Search

You may also like

SIGI: Beschëllegungen si Ligen
Kultur Neiegkeeten

SIGI: Beschëllegungen si Ligen

Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg

Zënter haut de Moien 10 Auer huet den neien Decathlon

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!
Kultur Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!

Vum Hugo Gernsback héiert een an der Lescht ëmmer méi.

Simon Triple – Deen hätt dem Hercule Poirot och geschmaacht

Simon Triple – Deen hätt dem Hercule Poirot och geschmaacht

Datt eis Frënn vun hannert Stengefort och Anung vu Béier hunn, kann net a Fro gestallt ginn, mee wat si kënnen, soll eisen artisanale Brauereie keng Hürd sinn. Eng gewoten Ausso bestëmmt, awer wien d‘Brauerei Simon vu Wolz kennt, dee weess mat wéi vill Léift si hire Béier brauen, an datt ee sech do och emol vun „aneren“ inspiréiere léisst, kee Beebroch. An de Beweis heescht „Triple“.

Et ass een vun de „besonneschen“ an hie bedéngt sech direkt bei dräi Kärenzorten: Weess, Huewer a Geescht. Bis op de Geescht kommen d‘Kären aus dem biologeschen Ubau (vun engem Landwirt zu Äischer). Dat hien esou erfrëschend dohier kënnt, an dat bei 7% Alkoholgehalt, ass dorunner geleeën, datt de Simon Triple mat Orangëschuelen a Koriander verfeinert gëtt. Einfach eigentlech.

Woubäi, einfach ass beim Brauen näischt, zumindest wann een dës Konscht mam néidegen Eescht bedreift. An esou brauch et wesentlech méi, wéi nëmme gutt Produiten. Gudde Béier kënnen der vill, dee ganz gudden awer, deen ass d‘Wierk vu Mënschen déi eng Passioun hunn. An esou stécht de Simon Triple aus allen Triple-Zorten eraus. Naturdréif a bekëmmlech, ass hien ee gellege Pleséier.

Mee wat der Däiwel ass en „Triple“? Aus historescher Siicht, kënnt d‘Bezeechnung vun de belsche Pater, déi sengerzäit d‘Ernimmungen „Dubbel“ oder „Tripel“ genotzt hunn, fir ee Béier ze benenne wou méi staark a méi veraarbecht gouf, wéi en einfache blonde Béier. Si hunn esoulaang mat de Kären ausprobéiert, bis si dee richtege Mix zustane kritt hunn, an Simon huet dat perfektionéiert.

An esou dierfe mir Lëtzebuerger roueg eppes houfreg sinn dëse sougenannten „typéierte“ Béier am eegene Land, a virun allem an dëser Qualitéit hierzestellen. Elo ass et richteg, datt hien och ee vun deenen ass, deen ee genéissen an net „schëdde“ sollt. Hien huet jo och esou seng Ëmdréiungen. Dat war dann elo och schonn déi aacht Dier vum Béieradventskalenner. Muer si mir zu Steesel…

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Béier, Béieradventskalenner, Brauerei Simon, Koriander, La Punta, Orangeschuelen, Triple, Wolz
Next post Previous post