Search

You may also like

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest
International Neiegkeeten

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Et ass, vun engem demokratesche Standpunkt hir betruecht, eng lëschteg

Dem US-President seng ëmstridde Waffegeschäfter
International Neiegkeeten

Dem US-President seng ëmstridde Waffegeschäfter

Et ass keng wirtschaftlech mee ganz entscheet e politesch Entscheedung,

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022
International Neiegkeeten

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022

Zanter leschtem Mëttwoch ass de Chantier fir déi nei Betreiungsariichtung

Belsch: Eng Primm fir d‘Fleegepersonal

Belsch: Eng Primm fir d‘Fleegepersonal

D‘Gehälter am Gesondheetswiese bei eise belschen Nopere sinn net déi beschten, wat schonn no der éischter Well zu eppes Diskussiounen an Gestreits gefouert hat. Nodeems déi Woch dann och nach d‘Assistenz-Doktere mat Streik gedreet hunn, huet d‘Regierung misse reagéieren. Ob dat elo duer geet fir de soziale Fridden nees hierzestellen?

Um Samschdeg huet de belsche Gesondheetsminister Frank Vandenbroucke annoncéiert, datt déi federal Regierung dem Spidolspersonal eng Encouragement-Primm an Héicht vun 985 Euro fir September, Oktober an November zougestoe Wäert. Dës Zomm gëllt fir all Vollzäitjob, wien an Deelzäit beschäftegt ass, soll eng de geschaffte Stonnen ugepasste Primm erhalen.

D‘Primm soll nach virum 31. Dezember ausbezuelt ginn. De „Konsumscheck“ an Héicht vun 300 Euro, ass op dat gesamte federaalt Fleegepersonal ausgewäit ginn. Dës Encouragement-Primm ass en Zousaz zum Accord, deen d‘Regierung rezent mat de Sozialpartner fonnt hat. Hei war sech drop accordéiert ginn, datt et zu strukturellen an nohaltegen Investitioune komme muss.

Et war och iwwert d‘Gehälter an d‘Aarbechtskonditioune riets gaangen. Dozou sot de Minister: „All dës Männer a Fraen an eise Spideeler hu fir hire Efforten an aussergewéinlech Ustrengungen dës Encouragement-Primm verdéngt. Net well si dat géife verlaangen, mee sécherlech well si sech et verdéngt hunn, an och an dëser zweeter Well eis Land op de Bee behalen“.

Gemëscht Appreciatiounen

Vun der Gewerkschaft SETCa (ee vun den Departementer vun der FGTB) gëtt dës Decisioun als „gutt Nouvelle“ an als „éischte Schratt zu enger Unerkennung vun der geleeschter Aarbecht“ bezeechent, léisst awer duerchblécken, datt nach laang net all Schluechte geschloe goufen. Et wier elo dréngend noutwenneg, dës Verspriechen um Terrain an d‘Realitéit ëmzesetzen.

Héich Zommen (1 Milliard Euro) ginn der soziale Gespréichspartner zur Verfügung gestallt fir gutt Accorde fir d‘Salariéeën ze konkretiséieren: besser Gehälter, méi Personal, Weiderbildung, besser Aarbechtskonditiounen, Verbesserung vun der Gestioun vum Enn vun der Carrière a Steigerung vun der Beruffsattraktivitéit. D‘SETCa versprécht en a drop ze halen, datt och all d‘Beschäftegt am Fleegesecteur (Spidol, Fleegeheem, Fleeg doheem) berécksiichtegt ginn.

Och d‘Gewerkschaft CNE (en Departement vun der CSC) begréisst d‘Annonce vum Minister an hofft, datt de konstruktive Geescht dee bei den Diskussioune ronderëm dës Primm bestanen huet, sech och nees bei de Verhandlungen zum Gesetz „délégation des actes infirmiers“ mee ganz besonnesch bei der Ausféierung vum sozialen Accord vum 7. Juli widderhëlt.

Speziell Pouvoiren

Nieft den eenegermoosse gudden Nouvelle fir déi am Fleegesecteur beschäftegt Salariéeën, gouf ee Samschdeg am Parlament vun der Federatioun „Wallonie-Bruxelles“ decidéiert der Regierung speziell Pouvoiren ze gewähren, fir der zweeter Covid19-Well ze begéinen. Dës „Pouvoire“ sinn zäitlech op dräi Méint begrenzt. Si kënnen eng Kéier renouvelléiert ginn.

De Ministerpresident Pierre-Yves Jeholet, deen net domadder gerechent hat, datt eng zweet Well esou staark kéint zouschloen: „D‘Opflame vum Covid19 imposéiert eis op en Neits dës speziell Pouvoiren unzefroen. Et ass awer keng absolutt Muecht an et ass eng Demarche déi onbedéngt exzeptionell bleiwe muss“. Den Text baséiert gréisstendeels op deem vum 17. Mäerz.

Nei ass, datt d‘Moossnamen déi virgesi sinn, falls d‘Parlament net siegéiere kann, net méi an dësem Text zréckbehale goufen. Dat zweet: den Delai deen d‘Parlament huet, fir nodréiglech d‘Decisioune vun de spezielle Pouvoiren ze bestätegen, ass vu 6 op 9 Méint verlängert ginn. Dësen Text trëtt 24 Stonnen no senger Publikatioun a Kraaft. Eenzeg de PTB huet dergéint gestëmmt.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Ashkan Forouzani / unsplash

Related topics Belsch, Fleegepersonal, Frank Vandenbroucke, Gesondheetsminister, Primm
Next post Previous post