Search

You may also like

Etüd LëtzCare. Penurie verstoen an den Problem un der Wuerzel paken
Kultur Neiegkeeten

Etüd LëtzCare. Penurie verstoen an den Problem un der Wuerzel paken

An enger Etüd an Kollaboratioun mat der Universitéit Lëtzebuerg wäert

Editorial: Wann d’Klimper-Tatta den Toun net trëfft
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wann d’Klimper-Tatta den Toun net trëfft

Selwer politesch éischter den totale Feelgrëff, huet sech elo an

CSV: Wëssenschaftlech Fakten-Basis fir Covid-Gesetzer oppeleeën
Kultur Neiegkeeten

CSV: Wëssenschaftlech Fakten-Basis fir Covid-Gesetzer oppeleeën

D’CSV fuerdert d’Oppeleeën vun de wëssenschaftlecher Fakten-Basis fir d’Ofstëmmung vun

Heischter „Haascht Béier“ – E Gissi ass säin Emblème

Heischter „Haascht Béier“ – E Gissi ass säin Emblème

Et ass mat een vun de Favoritten aus dem Béieradventskalenner, wat iech elo net verwonnere sollt, well den Haascht Béier kënnt vum Heischter (dat ass de vun „do owwen“). De Benny Wallers, dat ass de Chef, wéi de Stephan Schütz, dat ass de Braumeeschter, wësse wéi Béier schmaache muss a wéi wichteg et ass, „senge Leit“ nëmmen dat bescht an d‘Glas ze schëdden. Ausname gëtt et keng.

An esou kéint een och nees beim Haascht Béier blann zougräifen, an d‘Gewëssheet hunn awer alles richteg gemaach ze hunn. Allerdéngs gëtt et och beim Heischter, jee nodeem no wéi engem Béier ee gräift, eppes Ënnerscheeder. Dat trëfft och op den Haascht Béier zou, deen d‘Gissi net nëmmen als Emblème op der Etikett dréit, mee ee gellegt „Rauchbier“ ass. Dat huet mat den Haascht-Aromaen ze dinn, firwat eis däitsch Noperen hien och als flësseg Ham ze ëmschreiwe verstinn.

Dat ass méiglech, well bei dësem Béier ausser Waasser, Happ an Hief och de „Rauchmalz“ beim Brauen agesat ginn. Dëse Malz hierzestellen ass schonn eng Konscht u sech, well et ass Gréngmalz, also deen duerch Bewässerung keimende Kärkierper, deen nach virum eigentleche Prozess vum dréchnen, dem Damp vu Bichen- oder Eechenholz ausgesat gëtt. Dat ass d‘Geheimnis vu sengem aromatesche Charakter. Et huet een et dann och mat engem ausgewuessene Spezialbéier ze dinn.

Wann dat gewosst ass, an een dëse Béier nach ni sollt geschmaacht hunn – dat soll virkommen – ass ee gutt beroden sech himm mat engem oppenen Häerzen unzehuelen. Jo den Haascht Béier ass do wuel éischter eppes fir méi „engagéiert“ Amateuren, mee denkt ëmmer drun, datt och déi Leit den Haascht Béier iergendwann emol als „éischt“ am Grapp haten. Jo, hie kann zum Deel polariséieren, an ass näischt fir déi „grouss Mass“, woubäi dat kann nëmme festgestallt gi wann een en drénkt.

Beim Haascht Béier, mat sengen eppes méi ausgepräägten Ëmdréiungen (6%) ass also de Malz wéi beschriwwen, déi dominant Charakteristika. Mee fir datt hien och zur Excellenz gelaangt, brauch et natierlech Happ. An dësen huet eng immens wichteg Roll ze spillen. Engersäits si mir eis eens datt dëse vu beschter Qualitéit muss sinn, an dësem Fall awer och richteg kräfteg. Et ass nämlech den Happ dee fir d‘Komplexitéit am Haascht Béier suergt. Gutt datt d‘Drénken eppes méi einfach ass.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Béieradventskalenner, Benny Wallers, Brauerei, Heischter, La Punta, Stephan Schütz
Next post Previous post