Search

You may also like

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung
International Neiegkeeten

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

Wat brauch s de eng Tracing-App wa Google sech këmmert
International Neiegkeeten

Wat brauch s de eng Tracing-App wa Google sech këmmert

Nach ee Freideg hat de Premierminister Xavier Bettel däitlech gemaach,

S.A.R. dem Groussherzog seng Usprooch zu Chrëschtdag
International Neiegkeeten

S.A.R. dem Groussherzog seng Usprooch zu Chrëschtdag

Léif Matbierger, Am Réckbléck op dëst Joer kann ee soen,

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Zanter Jore fuerderen d‘Salariéeën aus den Gesondheetssecteur besser Konditiounen an näischt geschitt

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg massiv Aktiounen a Protestpiqueten zu Bréissel, Charleroi, Léck an Namur ginn. Dëse Mouvement, deen sech onofhängeg vu Gewerkschaften an/oder politesche Parteie wärend der sanitärer Kris gebilt huet, verlaangt Verännerungen an der Gesondheetspolitik.

Alles an allem sinn eng 700 Leit, haaptsächlech Fleegepersonal, mee och Studenten aus de medezinesche Beruffer, Techniker an esouguer Patiente gëschter, fir méi Finanzmëttel an eng Revalorisatioun vum Gesondheetssecteur agetrueden. Dës Fuerderung, déi zanter Joren aktuell ass, gëtt ëmmer nees mat vill „politeschem Versteesdemech“ verschleeft an elo ass d‘Mooss voll.

Zu Léck hunn sech esou eng 200 „Aktiviste fir de Gesondheetssecteur“ virum Sëtz vun der Partei „Mouvement Réformateur“ (MR) opgestallt. Dës Partei gëtt beschëllegt sech besonnesch fir den „Zerfall“ vum Gesondheetssystem agesat ze hunn. An der Belsch (wéi eigentlech a ganz Europa) ass an de leschte Joerzéngte besonnesch am Gesondheetssecteur „gespuert“ ginn, an dat bei allem.

Fleegepersonal

Scho Mëtt Mee hat d‘Personal aus dem Gesondheetssecteur, der Premierministesch Sophie Wilmès, beim Besuch vum „Hôptital St. Pierre“ demonstrativ de Réck zougewennt. De Message awer, dee schéngt bei der liberaler Cheffin vun der Noutstandsregierung net ukomm ze sinn.

Esou huet eng Infirmiere vun der Intensivstatioun am CHU zu Léck sech beschwéiert, datt et scho virun der Covid19-Pandemie ni ausräichend Material ginn huet, besonnesch Maske wieren ëmmer knapp gewiescht. Och d‘Salaire géife weder dem Aarbechtsëmfang nach der Verantwortung gerecht an et wier dem Fleegepersonal net domadder gehollef, wann een hinnen all Owend Applaus spent.

Hei haten sech dann och eng Rei Militante vun de Parteien aus dem lénke politesche Spektrum dem Protestpiquet ugeschloss. Si ware komm fir d‘Revendicatioune vum Fleegepersonal ze stäipen an hu preziséiert, datt all Form vu Sozialkampf ënnerstëtzenswäert ass, an hei d‘Fuerderunge richteg a vun alle verstanen dierfte ginn. Et géif elo héich Zäit, datt déi Federal Regierung och verënnerlecht.

Et geet och ëm d‘Rechter vum Patient

An der Haaptstad huet de Protestpiquet eng 300 Leit ausgemaach. Si haten sech zu Bréissel virum Sëtz vun der Gesondheetsministesch Maggy de Block getraff. Alles hat eng Mask un an et war ee siichtlech beméit de Sécherheetsofstand anzehalen. Si goufen op der Plaz vun der „Gang des Vieux en Colère“ an diverse lénke Kollektiver ënnerstëtzt. E wuel éischter symboleschen Akt.

Eng Infirmière huet och, wéi et schonn zu Léck zum Ausdrock bruecht gouf, gefuerdert, datt et muss zu enger Revalorisatioun vun de Gesondheetsberuffer muss kommen. „Esou wéi et den Ament ass kann een net schaffen. D‘Patienten hunn ee Recht drop datt ee sech Zäit fir si hëlt, si hunn e Recht op qualitativ héichwäerteg Soinen, mee dat geet net mat der Stoppauer am Grapp“.

Fleegepersonal

© Felix Hubert/PTB

Zudeem, esou déi allgemeng vertruede Meenung, léist sech d‘Fleeg, also zumindest wann een déi richteg Ufuerderunge stellt, net an deem Moos budgetiséieren, wéi dat aktuell de Fall ass. Vill waren och der Usiicht, datt een éischter Schlecht wéi Recht wärend der Kris de Réck gestäipt kritt hätt. „Mee d‘Roserei war scho laang virun der Kris present“, esou en Infirmier.

Um Protestpiquet zu Charleroi waren och eng 200 Leit zesummekomm an zu Namur hunn sech eng 50 Leit trotz dem „Verbuet“ fir d‘Verbesserung vun de Konditiounen agesat. De Buergermeeschter Maxime Prévot (Cdh) war entspriechend saierlech, huet awer keng Interventioun vun der Police gefuerdert. Dat hätt dësen och net wierklech gefall, wëll vill Poliziste stäipen dëse Mouvement.

mat indymedia/bru/lgg/chx/nam

Foto: Et ass de ganze Gesondheetssecteur, vum Fleegepersonal an de Spideeler bis hin zu de Soignanten déi bei d‘Leit heem ginn, déi, méi Moyenen an eng Revalorisatioun vun de Beruffer a, Gesondheetswiese fuerderen. © Felix Hubert/PTB

Related topics Belsch, Fleegepersonal, Gesondheetssecteur, Protestpiquet, Revalorisatioun
Next post Previous post