Search

You may also like

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?
Money Neiegkeeten

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?

Zënter 2001 setzt d’ALEPS (Associatioun Luxembourgeoise des Enseignants pour Professions

Sam Tanson iwwerhëlt kommissaresch de Justizministère
Money Neiegkeeten

Sam Tanson iwwerhëlt kommissaresch de Justizministère

Et ass keng einfach Aufgab an och nach eng Erausfuerderung:

E Buch esou wäertvoll wéi eis Ëmwelt
Money Neiegkeeten

E Buch esou wäertvoll wéi eis Ëmwelt

Mat „Auf Spurensuche“ ass um Mëttwoch am Haus vun der

money

„Lëtz Make Business“: Arabeschen Investmentfong kroopt sech Belval Plaza

„Lëtz Make Business“: Arabeschen Investmentfong kroopt sech Belval Plaza

Et war eng kuerz Meldung an vill Inhalt kann een dëser zouschreiwen. Et geet dobäi ëm de flotten Akafszenter am Escher Universitéitsquartier, dem Belval Plaza. En Akafszenter deen nach ëmmer no senger Clientèle sicht, firwat de Choix vu „Firce Capital“ eppes aner Ursaache muss hunn…

Belval Plaza huet ganz sécher Zukunftsperspektiven, woubäi dat net de sprangende Punkt dierft gewiescht sinn. Schonn haut bréngt den Opkaf vun enger Parkplaz all Joers eng Plus-value ëm ei 7% bis 9%. An eleng de Belval Plaza huet därer der 1.200 Stéck. D‘Verkafsfläch hu se mat 37.150 Quadratmeter uginn, an géif ee Potential vir 225.000 Clienten déi iwwer vill Kafkraaft verfügen.

Wou de President vu Firce Capital, Christophe Fournage d‘Zuel „29.000 Euro pro Persoun a Joer“ ervirgeholl ass net ersiichtlech, mee datt sech Belval entwéckelt stëmmt. Rezent sinn nees Gebaier bäikomm, datt heescht et gëtt och ëmmer méi Wunnraum. D‘Uni zitt och ëmmer méi Leit un, an d‘Rockhal wéi och de Kino, sinn ee flotte Publikumsmagnéit. Ee Wäertverloscht ass net ze fäerten.

Wéi vill Geld Firce Capital, déi am Besëtz vun der „Abu Dhabi Investment Authority“ ass, fir den Akafszenter bezuelt huet, ass geheim… Gewosst ass, datt d‘Transaktioun vu JLL Luxembourg, eng op den „Entreprisen-Immobilier“ spezialiséiert Societéit, arrangéiert ginn ass. Den Deal ass zustane komm nodeems den Direkter vu JLL. Romain Muller vu Firce Capital iwwerholl ginn ass.

Illustratioun: © Hunters Race / unsplash

Related topics Abu Dhabi Investment Authority, Belval Plaza, Firce Cpaital, JLL Luxembourg
Next post Previous post