Search

You may also like

„Connecting Lives goes On Stéitsch“
Kultur Neiegkeeten

„Connecting Lives goes On Stéitsch“

Den ekologesch-gesellschaftleche Wandel ass keng Optioun, mee eng Noutwennegkeet. Datt

Eng dezentraliséiert Reprise
Kultur Neiegkeeten

Eng dezentraliséiert Reprise

No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!
Kultur Neiegkeeten

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!

[onionbuzz quiz-id=110][/onionbuzz] D’Kino-Landschaft zu Lëtzebuerg lieft erëm sou lues op.

Totenhopfen Brauhaus „Quick‘n Dirty“ – Héich aus dem Norde kommen ech hir…

Totenhopfen Brauhaus „Quick‘n Dirty“ – Héich aus dem Norde kommen ech hir…

Kann ee seng Passioun zum Exzess dreiwen? Mam „Quick‘n Dirty“ vun eisen allerléifste Béier-Ambassadeuren dem Patricia a Sergio, vum Totenhopfen Brauhaus jiddefalls, ginn op en Neits d‘Grenze vun der artisanaler Braukonscht nei definéiert. Kreativ a mat Häerz a Séil dem Béier verflicht, ass hinne mam „Quick‘n Dirty“ eppes gelongen, dat Kult-Potential a sech verbiergt.

Ënnert der Bezeechnung „Double Juicy Kveik IPA“ – déi wuel nëmme kënnegen Amateuren dierft ee Begrëff sinn – sollt hei en Indian Pale Ale vum Typ „Imperial – Double New England“ ze verstoe sinn, woubäi een sech domadder séier dem industriellen „einerlei“ zouwenne géif. Dat ass jo awer genee a besonnesch beim „Quick‘n Dirty“ net de Fall. Et muss een also eppes méi wäit aushuelen.

Et ass jo gewosst, datt de Malz (hei kommen der dräi dran) an den Happ grad beim IPA eng grouss Roll ze droen hunn. Dat trëfft selbstverständlech och hei zou, well et onsënneg wier IPA am erweiderten Numm ze droen, wann dem net esou wier. Dat gesot, ass de „Quick‘n Dirty“ awer eng Grëtz méi komplex, well an dësem Fall spillt och déi genotzten Hief eng Roll, wann net esouguer d‘Haaptroll.

An dës Hief huet ee Numm: „KVEIK“. Dat klengt droleg, wëll et norwegesch ass, mee dës Hief huet eng laang Geschicht a kéint no bal 150 Joer nees zu Changementer féieren. Erlaabt eis dofir drun ze erënneren, datt déi meeschte Baueren aus dem skandinavesche Raum hiren eegene Béier gebraut hunn, an op dat zeréckgegraff hunn, wat hiren haff hierginn huet. Esou och déi eegen Hief.

Jo et gouf keng Alternativen a grad dat mécht d‘Hief mam Numm „Kveik“ interessant. Dës Hief déi d‘Bauere benotzt hunn, gouf ganz anescht „behandelt“ wéi dat an industriell ausgeriichte Brauereie gemengerhand de Fall ass. Richteg ass leider och, datt dës Aart Hief bal ausgestuerwe wier, an et kann ee frou sinn, datt et passionéiert Vetrieder vun der Braukonscht huet, déi dat verhënnert hunn.

Viru ronn 5-6 Joer goufen eng 50 Hief-Kulturen an Norwegen, Litauen, Lettland a Russland esou agesammelt, an enger Etüd ënnerworf. Well dës Hief vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe ginn ass, si kaum schrëftlech Ënnerlagen ze fannen. Fir déi meescht ass elo awer gewosst, datt si zu den „Sac­charo­my­ces cere­vi­siae“ gehéieren, mee d‘Kulturen alleguerten aus méi Stämm bestinn.

Am Fall vun der Hief „Double Juicy Kveik“ kéint een elo frech behaapten, datt se keng besonnesch Eegenschaften huet. Dat stëmmt esou net, well de Kveik besëtzt d‘Fäegkeet ganz waarm vergären ze kënnen an dat ouni déi onbeléifte Feelaromaen ze produzéieren. Zudeem huet dës Hief eng héich Gärgeschwindegkeet. Scho bannent wéinege Stonnen ass eng gutt siichtbar Aktivitéit ze erkennen.

Et kéint ee Bicher eleng iwwert d‘Hief schreiwen. Eng lescht Prezisioun, well wierklech interessant. All déi bekannte Kveik-Stämm kënne gedréchent ginn. Dat war (an ass) déi traditionell Aart vun der Konservéierung an Norwegen. Si eegenen sech also ganz besonnesch fir d‘Zorten IPA an NEIPA an esou och fir de „Quick‘n Dirty“. An elo kennt der schonn d‘Geheimnis hannert dem Numm…

Mat 7,3% Alkoholgehalt ass hien ee vun de „muskuléisen“ an wien et iwwerdreift wäert mierke wat domadder gemengt ass. Mee kee Stress, hie mécht keen décke Kapp. An de „Quick‘n Dirty“ ass en herrleche Genoss. Eng ganz flott Orange-Mandarinne Kappnout, en Hauch vun enger Holznout a schéi cremeg. Vun dësem dierf et es roueg méi ginn, an dofir wäert Totenhopfen Brauhaus suergen.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Double Juicy Kveik IPA, La Punta, Quick‘n Dirty, Totenhopfen Brauhaus
Next post Previous post