Search

You may also like

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
Kultur Neiegkeeten

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?
Kultur Neiegkeeten

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) wäert an Zukunft guidéiert Visitte fir Privatleit

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer
Kultur Neiegkeeten

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer

Hien hat et annoncéiert an ugeuerdent: den US-President wëll net

Bare Brewing „Hierscht-Geescht“ – Dem Renert säi Léifsten!

Bare Brewing „Hierscht-Geescht“ – Dem Renert säi Léifsten!

„Gudde Béier mécht gutt Mënschen“, ass méi wéi just ee Sproch. Wien sech dann och mam grousse Choix aus dem Assortiment vu Bare Brewing auskennt, weess dat hei méi wéi ee philosophesche Gedanken derhannert stécht. Béier beaflosst zuweilen d‘Sozialverhalen, a wat dëse besser ass, wat och déi mënschlech Interaktioun besser gëtt. Jo de moderate Genoss, mécht et esouguer nach besser.

An esou huet et sech erginn, datt den Hierscht-Geescht – hie gëtt zu Déifferdéng gebraut – wuel an éischter Linn eng Hommage un den „indianesche Summer“ ass, firwat ee Béier vum Typ „Red Ale“ entstanen ass. Orange-Rout wéi d‘Blieder am Hierscht, an dat ouni an den Ëmdréiungen ze hefteg ëm sech ze schloen (5,6%) ass dëse Béier mam Renert, grad zur dëser Joreszäit en Héichgenoss.

Hei kommen net manner wéi dräi Malzzorten an den Asaz, déi vu ganzer véier Happzorte gestäipt ginn. Säi gutt ofgeronnte Korpus a Verbindung mat enger doucer Kappnout vu geréischtertem Malz an dem hauch Karamell, erfreet de Mann an d‘Fra gläichermoossen. Fir seng Aromaen an déi scho liicht ënnerschiddlech Nouten a Vollendung ze genéissen, empfeelt sech ee Glas mam décke Bauch.

D‘Kenner wëssen, fir déi aner: beim Red Ale handelt et sech ëm en uewergärege Béier, dee schonn eppes Famill mam „Pale Ale“ ass, wat bei den industrielle Béiere schonn eppes zu Verwiesslunge féiere kann. Dat, esou zumindest eis Aschätzung, dierft mam „Hierscht-Geescht éischter net Fall sinn. Hien ass jo och entschidde méi „séiss“ wéi säin op Happnoute getrimmte Bridderchen.

Hierscht-Geescht

Am Fall vum Renert sengem Léifsten, bréngen déi hei agesaten Happzorten (Perle, Saaz, Hallertau a Cascade) dem „Hierscht-Geescht“ eng ganz agreabel fruuchteg Nout. Hien ass verféieresch an ee lëschtege Gesell, gutt bekëmmlech a wann een hie beim Apero mat engem Rondel Liewerwurscht iwwerrascht, dann ass een a gudder Gesellschaft. Maacht et also wéi de Fuuss, kroopt iech een…

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Bare Brewing, Béier, Béieradventskalenner, Brauerei, Fuuss, Hierscht-Geescht, La Punta, Renert
Next post Previous post