Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Fetisch
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Fetisch

Um 18. Januar feiert weltwäit d’BDSM-Zeen ënnert dem liicht ironesche

money
Lëtzebuerg stäipt Afrikanesch Entwécklungsbank
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg stäipt Afrikanesch Entwécklungsbank

Leschten Donneschdeg hat et eng aussergewéinlech Assemblée vun der ADB

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen
Kultur Neiegkeeten

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen

Bofferding „BIO“ – Natierlech wäert am längsten

Bofferding „BIO“ – Natierlech wäert am längsten

Kuerz virum Summer huet déi renomméiert Käerjenger Brauerei „Brasserie Nationale“ säin Assortiment vergréissert. Woubäi, eigentlech ass déi „biologesch“ Versioun vun der bei alle Béieramateure beléifte Bofferding. Jo dat ass richteg an awer ass de Produit en neien. Zudeem schreift sech dëse „sëffege Secret“ an déi lokal Dynamik a geet och mam gudde Beispill vir.

De Bio, nach bis viru wéinege Joren als „Moud“ verkläert, huet sech an der tëscht bei den neie Generatiounen duerchgesat. Maximale genoss bei gläichzäitegem Respekt virun Ëmwelt & Natur, esou liewen ëmmer méi Mënschen hiert Liewen. An datt „Bio“ sech éischter positiv op alles wat mat Ernierung ze dinn huet néierschléit, sollt een elo wierklech net méi extra betoune mussen.

Elo ass d‘Brasserie Nationale wuel nach ëmmer eng artisanal Brauerei, gemooss u senger gréisst, och wann een hir eng gewëssen industriell Ausriichtung net ganz ofschwätze kann. Aus dësem Grond ass erlaabt op dëser Plaz ze betounen, datt alles, wat déi Käerjenger Braumeeschter esou zesummebrauen, wäit vum tatsächlech industriell hiergestallte Béier ewech ass. Jo dat esou…

Beim Bofferding „BIO“ setzt d‘Brasserie Nationale net nëmmen op Nohaltegkeet. Nee si gesinn esou Projete laangfristeg, firwat si dann och Partenariater mat de Lëtzebuerger Landwirt, déi biologesch Geescht hierstellen, agaange sinn. Et gëtt dann och enk mam Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur zu Lëtzebuerg (IBLA) zesummegeschafft. Dat ass Verantwortung.

Eenzeg den Happ – dee selbstverständlech och aus biologeschem Ubau kënnt – gëtt importéiert. Dat kléngt op den éischte Bléck no laangen Transportweeër, firwat een dierf kloerstellen, och déi Wuere wou aus der Groussregioun kommen, sinn „importéiert“. Géif an dësem Fall de regionale Charakter berécksiichtegt, misst et richteg heeschen „aus lokalem biologeschen Ubau“. Mee do ass eng Grenz.

Bei der Bofferding „BIO“ handelt et sech ëm e Béier vum Typ „Lager“. Et hält een hei also en ënnergärege Béier an Hänn. Dee wuel bekanntste „Lager“ Béier ass de Mäerzen, deen de Leit als Oktoberfestbéier éischter geleefeg ass. Do wonnert sech den Expert an et staunt de Laien. De BIO huet en Alkoholgehalt vu 5%, ass schéi gëllen am Bléck an huet e generéise Kierper.

Mam BIO kann ee kaum eppes falsch maachen. Top Qualitéit, laang Traditioun an eng op d‘Zukunft ausgeriichte Geschäftspolitik, sinn nëmmen ee puer vun de villen Attributer, déi sech d‘Brasserie Nationale iwwert Joerzéngten ewech dank haarder Aarbecht erschafft huet. An dat alles hunn se mat der BIO an enger Fläsch kënnen zesummefaassen. Wann een also d‘Wiel, huet sollt een zougräifen.

Foto: © Shari Pleimelding / unsplash

Related topics Béier, Béieradventskalenner, Bio, biologeschen Ubau, Bofferding, Brasserie Nationale, Happ a Malz, IBLA, Lager, Sëffege Secret
Next post Previous post