Search

You may also like

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?
International Neiegkeeten

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) wäert an Zukunft guidéiert Visitte fir Privatleit

EU-Ausseminister beschléissen nei Sanktiounen
International Neiegkeeten

EU-Ausseminister beschléissen nei Sanktiounen

Portugal huet aktuell d‘EU-Presidence, an esou och d‘Sëtzung vun den

Totenhopfen „Mahut“ – En zouverlässege Kärel
International Neiegkeeten

Totenhopfen „Mahut“ – En zouverlässege Kärel

Datt déi vum Patricia an dem Sergio geleeten Totenhopfen Brauerei

Belsch: Coronavirus an Dateschutz

Déi Belsch Autoritéit fir den Dateschutz (APD) verlaangt vun der Regierung eng legal Basis

Belsch: Coronavirus an Dateschutz

Nodeems ee Sonndeg déi belsch Inneministesch Annelies Verlinden een neit ministeriellt Dekret zu den ee Freideg decidéierte Mesure publizéiert huet, fuerdert d‘Autoritéit fir den Dateschutz (APD) vun der Regierung elo eng kloer legal Basis zur Ëmsetzung a Begleedung vun de Reegelen, déi am Kontext vun der Covid19-Strategie beschloss goufen.

Méi am Detail: Laut dem Dekret gëtt vun den Entreprise/Patrone verlaangt, datt wa si Personal aus dem Ausland beschäftegen, oder beschäftege wëllen, déi sech dovunner iwwerzeege mussen, datt si en negative Covid19-Test hunn, an zwar iert si an d‘belsch areesen. Dat verlaangt ee relativ héicht d‘Datenopkommes an d‘APD erënnert d‘Regierung dorunner, datt et an der Unioun Reegele gëtt.

Tatsächlech ass an der europäescher Dateschutzveruerdnung GDPR däitlech festgehalen, datt eng „Behandlung vun Daten iwwert d‘Gesondheet“ verbueden ass, woubäi et natierlech Ausnamen huet. Dat awer och nëmmen dann, wann déi betraffe Persoun hir Zoustëmmung gëtt, oder d‘Auswäerte vun deen Daten zur Sécherung vun der ëffentlecher Gesondheet zwéngend noutwenneg ass.

Ugesiichts der „Situatioun“ sinn déi belsch Dateschützer zwar der Meenung, datt d‘Moossnamen déi geholl goufen akzeptabel sinn, net awer ouni legal Basis kënnen duerchgezu ginn. Bannent der APD ass et zudeem zolidd besuergt, datt no deck néng Méint Covid19-Kris, nach ëmmer keng voll an ëmfaassend Gesetzgebung virläit. Aus dem Ministère heescht et, datt „dru geschafft“ gëtt…

indymedia/bru

Illustratioun: Pete Linforth / Pixabay

Related topics APD, Belsch, Covid19, Dateschutz, Dekret, GDPR
Next post Previous post