Search

You may also like

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen
Kultur Neiegkeeten

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

E Méindeg 24. August war de Minister fir bannenzeg Sécherheet

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
Kultur Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

Kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg als fortschrëttlechsten EU-Member
Kultur Neiegkeeten

Kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg als fortschrëttlechsten EU-Member

Während Kids op der rouder Bréck domatter beschäftegt waren sech

Bare Brewing „Kordaller“ – En Hommage fir d‘Regioun

Bare Brewing „Kordaller“ – En Hommage fir d‘Regioun

Eigentlech ass scho mat der Opschrëft „En Hommage un dës wonnerbar Regioun, de Kordall: liicht, sëffeg an onheemlech erfrëschend, virsiichteg gehappt, richteg bekëmmlech, naturdréif an net filtréiert“, alles zu dësem mat Huewer, Weess a „Kazbek-Happ“ gebrauten uewergärege Béier (5,1%) – deen zu Déifferdeng gebraut gëtt – dat wichtegst gesot. Mee et ass jo net ëmmer einfach…

Wier een elo streng, an dat ass de Fall, well dëse ganz leckere Pleséier huet et jo an dee schéinsten a qualitativ héichwäertegste Béieradventskalenner gepackt, misst een nofroen, wéi eng Relatioun et tëscht dem Kordall an dem „Kölsch“ gëtt. An nee, d‘Fro bezitt sech net op d‘Fuesent, och wann do d‘Gecken aus kultureller Siicht eppes anescht opgestallt sinn. Mee hei geet et ëm de Béier, Punkt.

An esou ergëtt et sech, datt de Kordaller ee vun de beschte „Kölsch“ ass, deen engem fir Geld zu Lëtzebuerg kann ugebuede ginn. Et ass sécher richteg, datt sech bei Bare Brewing hei éischter um Pale Ale ausgeriicht ginn, mee d‘Kenner wëssen, datt de „Kölsch“ déi däitsch „Äntwert“ op eben de Pale ale ass. Wat also huet een dann elo am Glas, wann een de Kordaller an datselwecht schëtt?

Ma loosst eis mat den Analogien ufänken: De Kordaller ass uewergäreg, Stréi-Blond, an trotz enger méi heller Faarf a sengem liichte Kierper, no um Pale Ale drun. Anersäits ass dëse Minettsdapp och nach ganz Liicht a gutt ze drénken. Ee besonnesche Goût, also eng markant Kappnout, déi siicht ee vergiewens. Ee Béier dee sech „zeréckzehale“ versteet, an esou fir all Geleeënheet treffsécher ass.

Hierstellung: dat ass et wou et „eckeg“ gëtt, well eigentlech kann ee sech net virstellen, datt esou ee flotten Allrounder sollt „komplex“ sinn. Seng Hierstellung allerdéngs verlaangt vill Expertise an ass net all Braumeeschter unzevertrauen. Déi klengste Gaffe beim Prozess léisst sech nom braue kloer erausschmaachen. Dat ass zum Gléck beim Kordaller net de Fall, déi Jonge wësse wéi een et mécht.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Allrounder, Bare Brewing, Béieradventskalenner, Brauerei, Kölsch, Kordaller, La Punta, Uewergäreg
Next post Previous post