Search

You may also like

déi Lénk: Femizid ass keng Gewalt, wéi déi aner
Kultur Neiegkeeten

déi Lénk: Femizid ass keng Gewalt, wéi déi aner

Um 12. Dezember 2019 hunn déi Lénk eng parlamentaresch Fro

En zweet Fréijoer fir de Covid19?
Kultur Neiegkeeten

En zweet Fréijoer fir de Covid19?

Italien ass no den USA, Brasilien, Mexiko, Indien, Russland a

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“
Kultur Neiegkeeten

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“

„Héich Zäit Alarm ze schloen! Wann Antibiotiquë bei Mënschen an

Simon „Dinkel“ – Net nëmme laachen ass gesond

Simon „Dinkel“ – Net nëmme laachen ass gesond

Wéi wäertvoll d‘Brauerei Simon vu Wolz am Kontext vum industrielle Patrimoine ass, kéint ee ganz einfach op hir Laangliewegkeet a Professionalitéit resuméieren. Et gëtt kaum eppes wat am Kontext vun de ville Berichter iwwert déi eenzel Produkter aus dem Assortiment, net zur Brauerei gesot gi wier. Et ass awer ëmmer nees eng grouss Freed op déi „agesiesse“ Produiten anzegoen.

Esou an net anescht verhält sech dann och beim Simon „Dinkel“, engem besonnesche Pleséier mat grad emol 4,5% Alkoholgehalt. Et ass en erfrëschend blonde Kärel mat enger feiner Blum an ouni opdränglechem Geroch. Gebraut mat Geeschtmalz an engem Drëttel Spelz (alles aus der Regioun) an dem intelligenten Asaz vum Happ, ass den Dinkel beim éischten Test vläicht eppes Herb.

De Spelz, wéi den Dinkel bei genannt gëtt, kennen déi allermeeschte vum Bäcker, deen aus dësem „Superfood“ Brout a Bréidercher ze bake versteet. Et setzt een de Spelz also net zwéngend mat Béier a Verbindung. Dat huet wuel eppes domadder ze dinn, datt den Dinkel laang am Schied vu Weess a Geescht gestanen ass. Schued, well Spelz am Béier… jo dat gouf et och scho fréier.

Nierstoffer huet de Spelz masseg, firwat hien am Liewensmëtteljargon als „Superfood“ bezeechent gëtt. Jee no Quell kann een den Dinkel ass Liewensmëttel bal 8.000 Joer zeréckverfollegen. Et ass quasi den Dinosaurier ënnert de Kären. Dat huet natierlech vill domadder ze sinn, datt de Spelz eng robust an usprochslos Planz ass. Keng aner kann sech op eng esou balancéiert Zesummesetzung vu Kuelenhydrater, Fetter, Eewäiss a Ballaststoffer beruffen. A sech gutt ernieren ass jo och wichteg…

Wann dann elo gewosst ass, datt den Dinkel vill Eewäiss enthält, kann sech jiddereen dee sech mat Braue beschäftegt huet virstellen, datt déi Mass wou wärend dem Brauvirgang entsteet, zimmlech „zéi“ ka sinn wat beim filtere schonn eppes Kappzerbrieches bereede kann. Woubäi filteren hei de falschen Termini ass. Den Dinkel gëtt geschleidert a behält dann och licht pastellaarteg dréift.

Déi ënnert iech wou Béierzorte wéi „Blanche“ an/oder „Weizen“ ze genéisse verstinn, sollten am Dinkel vu Simon eng ganz interessant Variant entdecken. Dëse ma Spelz gebraute Béier huet ee liichten, jo bal en Hauch vu Banann an der Kappnout, dee vun engem nossegen Aroma ofgerënnt gëtt. Douce a sprëtzeg zugläich, ass de Simon Dinkel eng vun den zouverlässegste Béierzorten.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Dinkel, La Punta, Simon Brauerei, Spelz
Next post Previous post