Search

You may also like

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%
International Neiegkeeten

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%

Domat läit se e gutt Stéck iwwert den 2%, déi

De mäerdereschen Taifun Mangkhut huet China erreecht
International Neiegkeeten

De mäerdereschen Taifun Mangkhut huet China erreecht

Nodeems et op de Philippinnen mindestens 64 Doudesaffer ze bekloe

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt
International Neiegkeeten

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt

Hei eng Saach, déi s de mengs ze wëssen: Deng

Beirut: D’Cargolux huet 62 Tonnen medezinescht Material transportéiert

Beirut: D’Cargolux huet 62 Tonnen medezinescht Material transportéiert

An Zesummenaarbecht mat Fedex huet d’Cargolux gëschter 62 Tonnen u medezineschem Material op Beirut geflunn, fir de Mënschen an Nout no der tragescher Explosioun ze hëllefen.

Dobäi ass d’Hëllefsliwwerung als éischt e Sonndeg vu Memphis op Lëtzebuerg bruecht ginn, ier et een Dag méi spéit an de Mëttleren Osten gaangen ass. Duerch d’Noutversuergung soll de Spideeler an hirem Personal Ënnerstëtzung gebuede ginn.

An dësem Kader huet de Richard Forson, President a CEO vu Cargolux, erkläert: „Et war wichteg fir d’Cargolux dës Hëllefsliwwerung ze ënnerstëtzen an de Leit a Beirut bäizestoen bei den Nowierkunge vun dëser schrecklecher Explosioun. Als unerkannte Leader beim Transport vu medezineschen a pharmazeuteschem Material, si mir stolz eis Expertise wierksam kënnen anzesetzen fir deenen ze hëllefen, déi vun der Tragödie betraff sinn.“

D’Cargolux fillt sech verflicht an dëser Noutlag säin Deel bäizedroen an e schnelle professionellen Transport mat medezineschem Equipement ze offréieren.

Opmaacherfoto © Cargolux

Related topics Beirut, Cargolux, Ënnerstëtzung, Explosioun, Fruecht, Hëllefsliwwerung, Libanon, Material, Richard Forson, Tragödie
Next post Previous post