Search

You may also like

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang
Neiegkeeten

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

Um 17. September sinn den LCGB an d‘Personaldelegatioune vum Personal

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag
Neiegkeeten

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag

Vum 4. bis de 7. Oktober gëtt de Stroossebelag op

Covid19-Pandemie drängt d‘Vereenten Natiounen an den Abseits
Neiegkeeten

Covid19-Pandemie drängt d‘Vereenten Natiounen an den Abseits

Eigentlech sinn déi deeglech Dagesuerdnungen op de Vereenten Natiounen (UNO)

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen Donneschdeg, an Zesummenaarbecht mat der Police an dem Vëlo Sport Center, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, ee Beliichtungscheck organiséiert. Vu 17:00 bis 19:00 Auer konnten alleguerten d’Vëlosfuerer beim Rondpoint Schuman laanscht fueren an hir Luuchten op der Platz kontrolléieren, an eventuell esouguer reparéiere loossen.

D’Police war ee wichtege Partner bei dëser Aktioun. Si huet d’Vëlosfuere ugehalen, déi ouni oder mat mangelhafter Beliichtung ënnerwee waren. Ziel dobäi war d’Sensibiliséierung, net d’Bestrofung. Et goung vill méi drëm, d’Fuerer op d’Geforen opmierksam ze maachen, deenen si sech grad bei dëser donkeler Joreszäit aussetzen.

Donieft sinn si op d’Wichtegkeet vun heller reflektéierender Kleedung opmierksam gemaacht ginn, fir esou hir Siichtbarkeet ze erhéijen. An effektiv iwwerschätze vill Vëlosfuerer oft d’Siichtbarkeet fir d’Autoen an anere Leit am Verkéier.

LVI

De Succès war enorm. Eng wirklech nëtzlech Aktioun vum LVI!
© LVI

No engem kuerzen Luuchten- a Reflektorencheck vun de Fräiwëllegen vum LVI krut all Vëlosfuerer eng Kopie vun der Mängellëscht mat. Kleng Reparature konnten direkt op der Platz fir näischt gemaach ginn. Bieren goufen gewiesselt, Leitungen a Kontakter kontrolléiert a Reflektoren montéiert. Nieft nëtzlechem Infomaterial krute si och reflektéierend Accessoiren, déi vun der Stad Lëtzebuerg offréiert goufen.

Fazit vun der Aktioun: et war ee vollen Erfolleg! A knapp 2 Stonne konnten 152 Vëlosfuerer den Check matmaachen. Dobäi war bal d’Halschent vun de Fuerer richteg equipéiert. Bei de meeschten mangelhaft equipéiert Vëlosfuerer hunn déi virgeschriwwe Reflektore gefeelt. Een anere Succès ass och, datt déi positiv Entwécklung klëmmt. 2012 an 2013 ware just ee Véierel vun de kontrolléierte Vëloen richteg equipéiert, am Joer drop schonn 48 %!

Related topics Beliichtung, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, LVI, Vëlo
Next post Previous post