Search

You may also like

Guardian-LuxGuard: déi Lénk stäipt de Salariéen de Réck
International Neiegkeeten

Guardian-LuxGuard: déi Lénk stäipt de Salariéen de Réck

D’Direktioun vu Guardian-LuxGuard an d’Representante vun der Gewerkschaft schéngen de

surprise
EU-Sommet: Spuenien keen (offiziellt) Thema
International Neiegkeeten

EU-Sommet: Spuenien keen (offiziellt) Thema

Datt sech vum EU-Sommet (19-20. Oktober) net vill ze erwaarde

Tropestuerm „Grace“ verwüst mexikaneschen Osten
International Neiegkeeten

Tropestuerm „Grace“ verwüst mexikaneschen Osten

Iwwer eng hallef Millioun Mënschen ouni Stroum, Iwwerschwemmte Stroossen an

Belsch: Biker fuerderen hir „Fräiheet“ zréck

Wärend bei eis d‘Fro: „Ass en Tour mam Moto eng sportlech Aktivitéit“ positiv beäntwert ginn ass, haten d‘Biker an der Belsch dës Faveur net zougestane kritt, an déi sinn, soe mir emol „enttäuscht“.

Belsch: Biker fuerderen hir „Fräiheet“ zréck

De Verband „Associatioun zur Verdeedegung vun de motoriséierten Zwee-Rieder“ (ADDRM) ass zolidd veriergert, an hire Coordinateur, de Steve Coeymans huet et entspriechend lafe gelooss. „Mir gi vun der Politik ignoréiert a verdaamt, bei der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot si mir net emol ernimmt ginn“, sot hien a beklot, datt si a kenger Phas vum Deconfinement virkommen.

An tatsächlech, grad wéi mam Auto, sinn Deplacementer mam Moto nëmmen erlaabt fir Akafen, bei den Dokter oder op d‘Schaff ze kommen. Einfach „en Tour maachen“ esou wéi dat bei eis elo méiglech ginn ass, soll weiderhin ënnersot bleiwen. Fir d‘Motarden awer géif dës Decisioun am Widdersproch zur Erlaabnes stoen, aner Fräizäitaktivitéiten am dem 4. Mee nees zouzeloossen.

Esou dierf een ab e Méindeg ënnert anerem nees Kayak, Tennis an/oder Golf bedreiwen. Fir de Steve Coeymans, dee jidderengem seng Aktivitéit vergënnt, ass datt ee gudden Usaz fir wéi ze Argumentéieren:

„D‘Biker sinn a kenger Phas vum Deconfinement virgesinn, an déi verstinn elo och net, datt wann et erlaabt ass mam Vëlo ze fueren, een dierf mam Päerd reiden oder fësche goen, firwat si, déi per Se ee Mond-Nues-Schutz, en Helm, Händschen, Stiwwelen an och soss gutt equipéiert sinn, elo net sollten hirer Fräizäitaktivitéit nokommen“.

De Fait, datt d‘Noutstandsregierung vum Sophie Wilmès préift an wéi engem Mooss een Autohaiser och nees kann opmaachen, wärend Motorradsgeschäfter sollen zou bleiwen, dréit natierlech och vill zum Onmutt vun de ville Motarde bäi. Zudeem géif d‘Regierung sech a Widderspréch verfänken, a wéi et ausgesäit, schéngen si elo bereet sech Gehéier ze verschafen.

Wann d‘Decideuren sech widderspriechen

Et ass dann och eppes Konfus, well déi Lescht Woch de flämesche Ministerpresident Jan Jambon nach am Interview op VTM gemengt huet, datt natierlech och Ausfaarte mam Moto ab dem 4. Mee nees méiglech sinn, datt awer ënnert ee puer wéinege Konditiounen. Esou dierft ee kee Sozius mathuelen, och net mat enger Seid-Kar. Dat war ok…

Dat huet de flämesche Fligel vun der belscher Motorradfederatioun (Vlaamse Motorrijdersbond van België – VMBB) animéiert dës „gutt Nouvelle“ direkt ënnert de Memberen ze verbreeden, firwat et elo eppes oniwwersiichtlech gëtt. Datt well de Georges-Louis Bouchez vum MR (Wallounien) der ADDRM op Nofro erkläert huet si missten nach eppes Gedold hunn.

Dee soll dem Steve Coeymans gesot hunn: „dir musst iech nach eppes gedëllegen, dat ganzt gëtt den Ament nach beroden. Et misst ee jo hei och d‘Situatioun an de Spideeler berécksiichtegen an esou versichen ze verhënneren datt et zu Accidenter kënnt“. En dënnt Argument aus der Siicht vun der Associatioun, déi eng Decisioun op federalem Niveau fuerdert.

Elo dann awer, mee mat Beschränkungen

Bei der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot gëschter Owend, schéngen d‘Ministeren sech dann awer mat den Argumenter vun de Biker nach emol beschäftegt ze hunn. Si hunn zumindest dëser Populatioun d‘Hand ausgestreckt a Versteesdemech fir hir Doleance gewisen. Esou dierfen och bei eisen Noperen, ab ee Méindeg nees „Ausfaarten“ méiglech sinn.

Datt awer, esou den Text, ënnert der Konditioun, datt d‘Ausfaart doheem ufänkt an och do nees ophält. Touristesch Sitten oder aner „Hotspots“ ze besichen ass net zoulässeg, esou wéi och „Rassemblementer“. Maximal dräi Motarden dierfen „zesummen“ en Tour maache goen. Dat géif bedeiten, datt eenzeg den Halt un der Pompel rechtens wier…

mat indymedia/bru/anr

Illustratioun: © Tim Cook / unsplash

Related topics ADDRM, Covid19, Deconfinement, Fräizäitaktivitéit, Motorrieder, VMBB
Next post Previous post