Search

You may also like

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!
Kultur Neiegkeeten

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!

Nodeems bei der leschter Campagne “Entscheet dech richteg” vun der

dislike
D’CGFP trëtt fir eng fakultativ Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant an
Kultur Neiegkeeten

D’CGFP trëtt fir eng fakultativ Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant an

Am Dezember 2017 haten sech iwwer 7.000 Bierger an enger

Dikrich TV – Eng Stad start hir eegen Tëlee
Kultur Neiegkeeten

Dikrich TV – Eng Stad start hir eegen Tëlee

Als Gemeng geet et hautdesdaags net méi duer regelméisseg en

Daily Nectar – Eppes fir sech dran ze verléiwen!

Daily Nectar – Eppes fir sech dran ze verléiwen!

Wéi all Joer huet och 2020 d’Totenhopfen Brauhaus nees nei Entwécklungen Opweises. Fir all déi wou de Béieradventskalenner vu La Punta kennen, sinn déi éierlech Produkter, déi vun eise Béier-Ambassadeure Sergio a Patricia entworf ginn, elo net méi wierklech ee Geheimnis. An awer weess de Kenner, dat hien sech ëmmer nees op eng Iwwerraschung an en Highlight astelle muss.

Mam Daily Nectar – engem „New England Pale Ale“ deen zu Budapest vu Sörmüves Kft mat den Happzorten „Galaxy“ & „Mosaic“ gebraut gëtt – ass dëser kreativer Koppel op en neits ee richteg interessanten artisanale Béier gelongen. Lecker fruuchteg an dobäi ganz moderat batter, ass dësen dréiwe Borscht ee Genoss fir „Broscht a Séil“. An jo et ass en Uewergäregen… firwat och net.

Hei gëtt am Numm allerdéngs och schonn esou zimlech op dat Wichtegst higedeit: Esou ass den Daily Nectar zwar fruuchteg bis an déi déck Zéif, mee kaum séiss oder saierzeg, firwat dann awer den Happ sech richteg bemierkbar mécht. Dat ass streng geholl och säi Job a gehéiert sech esou an engem New England Pale Ale. Wichteg, den Happ drängt sech engem net op, stäipt awer d‘Aromen.

Säi „Kleed“ ass naturdréif, liicht orangelzeg, am Mond zaart wéi Samett a ganz douce am Ofgang. Den Asaz vu Weess-, Huewer a Geeschtflacken, dréit zur geschmeideger Konsistenz bäi, woubäi d‘Geeschtmalz den Haaptatout bleift. Fir komplett ze sinn, dierf erënnert ginn, datt all d‘Ingrediente mat beduecht gewielt ginn. Och beim Daily Nectar kënnt wierklech nëmmen dat bescht an d‘Fläsch.

Den Daily Nectar gehéiert éischter zu de „rekreative“ Béierzorten, an ass ee grousse Frënd vun der Sonn, woubäi en d‘Fläsche scho sollt kill an däischter lageren. Hie wäert dofir de Summer nach emol, fir esou laang wéi ee brauch en ze genéissen, héich liewe loossen. Als Tipp fir de Genoss: mat frëschen Oliven, déi natierlech mat ouni weiderem Geméis, ass dëse Béier een zolidd Erliefnes.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Daily Nectar, Fruuchteg, La Punta, Totenhopfen, Uewergäreg
Next post Previous post