Search

You may also like

surprise
Dem Zuckerberg seng Entschëllegung kënnt ze spéit
International Neiegkeeten

Dem Zuckerberg seng Entschëllegung kënnt ze spéit

Spéit Entschëllegungen a Verspriechen, dem Patron vu Facebook wëll et

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg

Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann

Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!
International Neiegkeeten

Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!

Um grousse Streik géint d‘Rentereform hu sech laut der Police:

Wéi d‘Belsch den Deconfinement uginn

Wéi d‘Belsch den Deconfinement uginn

No den éischte Mesuren – déi och fir eppes Ramouers gesuergt haten – huet d‘Regierungscheffin Sophie Wilmès, a Begleedung vun de Ministerpresidenten aus de Regiounen a Communautéiten, gëschter am Nomëtteg, déi weider Schrëtt vun der progressiver Reprise vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten an Erliichterunge vun de Confinement-Mesuren ugekënnegt.

Ab nächste Sonndeg 10. Mee, kann eng Famill bis zu véier Invitéeën (et mussen dann awer ëmmer déiselwecht sinn) bei sech empfänken. Wichteg, de Sécherheetsofstand muss agehale ginn, firwat gerode, des „Versammlungen“ am Gaart oder um Balcon ofzehalen. Et soll een och besonnesch op déi eeler Leit a sougenannt „vulnerabel“ Persoune Récksiicht huelen.

D‘Sophie Wilmès weess datt dës Léisung weder kamoud, nach wierklech ze kontrolléieren ass, mee si vertraut op d‘Vernonft an de Sënn fir Verantwortung vun de Bierger. Och d‘Butteker kënnen ab e Méindeg 11. Mee nees hir Dieren opmaachen. Hei gëtt et wesentlech méi strikt Reegelen (1 Client pro 10 Quadratmeter, maximal Openthaltsdauer am Geschäft: 30 Minutten).

Interessant, entgéint deem wat mir zu Lëtzebuerg uwennen, ass d‘Droe vun enger Mask bei eisen Noperen, och beim akafen nach ëmmer „nëmme recommandéiert“, hei géif et duer goen, wann ee sech un d‘Ofstandsregel hält. Fir Usammlungen ze evitéieren, muss een awer eleng akafe goen. Ausnam: begleete Mannerjäreger a Mënschen déi op Begleedung ugewise sinn.

D‘Versammlungen dogéint bleiwe weiderhi verbueden an déi lokal Autoritéite sinn ugewise ginn, géint Verstéiss beim Sécherheetsofstand virzegoen. „Wa vill Leit op der Strooss oder de Geschäfter sinn, maacht d‘Kéier“, esou de Rot vum Sophie Wilmès, déi och drun erënnert, datt een den ëffentlechen Transport nëmmen notze sollt, wann et keng aner Alternative gëtt.

DeconfinementOp de Maart goen – esou wéi dat bei eis ëmmer de Fall war – dat ass leider nach net fir esoubal. Stroossenhändler sollen op Decisioun vun de lokalen Autoritéiten, wann et fest Emplacementer gëtt, vu Fall zu Fall dierfen zougelooss ginn. D‘Gastronomie, d‘Spillplazen, Kulturhaiser an touristesch Sehenswierdegkeete bleiwe bis op Weideres fir de Public zou.

Sportlech Competitioune bleiwe bis zum 31. Juli suspendéiert. Déi nächst Etapp gëtt den 18. Mee mat der Reprise vum Schoulunterrecht agelaut. Bis dohinner wëll den nationale Sécherheetsrot préiwen, a wéi engem Mooss et nees soll méiglech sinn, d‘Wochemäert nees zouzeloossen. Och d‘Muséeën, Bibliothéiken, jo esouguer d‘Coiffeurssalone kéinten nees opmaachen.

Eng Reprise vum Sport-Training am Veräin, wann deen dann dobausse stattfanne kann, wäert och berécksiichtegt ginn. Et gouf esouguer drop higedeit, dat en Elargissement vun den Invitéeën am Kontext vun enger Hochzäit an d‘Iwwerleeungen afléisse soll. D‘Premierministesch huet awer och gewarnt: géif et sech net bewären, mussen d‘Leit sech op nei Aschränkungen astellen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Raphaël Biscaldi / unsplash

Related topics Belsch, Coronavirus, Covid19, Deconfinement, Sophie Wilmès
Next post Previous post