Search

You may also like

Lockdown fir den Empire
International Neiegkeeten

Lockdown fir den Empire

De Brittesche Premierminister Boris Johnson zitt d‘Noutbrems – ab en

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder
International Neiegkeeten

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden.

Nei Katakombe fir d’Wiichtelcher
International Neiegkeeten

Nei Katakombe fir d’Wiichtelcher

Leschte Freideg, de 7. Juni 2019, huet den FC Avenir

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box

Et ass fir déi betraffen net lëschteg, mee eigentlech ass et dee ganz normale belsche Wahnsinn: wéi gëschter vun de Giischtercher-Gewerkschaften op en neits op den Uniformmangel higewisen hunn, gouf emol „geschmunzelt“, dunn de Kapp gerëselt a sech einfach just gewonnert.

Wann engem de Filip Dudal vun der ACV entgéinthält, datt een als Giischtjen an der Belsch siwe Joer op d‘Zouwendung vun enger neier Uniformsbox waarde muss, ass ee gewëllt de Syndikalist drun ze erënneren, datt hie vun der Belsch an net der DDR schwätzt. Woubäi esouguer do haten d‘Männer a Fraen an de Prisongen eppes unzedoen… Mee et ass kee Witz, dat ass batteren Eescht.

Dem Filip Dudal seng Gewerkschaft, déi dem chrëschtleche Gewerkschaftsbond CSC ugegliddert ass, huet es elo deraart sat mat der Regierung (wann se dann emol eng hunn) datt si géint den demissionäre Justizminister Koen Geens a géint d‘Verwaltung vun de Prisongen eng Klo agereecht hunn. Eng éischter „symbolesch“ Moossnam, well dëse Problem ass rekurrent a persistent.

Säitens der sozialistesch gepräägter Gewerkschaft ACOD/CGSP gëtt déi genannte „Diskrepanz“ bestätegt. Op Nofro vun indymedia huet de Gino Hoppe erkläert: „Eigentlech sollen d‘Salariéeë vun der Prisongsverwaltung Bongen erhalen, mat deenen si sech Schaffschong besuerge kënnen. Eis gouf elo matgedeelt, datt et dofir kee Budget méi gëtt“. Esou geet ee mëssbraucht a veraarscht…

Bosseg Anekdoten

De Verstouss géint déi administrativ Kleederuerdnung kann – obwuel de Feeler eendeiteg net vum Giischtjen ausgeet – zu drolege Situatioune féieren. Et gëtt zum Gléck och déi wou „Situatioune“ provozéieren, well et soss net an d‘Ëffentlechkeet kënnt. Esou ass ee Gardien kierzlech vu sengem „Chef“ heemgeschéckt ginn, well hien am Short op senger Aarbechtsplaz erschéngen ass.

Esou eppes schléit Wellen an de betraffene Giischtjen huet sech géintiwwer Journalisten erkläert: „Et ware wäit iwwer 30°C am Atelier, an ech wollt mäin Job just eppes méi komfortabel ausüben“. Eng absichtlech a berechent Provokatioun? Jo ganz eendeiteg, firwat een sech dës Ausso op der Zong sollt zergoe loossen: „Ech waarden elo säit 30 Joer op eng nei Box, mee si kënnt einfach net“.

Firwat kann eng Regierung sech net um Rimm rappen an senge Leit Uniformen zur Verfügung stellen an zwar esou wéi et am administrative Recht verankert ass? Am Duerchschnëtt dauert et siwe Joer bis e Gardien eng nei Uniform kritt, an zanter gefillte fënnef Joerzéngten huet keng Uniform méi ginn, déi „komplett“ gewiescht wier. Gëtt vläicht erwaart datt de Beamten se bezilt?

Déi aner si schold

Wann d‘Regierung och vu sech weist, datt si vun den „iwwerbezuelte“ Giischtercher géif verlaange Kleedung a Schong selwer ze finanzéieren, esou Ass awer genee dat de Fall, woubäi een hei net méi vun Uniform schwätze kann. D‘Beamte kafen sech da Boxen am Baumaart oder kommen an Jeans schaffen, riskéieren allerdéngs e Blâme well si net der eigentlecher Kleederuerdnung entspriechen.

Fir de Filip Dudal wier dat vum Justizministère „geplangt“ well esou gi Milliounen agespuert. Fir de Ministère en Affront: deen huet d‘Problemer bei den Uniformen op de Fournisseur, déi fréier Entreprise „Pelsmaecker“ ofgewälzt, dee scho viru Jore faillite gemaach huet. Et gëtt wuel en neie Fournisseur, deen awer schéngt nëmmen dann ze wibbelen, wann hien och Sue fir seng Wuer kritt.

An datt dëse „Problem“ iergendwann sollt kënnen eng Léisung zougefouert ginn, dofir brauch et méi wéi en Uerteel vun engem Geriicht. Et brauch Geld an d‘Rechnunge sollten och bezuelt gi wann e se kritt. Béides ass awer de fundamentale Problem vun eisen Noperen: Geld hu se keent, an ugeholl se géifen es fannen, dann hunn se nees keng Regierung déi d‘Geld appropriéiert ausgëtt…

mat indymedia/bru

Foto: Ëmmer nees kënnt an de belsche Prisongen zu Aarbechtsnéierleeunge vun de Giischtercher, well si sech net nëmmen op dem Aarm geholl fillen, mee tatsächlech vun der Regierung ignoréiert ginn. D‘Pai ass eng Misär, den Drock permanent um Uschlag, d‘Prisonge sinn zudeem konstant iwwerbeluecht an am léifste wier de Politiker, d‘Beamten géifen hir Uniforme selwer bezuelen. © ACV

Related topics ACV, Belsch, CGSP, Giischtercher, Uniform
Next post Previous post