Search

You may also like

Covid19-Pandemie: Honnertdausend Doudeger a Latäinamerika
International Neiegkeeten

Covid19-Pandemie: Honnertdausend Doudeger a Latäinamerika

Wärend den US-President Donald Trump am Wahlkampf ass, an net

surprise
Si sinn einfach eraspadséiert
International Neiegkeeten

Si sinn einfach eraspadséiert

D‘Taliban iwwerhuelen no knapp engem Mount de Presidentepalais zu Kabul

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik
International Neiegkeeten

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

Nodeems déi gréng sech déi lescht Woch fir de Wunnengsbau

Belsch: Virsiichteg Lackerungen

Belsch: Virsiichteg Lackerungen

Och eis belsch Nopere kréien ab muer Méindeg nees eppes weider Fräiheeten. Déi zoustänneg Autoritéiten haten e Freideg decidéiert, fënnef Beruffsbranchen nees gréng Luucht ze ginn. Ab Méindeg, dem 8. Mäerz dierfe Coiffeuren nees Hausbesich maachen, d‘Fotografen dierfen hir Studioen an d‘Geméishändler hir Stänn nees opmaachen, Beruffsschoulen a Saunaen… och.

Kléngt net verkéiert, woubäi een hei dat „klenggedréckten“ och liese muss. Wann d‘Coifferen dierfen Hausbesich maachen, esou dierfen Déngschtleeschtunge wéi Manikür a Pedikür och weiderhi just am Salon geleescht ginn. Gemeinsam an d‘Sauna goen, dierfe just Persounen aus engem Haushalt. Déi grouss Therme bleiwen also weiderhin zou, dat geet just am „klengen“.

Fotografen dierfen nees Clienten am Studio empfänken, woubäi och hei gëllt: maximal ee Client pro 10M². D‘Geméishändler dierfen nees hir Stänn an den an de Gaassen an an den Dierfer opstellen, mee den Dier zu Dier Verkaf, bleift weiderhin ënnersot. Déi berufflech Ausbildung, besonnesch wou de Formateur den Auszebildende begleede muss, kann och nees ulafen.

Bréissel op der sich no Léisungen

Och an der belscher Haaptstad géif een sech nees iwwert eppes méi Fräiheete freeën. Trotz de ville Mesuren, sinn nach ëmmer vill Secteuren am Lockdown. Elo kann een sech net zréckleeën a waarden datt et besser gëtt, firwat de Bréisseler Gemengerot eng Rei Pilotprojete lancéiert. Fir d‘Stad deene Virussen unzepassen, déi sech besonnesch duerch d‘Loft iwwerdroe loossen.

Zil vum Ganzen: privat an ëffentleche Strukturen duerch den Asaz vun neien Technologie sanitär ze securiséieren. Geduecht gëtt hei beispillsweis un eng Belëftung, déi de Virus kéint „erausfilteren“. En Opwand, deen de Buergermeeschter Philippe Close fir berechtegt hält: „Et wäert net déi lescht Pandemie sinn, mat där mir eis mussen ausenanersetzen, firwat mir elo och Léisunge fir d‘Zukunft brauchen. D‘Stied mussen dës Pandemie notze fir Léisungen ze fannen. Et dierf zukünfteg net méi derzou kommen, datt d‘Wirtschaft, de sozialen a kulturelle Secteur zum Stëllstand kommen“.

Dat gesäit de Professer Nathan Clumeck vun der ULB an dem CHU Saint-Pierre änlech: „Mir wäerten och an der Zukunft mat an trotz dësem Virus liewe mussen. All déi Moossnamen déi mir elo ergräifen, daache just kuerz- bis mëttelfristeg. Mir mussen also elo Iwwerleeung fir dat laangfristegt ustellen. Dat eleiten ass net déi lescht Pandemie, an d‘Folge sinn elo bekannt“.

Aacht Standuerter goufe fir de Pilotprojet ausgewielt:

  • Fir de Beräich „Evenementiel & Kultur“ ass d‘Konschthaus „de la Madeleine“ gewielt ginn, fir d‘Nuetsliewen nees ze animéieren;
  • d‘Schoulen „Institut des Arts & Métiers“ an den „Institut De Mot Couvreur“ goufe gewielt, wéinst hire groussen Atelieren an kollektive Raimlechkeeten;
  • de Sport kritt am „Palais du Midi“ seng Chance;
  • d‘Ënnerhalung op der grousser Leinwand, gëtt am Kinepolis ugebueden;
  • den Auditoire vun der Fräier Universitéit zu Bréissel ass och Deel vum Projet;
  • a Schlussendlech sinn och zwee Horesca-Betriber – de Restaurant „Chez Léon“ an de Bistro „Le Roy d‘Espagne“ – berécksiichtegt ginn.

Sollt Lëtzebuerg sech uschléissen?

De Professer Nathan Clumeck erkläert nach, datt Bréissel gutt opgestallt ass, fir esou ee Wee ze goen. Esou verfüügt déi Belsch Haaptstad schonn haut eng Rei Säll, déi iwwert een externt Ventilatiounssystem belëft ginn. Nogeduecht géif och iwwer Gerätschafte fir d‘Loft ze filteren, d‘Technologie vun de sougenannten „Desinfektiounsluuchten“ (UVC) versprécht interessant Léisungsusätz an et sollen Apparater agesat ginn, déi den CO²-Gehalt an der Loft iwwerwaachen.

Fir méiglechst vill „Input“ ze erhalen, goufen d‘Wëssenschaftler, d‘Architekten, d‘Ingenieuren an d‘Entrepreneuren invitéiert, sech dozou Gedanken ze maachen a Virschléi ze ënnerbreeden. Gutt Iddien, oder villméi dat wat erfollegverspriechend ausgesäit, soll dann och subventionéiert ginn.

Lëtzebuerg, historesch enk mat senge belschen Nopere verbonnen a grousse Verdeedeger vum europäesche Gedanken, dee Solidaritéit a Kooperatioun verkierpere sollt, kéint opgrond senge beschte Bezéiungen, en Observateur delegéieren. Och zu Lëtzebuerg huet et änlech Raimlechkeete – wou wuel an der Dimensioun méi kleng sinn – déi sech fir esou e Pilotprojet géifen eegenen. E Kinepolis hu mir schonn, an u Kulturhaiser a Restauranten feelt et dem Land och (nach) net.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Bogdan Todoran / unsplash

Related topics Belsch, Bréissel, Covid19-Pandemie, Lackerung, Pilotprojeten, Reprise
Next post Previous post