Search

You may also like

De Metropol Parasol – Modernt Meeschterwierk a Sevilla
International Neiegkeeten WTF

De Metropol Parasol – Modernt Meeschterwierk a Sevilla

Zënter 2011 zielt d’Stad Sevilla ee weideren attraktive Punkt op

Fir d’Ëmwelt: EU-wäert Verbuet vu verschidde Plastiksartikelen
International Neiegkeeten WTF

Fir d’Ëmwelt: EU-wäert Verbuet vu verschidde Plastiksartikelen

Nodeems gëschter de Wirtschaftsminister Franz Fayot, d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!
International Neiegkeeten WTF

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!

Geet et ëm eis Sécherheet a Rettung, esou ka Lëtzebuerg

surprise

Festlech bis libertär… wéi d‘Belsch de Confinement gesinn

Festlech bis libertär… wéi d‘Belsch de Confinement gesinn

Et herrscht Covid19-Pandemie, an esou zimmlech all Land huet sech fir Moossnamen entscheet, déi wuel eppes déi perséinlech Fräiheeten aschränken. Datt een ënnert dësen Ëmstänn net erwaarde kann, datt sech all Mënsch brav un d‘Reegelen hale wäert, jo scho bal verständlech. An esou hunn se dann de Weekend eppes iwwert d‘Strengt geschloen. Saint-Mard huet den éischte Präis kritt…

Ugefaange gëtt da mat Bréissel, hei méi Prezis Laeken, wou bei der Metrosstatioun „Pannenhuis“ (nee dat kann een net erfannen) um 2 Auer eng sougenannt „Lockdown-Party“ an engem Lagerhaus vun der Police gesprengt gouf. Op dësen 200 Quadratmeter war eng Disco mat Chichabar ageriicht ginn, et gouf nieft Alkohol an Drogen och Laachgas. Dat ass den neien Trend an net „illegal“.

Wéi vill Leit sech hei opgehalen hunn ass net endgülteg gekläert, well wie konnt huet sech duerch d‘Bascht gemaach. Eng 60 Gäscht waren awer deraart am Aarsch, si hunn et virgezunn sech de Protokoll ze kropen a vum Opstand ze distanzéieren. Natierlech waren och Gäscht aus Holland a Frankräich ageluede ginn. D‘Police huet sämtlecht Material beschlagnamt an alles heem geschéckt

Zu Eupen (Krees: Vesdre-Gueule) huet d‘Police ee Sonndegmueren um 5 Auer eng illegal Party an engem Appartement misse beendegen. De Proprietär war esou asiichteg wéi virbereet, heescht et säitens der Police. Hie war kooperativ, an alles wat verbaliséiert gouf, hat den entspriechende Geldbetrag bei sech. D‘Police nach mat, dat d‘Leit tëscht 19 a 27 Joer an aus der Géigend waren.

Och zu Malines-Willebroek (Antwerpen) huet d‘Police zwou Feiere gestéiert. Bei der éischter, déi an enger Garage organiséiert gouf, huet d‘Police eng 15 jonk Leit opgegraff, déi net nëmmen Droge bei sech haten, mee deels och zolidd bewaffent waren. De Besëtzer vum Garage sëtzt den Ament am Bing bis alles gekläert ass. Am zweete Fall, ware siwe Leit zesummen, déi goufen heem gejot.

Alles wat verbueden ass mécht Spaass, a Sex souwisou…

Mee an der Belsch behuelen sech net nëmmen déi Bréisseler an d‘Flammänner dernieft, nee och d‘Wallounen si keng Ausnam. An der Gemeng Virton, méi prezis zu Saint-Mard, huet d‘Police an enger Villa direkt géintiwwer dem Spidol Edmond-Jacques (wou och Covid19-Patiente behandelt ginn) missen agräifen. Hei huet, esou d‘Police eng grouss Sex-Party mat gutt 50 Leit stattfonnt.

D‘Police war géint 1 Auer iwwert dës Party informéiert, huet sech op d‘Plaz beginn, wou si dann 2 Stonnen op den Accord vum Parquet gewaart huet, fir d‘Villa „stiermen“ ze dierfen. Bis dohinner war awer scho gewosst, datt d‘Villa engem Antwerpener „Privatier“ gehéiert an d‘Gäscht alleguerte Fransouse waren, déi ee „Gebuertsdag“ mat enger Bus voller „Escort-Girls“ gefeiert hunn.

52 Persounen hunn dann e Protokoll kritt, well si géint d‘Covid19-Moossname verstouss hunn, et huet och zwee Protokoller ginn, well – et geet jo haut anscheinend net méi ouni – nees Drogen a Laachgas zu stëmmungsbeliewenden Zwecker zum Asaz komm sinn. De Buergermeeschter vu Virton, François Culot, ass iwwert esouvill Affrontéiertheet schrecklech veriergert a léist et lafen.

„Ech sinn esou rosen. Et geet der déi respektéiere guer näischt. Eng illegal Party, matten an der Nuecht géinteniwwer enger Klinik wou Covid19-Patiente gefleegt ginn, dat ass onzoulässeg!“, esou de Lokalpolitiker, deen nach drop hiweist, datt masseweis Selbststänneger hir Existenzen nei orientéiere mussen, well si wéinst dem Virus net schaffen dierfen, a sech net méi erhiewe wäerten.

Dat et dann och nach grad d‘Fransouse sinn, déi sech hirem Confinement entzéien, fir sech zu Virton direkt géinteniwwer engem Spidol engem grousse „Ringelpiez“ mat upaken hinzeginn, suergt fir eppes grenziwwerschreidend Gespréich. Woubäi och am Frankräich hat et iwwert de ganze Weekend eng ganz réi illegal Partyen. Eng dovunner am Elsass mat iwwer 500 Leit…

Illustratioun: © Abhimanyu Jhingan / unsplash

Related topics Belsch, Confinement, Covid19, Drogen, Laachgas, Lockdown, Party, Police, Sex
Next post Previous post