Search

You may also like

E Buch, en Artikel oder just en Dokument: op A bis Z Punkt LU sollt een dat fannen
Kultur Neiegkeeten

E Buch, en Artikel oder just en Dokument: op A bis Z Punkt LU sollt een dat fannen

Am Kader vu senger Online-Entwécklungsstrategie huet d‘Nationalbibliothéik (BnL) de Site

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR
Kultur Neiegkeeten

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR

Et ass wéineg wahrscheinlech, datt an de kommende Jore manner

Corona: Ausgrenzung an Aggressivitéit? (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten

Corona: Ausgrenzung an Aggressivitéit? (Lieserbréif)

De 19. Mäerz sinn ech aus Thailand erëm komm. Hat

Totenhopfen „Mahut“ – En zouverlässege Kärel

Totenhopfen „Mahut“ – En zouverlässege Kärel

Datt déi vum Patricia an dem Sergio geleeten Totenhopfen Brauerei aussergewéinlech ass, dat dierft eise ville Lieser jo wuel kaum nach ee Geheimnis sinn. Alles wat vun hinne kredenzt gëtt, ass esou eppes vu spëtzeméisseg an häerzerfrëschend, datt hire Béier grad an esou onwëllegen Zäiten de Leit nees ee frëndlecht Laachen an d‘Gesiicht zaubert. An de Mahut, trëtt och net aus dem Rang…

Beim „Mahut“ hält de glécklecher Besëtzer vun engem La Punta Béieradventskalenner eppes ganz Spezielles an Hänn. Gutt dat ass jo strenggeholl och den Zweck vun engem Kalenner dee sech ganz besonnesch mat den artisanale Béierzorten aus dem Land an der Groussregioun ausenanersetzt. Mee firwat ass dëse Speziell? Wat huet et domadder op sech?

Den Totenhopfen „Mahut“ ass ee sougenannten „Red Ale“. En uewergärege Béier dee liicht mam Pale Ale verwannt ass, allerdéngs en héijeren Undeel u Geeschtmalz huet. Dat verléint dem Red Ale net nëmmen seng Fierwung, mee schléit sech och am Numm néier. Déi sensoresch Charakteristik zeechent sech wuel duerch d‘Happaromaen aus, mee ganz besonnesch duerch seng malzeg Nout.

Fir de Mahut ginn zwou Happzorten (East Kent Goldings & Progress) agesat an de Geeschtmalz verléint dësem wierklech exzellente Béier eng liicht Nout vu geréischtertem Toast oder Wäissbrout. Wann et méiglech ass, datt bei den industriell zesummegeneelte Red Ale eng Verwiesselungsgefor mam Pale Ale duerchaus üblech ass, esou weess ee mam Mahut ganz gewëss wat een an Hänn hält.

An der Totenhopfen Brauerei huet een net nëmmen Erfarung an eng däitlech Virstellung vun deem wéi de Béier muss schmaachen an ausgesinn, mee virun allem ee Gefill vu Verantwortung a Respekt géintiwwer den Amateure vun artisanalem Béier. D‘Zil ass et jo, d‘Mënsche glécklech ze maachen, an dat mat engem gutt bekëmmleche Produkt.

Mat engem Alkoholgehalt vun 5,1% ass de Mahut kee „Schlopert“ mee ee gudde Begleeder an de Feierowend. Fruuchteg spruddeleg a wéi gesot déi ganz dezent „Toast-Nout“, si genee dat richteg fir den Dag auskléngen ze loossen. Hien huet sech seng Plaz hannert der zéngter Dier vun dësem eenzegaartege Béieradventskalenner riedlech verdéngt a léist sech och online bestellen.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Béier, Béieradventskalenner, Fruuchteg, Mahut, Red Ale, Totenhopfen Brauhaus, Uewergäreg
Next post Previous post