Search

You may also like

ADEM: D’Stater Agence plënnert op Hamm
International Neiegkeeten

ADEM: D’Stater Agence plënnert op Hamm

D’Agence fir d’Entwécklung vun der Aarbecht (ADEM) informéiert doriwwer, datt

Den Ierfgroussherzog Guillaume besicht d’Entreprisen
International Neiegkeeten

Den Ierfgroussherzog Guillaume besicht d’Entreprisen

Schonn zënter e puer Deeg besicht den Ierfgroussherzog Guillaume Geschäftsleit

Zesumme statt jidderee fir sech!
International Neiegkeeten

Zesumme statt jidderee fir sech!

D’Zil vun der Kooperativ, a méi allgemeng vun der Asbl

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement

No 9 Woche Confinement, kommen och eis belsch Nopere féiere Fräiheeten ëmmer ee Stéck méi no. En Deconfinement deen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi ongedëlleg erwaart gëtt, sief et well een en Weekendhaus huet oder einfach nees mam Moto déi usprochsvoll Landschaft bereese wëll. D‘Ëmsetzung vun der Phas II (4. Mee) schéngt jiddefalls déi erhoffte Wierkung gehat ze hunn.

Um Sonndeg huet den nationale Sécherheetsrot ugekënnegt, datt sollten d‘Erkenntnisser weiderhin esou erfreelech sinn, sollt et méiglech sinn den 8. Juni d‘Phas III vum Deconfinement anzelauden. Dat heescht dat och nees d‘Grenze mat Lëtzebuerg nees onbeschränkt an a béid Richtunge kënnen opgemaach ginn. Eng gutt Geleeënheet sech nach emol mat hire Moossnamen ausenanerzesetzen.

Villes vun deem wat d‘Regierung ënnert der Leedung vum Sophie Wilmès esou als Mesuren de Bierger zougemutt hunn war wuel wichteg, woubäi och si villes an der Urgence beschloss hunn, wat onweigerlech zu Widderspréch gefouert huet. Widderspréch déi dann hirersäits bei de Leit fir vill Onverständnis gesuergt huet. D‘Sophie Wilmès hätt sech awer op de Rot vun den Experte verlooss.

Expertise a gesonde Mënscheverstand

Datt et natierlech schwéier ass ze erklären, datt d‘Schüler sech dierfen zu hirer aacht an enger Klass ophalen, mee een net méi wéi véier Familljemembere bei sech doheem dierf empfänken; oder et am Summer zu Vakanzenaktivitéite mat bis zu 50 Kanner komme kann, mee maximal eng Dose Leit un enger Hochzäit dierfen deelhuelen… jo do muss een zougestoen, datt muss scho begrënnt ginn.

Fir de Professer Yves Coppieters vun der fräier Universitéit zu Bréissel (ULB), ass d‘Motivatioun déi richteg, et hapert awer un den Erklärungen. D‘Entscheedungen déi d‘Regierung am Konsens mat de Regiounen hëlt, gi vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser, wéi och de Simulatiounen – fir eng besser Previsioun ze maachen – beaflosst. D‘Decisioune selwer bleiwen awer subjektiv.

Dat wat „gesicht“ gëtt, ass de beschten Equiliber tëscht Lackerung vu Moossnamen a Reduktioun vun den Neiinfektiounen. Et wier verständlech a wichteg eng zweet Infektiounswell ze verhënneren, firwat och de gesonde Mënscheverstand an de Prozess vun den Decisiounen afléisst. Et ass deemno keng wëssenschaftlech Erkenntnis, déi d‘Zuel vun den Hochzäitsgäscht kann determinéieren.

Evolutiv wëssenschaftlech Erkenntnisser

Fir den Yves Coppieters, hänkt alles vum Zäitpunkt vun der Infektioun mam Covid19 an der Vitesse mat deem sech déi an aner Kreesser ausbreet, of. Bezunn op den Deconfinement, seet de Professer Jean-Luc Gala: „d‘Kritäre vun der gréisst vun engem Grupp, entstamen enger Analys vun den Ëmstänn, unhand deenen d‘Experten de Risk vun enger Iwwerdroung ze bewäerten hunn“.

Streng wëssenschaftlech geholl, sinn et Decisioune mat enger variabeler Geometrie. Grond dofir sinn déi nach ëmmer wéineg Kenntnisser vum Virus, a leider och de Fait, datt aktuell einfach net genuch Tester duerchgefouert ginn. Esou kann ee keng laangfristeg Previsiounen erstellen, déi zouverlässeg sinn. A wa vill Leit an den Entscheedungsprozess agebonne gi gëtt et komplizéiert.

Fir d‘Presidentin vun der „Task-Force“ (GEES) fir den Deconfinement, Erika Vlieghe, ass et dann och net einfach. Si versteet datt déi wëssenschaftlech Erkenntnisser an d‘Donnéeën net „perfekt“ sinn, mee op eppes misst ee sech baséieren. Zudeem misst et jo awer och weidergoen an et géif ee jo op alle Gebidder grouss Fortschrëtter maachen, déi ee sollten zouversiichtlech stëmmen.

Kontakt-Tracing

Wann et un Tester feelt, fir sécherzestellen, datt d‘Propagatioun vum Covid19 tatsächlech, wéi dat vun der Wëssenschaft duergestallt gëtt, réckleefeg ass, misst een awer och de Courage hunn aner Weeër ze sichen, déi méi séier de Bierger nees Fräiheeten – zumindest encadréiert – zougestinn. De Virus selwer ass jo net verschwonnen an dréint weider seng Ronnen. D‘Gefor ass weiderhin do.

Fir weider Lackerungen erfollegräich ëmzesetzen, ass et engersäits wichteg, datt sech de Public un déi bekannt „Geste Barrière“ konsequent halen, an anersäits muss séchergestallt ginn, datt de Gesondheetssystem enger neier Well gewuess ass. Datt et do schwéier ass de richtegen Equiliber hierzestellen ergëtt sech eigentlech vum selwen. Dofir ass de Kontakt-Tracing och ganz wichteg.

Op eng Applikatioun, déi d‘Leit sech sollen op den Handy lueden, ass een net aus. Den Impakt ass unhand den Erkenntnisser aus dem Ausland geréng, an och d‘Bevëlkerung schéngt dat esou net ze wëllen. Et geet een also Analog fir, wat vill Zäit an Usproch hëlt, mee sech tatsächlech ze bewäerte schéngt. Bis zu 2.000 Enquêteure ginn hei agesat, mee och déi hunn nëmmen zwou Hänn…

mat indymedia/bru

Foto: D‘Regierungscheffin Sophie Wilmès weess vun de Wënsch an der Ongedold déi d‘Bierger hunn. Säit dem 4. Mee geet et jo progressiv virun, a wann d‘Leit och weiderhin disziplinéiert a mat Verstand agéieren, kann a knapp 14 Deeg d‘Phas III vum Deconfinement agefouert ginn. Et hunn dann och schonn eng Rei Institutiounen hir Dieren nees opgemaach, wéi hei de BOZAR Bréissel (19. Mee) wou d‘Premierministesch uwiesend war. © Office of the Priminister/Bel

Related topics Belsch, Covid19, Deconfinement, Sophie Wilmès
Next post Previous post