtil agéiert an den Job huet de séisse Charakter an d‘Gläichgewiicht ze bréngen. Mee anersäits huet de Black Munster eng richteg agreabel Kaffisnout. Mee déi ass däitlech agreabel, also ass et ee Brown Ale.

Hei kann een dergéint halen, datt grad d‘Definitioun vum engem Brown Ale fir all Béier-Sommelier zur Erausfuerderung gëtt. Stëmmt, déi hu besonnesch mat den industrielle Béieren, vum Typ Brown Ale, datt do d‘Grenzen zu villen aneren Typpe verschwammen. Bei den artisanalen, wéi also hei beim Clausel Black Munster, geet dat vill besser, hien ass malzbetount an huet och déi richteg Faarf.

Déi aner Säit der Musel seet een dozou „Bernsteinfarbig“. Am Black Munster sinn net manner wéi fënnef Malz-Zorte mat zwou Happzorte vereent ginn. Hie bitt mat 5,5% Alkohol nach ëmmer ee liichte Genoss, ass ganz bekëmmlech a passt perfekt zu enger Schwéngshax. Säi Kierper ass ferm mee geschmeideg. Hien zitt et vir genoss ze ginn, dat da méiglechst mat eppes Rou. Prost!

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Black Munster, Brown Ale, Clausel, La Punta
Next post Previous post