Search

You may also like

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong
International Neiegkeeten

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong

Datt Peking däitlech méi Entscheedungsgewalt zu Hong Kong wëll hunn,

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 4)
International Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 4)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen
International Neiegkeeten

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

E Méindeg 24. August war de Minister fir bannenzeg Sécherheet

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag

Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht goufen, läit elo d‘Moyenne vun den Neiinfektioune mam Coronavirus Covid19 bei iwwer 500 Fäll den Dag (Bezunn op den Zäitraum vum 12. bis 18. August). Um Freideg gouf eng Spëtzt vu 716 neie Fäll notéiert. Dat ass géintiwwer der leschter Moyenne eng Baisse vu 17%.

Alles an allem hunn sech an der Belsch zanter dem Ufank vun der Pandemie 80.894 mam Virus infizéiert. 9.976 Patiente sinn un de Folge vun der Infektiounskrankheet verstuerwen (4.922 am Spidol / 4.932 an engem Alters-/Fleegeheem) Aktuell befannen sech eppes iwwer 300 Leit am Spidol, dovunner 82 op der Intensivstatioun. D‘Tendenz u sech wier awer zefriddestellend, och wann nach all Dag bis zu 10 Persounen de Kampf géint de Covid19 verléieren.

Den Ament gëtt op der Universitéit zu Louvain intensiv un enger Tracing-App geschafft, déi den nächste Mount schonn zur Rentrée sollt operationell sinn. Et wier immens wichteg esou den Axel Legay, vum Departement Cybersécherheet, ze wësse wou sech d‘Infektiounen entwéckelen: „Mir wëssen datt sech déi meescht Brennpunkten an de Familljen aus dem sozial schwaache Milieu befannen. Dës Leit schaffen oft a Beruffer wou den Infektiounsrisiko a am gréissten ass“.

Op der Uni konnt unhand den Daten och notéiert ginn, datt de Virus besonnesch an deene Betriber zirkuléiert, wou de physesche Kontakt aarbechtsbedéngt net ze verhënneren ass. Besonnesch esou Entreprise wéi Schluechthaiser, mee och am Beräich vun der Logistik, si verstäerkt betraff. Elo géif et drëms goen, déi richteg Schlëss aus dësen Erkenntnisser ze zéien, fir déi Mesuren anzeféieren, déi et erméiglecht weider ënnert méi séchere Konditiounen ze schaffen.

„Et ass eng Noutwennegkeet“ esou den Informatiker „d‘Risiken duerch e fréizäitegt erkenne vun de sougenannte Cluster anzegrenzen. Eng zweet Well ka verhënnert ginn, wa jidderee bereet ass sech un der Erhiewung vun den Daten an den dorausser resultéierende Moossnamen ze bedeelegen“. Et ass dann och weiderhin wierklech wichteg, datt d‘Leit sech un d‘Gest Barrière halen a besonnesch do wou vill Leit op enkem Raum zesummekommen, d‘Mask unzedoen an Ofstand ze halen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Pille-Riin Priske / unsplash

Related topics Belsch, Covid19, Sciensano, Tracing-App, Universitéit Louvain
Next post Previous post