Search

You may also like

Editorial: Eis polnesch Matbierger sollen den „Denunziant“ maachen
International Neiegkeeten

Editorial: Eis polnesch Matbierger sollen den „Denunziant“ maachen

Also datt déi polnesch konservativ a „liicht“ rietslaaschteg PiS-Regierung alles

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!
International Neiegkeeten

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!

Déi lescht Woch huet den ECOFIN-Rot der Propose vun der

Italien: d‘Emilia-Romagna bleift rout
International Neiegkeeten

Italien: d‘Emilia-Romagna bleift rout

Déi lescht Héichrechnunge sinn um 3 Auer virgeluecht ginn, an

Belsch: Dorunner hätt een denke kënnen

Stellt iech vir et huet genuch Impfstoffer an da feelt et op emol un de richtege Sprëtzen

Belsch: Dorunner hätt een denke kënnen

A Krisenzäiten ass näischt einfach a villes gëtt an de Urgence och net zu Enn geduecht. An et ass déi Erfarung wou eis Belsch Nopere grad maachen. De belsche Gesondheetsminister Frank Vandenbroucke huet gëschter der parlamentarescher Gesondheetskommissioun missen erklären, datt de Risk besteet, datt et een Enkpass bei den 1ml-Sprëtzen tëscht Februar a Mäerz kéint ginn.

Hien huet zudeem der Kommissioun verséchert, datt un enger Léisung geschafft gëtt, mat där déi sechst disponibel Dos am Flacon vu Pfizer/Biontech sécher ka genotzt ginn. Et war jo bei den éischten Impfungen opgefall, datt et méiglech ass sechs Dosen an net wéi vum Hiersteller uginn, fënnef Dosen, aus engem Flacon ze huelen. A genee dofir brauch et eng 1ml-Sprëtzt.

Dës Sprëtze goufen natierlech bestallt, an am Dezember waren 380.000 Eenheete geliwwert ginn, eng weider Liwwerung vun nach emol 3,6 Millioune Sprëtze gëtt fir de 15 Mäerz erwaart. Kritiker weisen drop hin, datt een esou eppes misse virgesinn, vu datt jo gewosst ass, datt déi ganz Welt dëst Material brauch. An esou huet et nees den übleche Sträit iwwert d‘Prozedure ginn.

Hei huet de Minister drop higewisen, datt sech d‘Belsch fir en europäesche Kafvertrag entscheet haten. Ee Bündnis, dat et erméiglecht huet gréisser Quantitéiten zu gudde Konditiounen anzekafen, ouni sech bannent der Unioun Konkurrenz ze maachen an d‘Präisser esou kënschtlech an d‘Luucht ze dreiwen. A wann dat fir de Vaccin gutt ass, sollt et bei de Sprëtzen och passen.

Besser zesumme, wéi jidderee fir sech

Wann et gutt an erfreelech ass, datt an der EU endlech eppes méi zesummegeschafft gëtt, esou misste méiglech „Problemer“ jo awer antizipéiert ginn, heescht et säitens der Oppositioun, déi d‘Verspéidung als Feeler beim Plangen denoncéiert. Et gëtt wuel genuch 2ml-Sprëtzen, firwat d‘Impfung net a Fro gestallt ass, mee et kéint verhënnere 6 Dosen aus engem Flacon ze maachen.

Dat gewosst, huet de Frank Vandenbroucke an der Kommissioun nach de „Kalenner“ bezunn op d‘Livraisoune vum Moderna-Impfstoff (Lëtzebuerg krut seng éischt 1.200 Dose jo ee Méindeg) presentéiert. 8.000 Dose goufe scho geliwwert, 13.000 ginn déi aner Woch erwaart. Am Februar geet et méi rapid: da solle bis de 15. Februar nach emol 125.000 Eenheet geliwwert ginn.

Et gouf och nach emol der Kommissioun bestätegt, datt d‘Regierung d‘Prioritéiten op de Vaccin vu Pfizer/Biontech geluecht huet. Dee wier méi séier disponibel, esou de Gesondheetsminister. Hei dierf drun erënnert ginn, datt Pfizer/Biontech hiren Impfstoff zu Puurs an der Belsch hierstellen. Do gëtt et also eng gewësse Proximitéit. An de Belsch sinn 200 Impfzenter virgesinn.

Covid19-Mesure gi bäibehalen

An der Belsch ass gëschter dann och ee ministeriellen Dekret verëffentlecht ginn, dee sech op déi ganz Mesuren, Recommandatiounen a Restriktiounen am Kontext vun der Pandemie bezitt. Mat dësem Dekret gëtt alles bis zum 1. Mäerz verlängert. Et wier dat eng reng Virsiichtsmoossnam, heescht et. Verständlech, wa mam leschten Dekret de 15. Januar als Stéchdatum gewielt gouf.

D‘Verlängerung bedeit net, datt all déi beschlosse Moossname musse bis den 1. Mäerz ugewannt ginn. D‘Verlängerung huet sech imposéiert, well déi nächst Sëtzung vum Concertatiounscomité op den 22. Januar festgeluecht ginn ass. Et geet drëms ze verhënneren, datt sech do juristesch „Lächer“ opdinn. Näischt deit drop hinn datt de Confinement bis zum 1. Mäerz bäibehale gëtt.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © âl nik / unsplash

Related topics Belsch, Covid19-Impfcampagne, Covid19-Pandemie, Frank Vandenbroucke, Sprëtzen
Next post Previous post