Search

You may also like

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär
Kultur Neiegkeeten

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär

Wou den Otto-Normalbierger einfach an de Buttek geet a sengem

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht
Kultur Neiegkeeten

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht

Honger kann elle sinn, sollt awer net esou eskaléieren, wéi

Mat Geld léist sech villes léisen
Kultur Neiegkeeten

Mat Geld léist sech villes léisen

Nodeems d‘Spideeler Robert Schumann (HRS) wéinst diverse „Virfäll“ eppes ze

Këppwald „Black“ – Wuertwiertlech ee „Grenz-Wäertegen“

Këppwald „Black“ – Wuertwiertlech ee „Grenz-Wäertegen“

Gudden artisanale Béier aus Lëtzebuerg ass dat eent, „Groussregioum denken a liewen“ dat anert. Esou huet et sech erginn, datt ee Steeworf vun der Grenz ewech, vun der Brauerei Ebly ee gellege Béier ënnert dem Markennumm „Corne du Bois des Pendus“ (Lëtzebuergesch: Këppwald genannt) hiergestallt gëtt, a fir de Béieradventskalenner ass sech dem „Black“ zougewennt ginn.

De Këppwald Black gehéiert zur Famill vun den „American Strong Ale“ an huet mat sengen 8% nawell ee bëssi eppes „Opweises“. Seng Séil ass esou schwaarz, datt hie Politiker kéint sinn, mee anscheinend ass Béier generell a-Politesch. Ass och egal u sech, well bei dësem gëttleche Genoss zielen emol fir unzefänken d‘Aromaen an de Kierper. Et wëll en hien drénken an net wielen…

Mat dësem Pechschwaarze, relativ déck an senger Konsistenz mee mat enger séisser beiger Kroun, Béierchen, profitéiert een direkt vun enger ganzer Villfalt un Aromaen: als éischt mellt sech de Schockela zu Wuert, dee vun enger feiner Kaffi-Kappnout gestäipt gëtt. Schold dorunner huet de geréischterte Malz. Am Ofgang huet et een Hauch vu Rum deen op enger Eechenout ofschléisst.

Et huet een hei also mat engem méi „séisse“ Béier ze dinn, esou wéi et sech fir ee „Porter“, wéi dës Béierzort och nach genannt gëtt, gehéiert. An presente Fall ass sech awer mam Happ zeréckgehale ginn, firwat de Këppwald „Black“ och d‘Fraktioun vun den „Hellen“ ënnert de Béierdrénker sollt begeeschtere kënnen. Mee uecht gedoen: och hei gëtt et vill „Industrielles“. Loosst dat einfach sinn.

Dat gesot, a well gewosst ass, datt sech elo nees vill leit hannert dem Bildschierm froen, wat dat alles mam Këppwald ze dinn huet, an iwwerhaapt wéi en Uert oder eng Plaz an der Belsch (och) eng lëtzebuergesch Bezeechnung huet, eppes Geschicht: La Corne du Bois des Pendus ass, wéi den Numm et scho verréit ee Stéck vum Bësch vun Anlier, geleeën tëscht Maarteleng an Attert.

An hei, wou de Bësch en Har bilt, war et am drëssegjärege Krich (1618 – 1648) zu engem schonn dramatesche Virfall komm. Esou heescht et, datt Éisträicher, déi an der Géigend ënnerwee waren, gemengt haten si wiere scho beim franséische Feind ukomm, a hunn einfach alles ëmbruecht wat hinnen esou an d‘Gräpp geroden ass. Verständlech datt sech d‘Awunner verfuusst a verstoppt hunn.

D‘Awunner vun den deemolegen Dierfer aus de Géigend haten sech an de Bësch zeréckgezunn, a goufe vun de brandschatzenden Éisträicher do opfonnt. Am 17. Joerhonnert gouf et nach näischt wéi eng Genfer Konventioun an d‘Definitioun „Feind“ war méi „allgemeng“ gehalen. Esou hunn d‘Éisträicher d‘Ziviliste kuerzerhand opgeknäppt. An esou koum de Këppwald zu sengem Numm.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics American Strong Ale, Béieradventskalenner, Brasserie d‘Ebly, Këppwald, la Corne du Bois des Pendus, La Punta, Porter
Next post Previous post