Search

You may also like

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019
Neiegkeeten

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019

Gëschter huet eis Inneministesch, d’Taina Bofferding op den traditionellen Neijoerschpatt

POST Lëtzebuerg: „Esou gesi Gewënner aus“
Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg: „Esou gesi Gewënner aus“

Och de Betrib a Staatsbesëtz huet am Kontext vun der

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn
Neiegkeeten

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn

Passend zum Autofestival hat Youth for Climate Luxembourg eng Aktioun

LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch zu Lëtzebuerg

LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch zu Lëtzebuerg

Um haitege Moie sinn LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch op der Stater Gare vu S.A.R. dem Groussherzog, sou wéi der Ministesch fir Famill, Integratioun an der Groussregioun Corinne Cahen empfaange ginn. Nodeems d’Nationalhymn interpretéiert ginn ass, goung et fir déi belsch Herrscher an de groussherzogleche Palais.

Ee weidere Programmpunkt war d’Nidderleeë vun engem Blummekranz beim nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit. Zesumme mam belsche Staatschef a senger Fra, dem Premierminister Xavier Bettel, dem Verdeedegungsminister François Bausch an dem Chef d’État-Major vun der Arméi, dem Generol Alain Duschène huet een un d’Affer vum Zweete Weltkrich geduecht.

Belsch

D’Arrivée op der Stater Gare (v.l.n.r.) S.E.M. Jean-Louis Six, Ambassadeur vum belsche Kinnekräich; S.A.R. de Groussherzog; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun an der Groussregioun © SIP /Charles Caratini

Fir bei hirer Visitt och kulinaresch begeeschtert ze ginn ass et fir ee privat Mëttegiessen, zesumme mat de Lëtzebuerger Herrscher an der ierfgroussherzoglecher Koppel, nees an de Palais gaangen, ier déi kinneklech belsch Koppel op de Chamberpresident Fernand Etgen, de Premierminister Xavier Bettel an den Ausseminister Jean Asselborn treffen.

A wat wier eng Visitt vu Lëtzebuerg ouni ee klengen Tour laanscht d’Haaptattraktioune vun eisem Land? Um Nomëtteg wäert de belsche Kinnek a seng Fra, zesumme mat S.A.R. dem Groussherzog iwwert d’Corniche spadséiere goen an esou ee Bléck op de Pafendall an, an de Gronn werfen ze kënnen. Eng akademesch Seance an der Stater Gemeng wäert uschléissend organiséiert ginn. Hei kréien d’Éieregäscht ënnert anerem ee Cadeau iwwerreecht an droen sech an dat Gëllent Buch an.

Den opreegenden Dag gëtt um Owend mat engem Galadinner ausklénge gelooss.

Belsch

(v.l.n.r.) Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun an der Groussregioun; S.M. éi belsch Kinnigin; S.M. de belsche Kinnek; S.A.R. de Groussherzog © SIP /Charles Caratini

Och un de kommenden zwee Deeg wäert ee strukturéierte Programm déi kinneklech belsch Koppel duerch d’Lëtzebuerger Land féieren. Esou steet muer ënnert anerem eng Visitt vum Härebierg, dem Betzder a Buerglënster Schlass, sou wéi der Maison du Savoir zu Esch-Belval um Programm. De Mëttwoch wäert mat enger Visitt vun der Lëtzebuerger Philharmonie zu Enn goen.

Den Drëtten Dag erwaart de Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch ënnert anerem een Treffe mat de Representante vu „Success Stories“, sou wéi eng Visitt vum Biodiversum Camille Gira zu Remerschen. Natierlech dierf bei engem Besuch zu Lëtzebuerg och de Centre Européen zu Schengen, sou wéi eng Faart mat der M.S. Princesse Marie-Astrid op der Musel net feelen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) S.M. déi belsch Kinnigin; S.M. de belsche Kinnek; S.A.R. de Groussherzog © SIP /Charles Caratini

Related topics Corinne Cahen, Corniche, Fernand Etgen, Jean Asselborn, LL.MM. de Kinnek an d'Kinnigin vun der Belsch, Marie-Astrid, Musel, Palais, S.A.R. de Groussherzog Henri, Schengen
Next post Previous post