Search

You may also like

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung
International Money Neiegkeeten

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung

Nom Dout vum Ahmaud Arbery am Februar 2020 koum dem

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen
International Money Neiegkeeten

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen

TDF: Peter Sagan Vainqueur op de Héichte vu Lonkech
International Money Neiegkeeten

TDF: Peter Sagan Vainqueur op de Héichte vu Lonkech

De Weltmeeschter Peter Sagan (Bora) huet um Méindeg seng éischt

money

Esou bëlleg war de Pëtrol nach ni

De Präis fir den Ueleg ass fir déi éischte Kéier an de Geschicht, op de Bourse zu New York an den „Negativ-Beräich“ gefall – Offer kann dem konjunkturellen Abroch net méi Standhalen

Esou bëlleg war de Pëtrol nach ni

Pëtrol ass esou bëlleg wéi nach ni an déi eenzeg Optioun fir d‘Uelegfërderstaaten besteet doranner d‘Produktioun esouwäit wéi iergendwéi méiglech ze drosselen. Fir d‘OPEC, den Ueleg-Kartell mat Sëtz zu Wien, déi lescht Méiglechkeet de Präis nees an d‘Luucht ze dreiwen. An dat schéngt dann och dréngend Noutwenneg ze sinn, well gëschter huet et Geld ginn, wann ee Pëtrol wollt hunn…

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie huet den Pëtrolspräis gëschter en historeschen Déifstand erreecht. De Barrel gouf op der New Yorker Bourse gëschter – fir ee Kontrakt mat enger physescher Liwwerung am Mee – mat -18,20 US-Dollar gehandelt. Méi verständlech ausgedréckt: wien nach Kapazitéiten huet fir Ueleg ze lageren, kritt Geld wann hien Ueleg keeft. Dat hat et nach net ginn.

Kapazitéite gëtt et allerdéngs kaum nach, firwat d‘Schéier tëscht Offer an Nofro sech ëmmer weider opdeet. Et gëtt keng Keefer méi, d‘Lagerkapazitéite gi bal iwwerall iwwerschratt, an d‘Investisseuren zéien sech zréck. Experte ginn – am Bezuch op déi sanitär Kris – dovunner aus, datt sech dës Situatioun bis mindestens an den Hiecht 2021, vläicht och d‘Fréijoer 2022 hält.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Zbynek Burival / unsplash

Related topics Kapazitéiten, OPEC, Petrol, Pëtrolspräisser
Next post Previous post